Den Här Philippe Arino zu Lëtzebuerg: ën Homosexuellen géint d’Homo-„Bestietnis“!

Gëschter Owend wor an der Stad e ganz interessante Viirtrag vum Här Philippe Arino, ee bekannten Aktivist an der Bewegung „la manif pour tous“, déi sech exemplaresch géint d’Homo-Bestietnis a Frankräich engagéiert. Well de Viirtrag intelligent an interessant war, hunn ech selbstverständlech  net een (NET EEN!!!) Vertrieder vun der lëtzebuerger Press do gesinn. Déi schreift jo nëmme politesch Korrektes.

Den Här Arino jiddefalls huet mat vill Engagement säi Standpunkt presentéiert, ënner anerem och iwwer d’Homophobie. Hien huet kloer an däitlech gesot, dat de Virworf vun der Homophobie vun den Homo-Lobbyen virun allem benotzt gëtt, fir d’Géigner vun hire Fuerderungen ze discreditéieren: Zensur duerch psychologeschen Drock. Fir hien ass Homophobie ze gesinn, wann et e konkreten „Acte“  ass, wéi z.B. eng Agressioun, net awer am Beräich vun enger politescher Diskussioun iwwer d’Homo-Bestietnis. Säi Buch zu dem Thema (v. infra) nennt ën „Manuel pour lutter vraiment contre l’homophobie“.

Déi militant Homosexuellebewegungen reprochéieren dem Här Arino souguer selwer „homophob“ ze sinn. Bei him géng et sech ëm eng „homophobie intériorisée“ handelen, duerch déi hien sech géng selwer haassen. Den Androck huet den Här Arino awer net op mech gemaach. Bei sech selwer huet den Här Arino och kee sou e Phänomen diagnostizéiert. 

Hien huet och déi Meenung vertrueden, datt e Bestietnis nëmme Sënn bei der Verschiddenheet vun de Geschlechter gëtt, „gekréint duerch d’Léift“.

Ech recommandéieren hei gär dem Här Philippe Arino seng Bicher:

„L’homophobie en vérité“, Frédéric Aimard éditeur, ISBN: 979-10-92770-00-1

„L’homosexualité en vérité“, id., ISBN: 978-2-9536078-8-8.

Déi zwee Bicher hu gëschter jiddereent 10,50 Euro kascht. Si sinn allen zwee 95 Säiten laang.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert