D’Oekologie vum Mënsch – eng Ried déi een ëmmer nees soll kucken!

Den 22. o9. 2011 huet de Poopst Benedikt XVI am Däitsche Bundestag eng – ech geng bal soen wéi ëmmer – formidabel Ried gehal. Eng Ried, déi ee sech a regelméissegen Ofstänn sollt ëmmer nees ukucken well ëmmer nei an aner Aspekter besonnesch aktuell a wichteg sinn.   

De Poopst kritiséiert zum Beispill dat réngt positivistesch Versteesdemech vun der Natur. Souwisou ass sou eng Approche fir ze méngen, datt d’Wëssenschaft kéint d’Relioun oder d’Philosophie ersetzen eng mënschlech Hybris an eng däitlech Iwwerschätzung vun de Méiglechkeeten vun der Wëssenschaft, jo souguer eng Verkennung vun der Finalitéit an der Methoud vu naturwëssenschaftlechem Denken iwwerhaapt.

Wou lo bekannt gouf, datt d’Gambisten de Reliounsunterrecht aus de Schoulen eraus huelen, hat ech e puer Kommentaren – ech mengen et wor op RTL.lu – iwwerflunn. Do stoungen da sou Topechkeeten wéi: „Keng Zauberer méi an der Schoul“. Leit déi sou eppes schreiwen, verstinn weder vu Philosophie nach vu Wëssenschaft iergend eppes. Virun allem awer hunn si net verstaan datt Wëssenschaft net kann an net däerf Selbstzweck sinn, mee e moralesche Referenzpunkt brauch, genee sou wéi och eis Mënschebild. Déi Verherrlechung vun der Wëssenschaft mat gläichzäiteger Verleegnung vu reliéisem Denken wäert de Mënsch net op, mee et erniddregt ën. D’Schoul gëtt ëm eng Dimensioun méi aarm, eis Kanner kréien eng Méiglechkeet fir hir Entwécklung geklaut.

De Wäerteunterrecht, den d’Relioun soll „ersetzen“, geet alléng net duer. Dat wat do geléiert gëtt ass zwar net ganz falsch, meee dacks banal a virun allem liicht mutéierbar. Eng Gesellschaft diktéiert Wäerter dacks méi wéi si op Waerter berout. Och d’Diktaturen hunn sech op „Waerter“ bezunn – just op falscher. Fir richteg Waeerter vu falschen ze ënnerscheeden brauch een dat jüdesch-chrëschtlescht Mënschebild, dat vun der Dignitéit vum Mënsch – vun all Mënsch – dat op der Gläichbildlechkeet mat Gott berout.        

Dat wat dëss Regierung an hir atheistesch Klientel vun AHA, etc ënner Fräiheet verkafen ass de Géigendeel – ee Schrëtt méi a Richtung Ofschaafung vum Meenungspluralismus an eng Lassléisung vun eiser Gesellschaft vun hire wichtegste kulturelle Wuerzelen.

Ee Schrëtt méi an d’Dikatur.

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert