Eng komesch Formuléierung, Här Bettel!

Op RTL huet Dir gemengt, Dir géngt dem Grand-Duc déi Informatioune ginn vun denen Dir géngt mengen, datt de Grand-Duc och d’Recht hätt si ze kréien.

Hutt Dir vläicht scho vergiess, datt Dir amgaange sitt dem Groussherzog Seng Regierung ze forméieren an net Aer? Hutt de Groussherzog vu Lëtzebuerg vläicht an Aeren An net dat selbstverständlecht Recht ALLES gewuer ze ginn, wat am Zësummenhank mat der Regierungsformatioun geschitt?

Hutt Dir vläicht scho vergiess wen Iech zum Formateur ernannt huet? Här Bettel, déi éicht Flicht vun engem Minister, engem „Dénger“ (lat. ministrare) am richtege Sënn vum Wuert, ass d’Bescheidenheet!An Aer Flicht ass och nach d’Loyalitéit géintiwwer eisem Staatschef!

Eng Oktoberrevolutioun geet méi wéi duer, mir brauchen lo net och nach e Putsch.

http://replayaudio.newmedia.lu/2013/11/26/d2cfc428b106a12cf719fbf1ccf9dc7e.mp3

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert