Déi „politesch Korrektheet“ – eng Gefor fir d’Meenungsfräiheet!

Eis Gesellschaft gëtt ëmmer méi vun der Mentalitéit vun der politescher Korrekteet dominéiert. Sou eng Entwécklung kann ech nëmme ganz beschränkt akzeptéieren. Souwäit sech de Sproochgebrauch drunn orientéiert fir héiflech ze sinn a keen muttwëlles ze beleedegen, ass jo alles an der Rei. Dat ass net „politesch korrekt“ mee einfach nëmme manéierlech.

Mee d’Verdréinen vun objektive Wouerechten, den Zwank kee méi däerfen ze kritiséieren (ausser dene wäisse, kathoulesche Männer natierlech), an d’Nët-Soen-däerfen  vu ville Wouerechten ass fir mech op kee Fall akzeptabel. Genee sou mann wéi déi Manie vu verschiddene Lobbyen fir sech dauernd als „Affer“ ze gesinn oder sech „beleedegt“ ze fillen, soubal een se kritiséiert.

Déi däitsch „Gesellschaft fir déi däitsch Sprooch“ hat dat Wuert „Opfer-Abo“ zum „Unwort des Jahres“ declaréiert, grad sou als däerften e puer Leit eis erlaben wéi ee Wuert mir däerfe benotzen a wéi eent net. Ech fannen dee Begrëff vum „Affer-Abo“ souwuel witzeg wéi och zoutreffend.

An dem Artikel den ech haut hei publizéieren, ginn zu dem Thema e puer wonnerbar Beispiller bruecht. Wann e Kand net gezillt ass an sech behëllt wéi e Schwäin, da gëllt et haut als „verhaltensoriginell„. D’Feministinnen probéieren jo zënter Joeren déi ganz Schrëftsprooch ëmzeformen fir datt si hinne passt. Ech hoffen, datt dee Spuk riwwer ass, wa mol nees méi intelligent, also konservativ Parteien d’Soen an Europa hunn.  Enner dem Drock vun de Homosexuellelobbyen ginn de „Papp“ an d'“Mamm“ an eisem Code Civil duerch „Elter 1“ an „Elter 2“ ersat – eng Ligen géint déi mënschlech Natur. All Kritik um Islam an un der Scharia – a Gott wees (eisen, also dee richtegen, mol op jiddefall), datt et genuch Uersaache gëtt fir déi Relioun an de politeschen a juristesche System den ënner dem Begrëff „Islam“ subsuméiert gëtt ze kritiséieren.  Och eng Kritik um Islam loossen ech mir net verbidden.  

Genee sou mann wéi den Humor. Ech brauch keng staatlech oder journalistesch Kontrollinstanz fir iwwer d’Qualitéit oder d’Opportunitéit vun engem Witz ze jugéieren. Dat kann ech selwer. Et gëtt hei am Land Leit, déi e Witz wëllen mam Code Pénal bestrofen. Déi därfen sech lo scho freeën, jauchzen a frohlocken well „Selig sind die Armen im Geiste, denn ihrer ist das Reich der Himmel“. Häerzlech Felicitatiounen a gutt Rees! 

Loosse mer et kloer soen: de Kampf géint déi „politesch Korrektheet“ ass e Kampf fir eis Fräiheet: d’Fräiheet vun der Meenung, vun der Ried a vum Gewëssen. An zum Däiwel (well, jo, och dee gëtt et) mat denen, déi mengen si kéinten eis déi Fräiheete wech huelen!  

http://diepresse.com/home/meinung/gastkommentar/389289/Die-politische-Korrektheit-ist-politisch-nicht-korrekt

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Ein Kommentar zu Déi „politesch Korrektheet“ – eng Gefor fir d’Meenungsfräiheet!

  1. Arthur Feyder sagt:

    Wann d’Propheten vun der “ political correctness “ hir semantesch Représentatioune maachen, denken ech un dem Courteline säi Sproch: “ Passer pour un idiot aux yeux d’un imbécile est une volupté de fin gourmet „.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert