Solle mir d’Cargolux wierklech un den Henan ginn?

De Cargolux-Deal ass e komplizéierten Dossier vun dem ech iwwer den Detail net informéiert sinn. Also well ech och net vill doriwwer soen, ausser eppes: ech mengen mir sollten eis e Partner sichen den sou eppes wéi e funktionéierende Rechtsstaat huet.

Am Projet vum Vertrag den RTL publizéiert hat steet bei „Governing law and settlement of disputes“, datt dat chinesescht Gesetz gëllt. Ech hat geduecht, ech hätt net richteg gelies…..

http://news.rtl.lu/news/national/475769.html

Hei schéngt déi lëtzebuergesch Regierung ganz schlecht iwwer den Zoustand vun der Justiz a China, a besonnesch an der Provënz Henan, informéiert ze sinn.

Vläicht sollte mir mol just hei ee Beispill vun de Mënscherechter an där Regioun ginn, datt vun den HIV-Infizéierten. Eventuell liest jo den een oder aneren dësen Artikel den sech dann och mol freet ob d’Cargolux grad do juristesch gutt opgehuewen ass, wou et iwwerhaapt keng Onofhängegkeet vun der Justiz ass, wou d’Politik nach ëmmer arbiträr kann decidéieren a wou et keng Virstellung vun de Mënscherrechter gëtt. Wat hu mir do géintiwwer dem Qatar gewonnen?

D’Fro muss erlaabt sinn, ob d’Regierung sech bei dëse Verhandlungen genuch iwwer d’Zoustänn a China a speziell am Henan informéiert huet.

http://www.ntd.tv/en/news/china/20111130/67864-former-health-official-calls-for-henan-hiv-scandal-probe.html

 http://www.rfa.org/english/news/china/aids-08292012150012.html 

http://fr.wikipedia.org/wiki/Gao_Yaojie

http://www.telegraph.co.uk/news/worldnews/asia/china/9710656/Chinas-Aids-crisis-lingers-over-countrys-new-leaders.html

Niewent dem Zoustand vun der Justiz, schéngt et mir och sou ze sinn, datt d’Regierung relativ naiv ass wat d’Risiken beii der laangfristeger Entwécklung vun de Geschäftsmethouden an dësem Fall sinn.

Ech géng der Regierung roden, mol nach no anere Partner ze sichen, inclusiv a Russland.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert