Wat wëllen déi meeschte Fraen? Eng traditionell Famill!

Déi Dammen Feministinnen an hir männlech Schoussmippercher ignoréieren mat hire Gesellschaftsutopien d’Wënsch vun där grousser Majoritéit vun de Fraen. Dat ass mol dat – fir mech – net iwwerrraschend Resultat vun enger neier Etüd. D’Realitéit ass, datt vill Fraen sech wëllen ëm hir Famill këmmeren a vun de Männer erwaarden d’Famill ze erhalen. Sou wor et ëmmer, sou ass et richteg a a sou soll et och bleiwen. 

Dee Liewensentworf den de Frae vun de Feministinnen gepriedegt gëtt, nämlech den fir d’Männer ze imitéieren, hir Weiblechkeet ze verleegnen an eng sougenannte „Carrière“ ze maachen,  iwwerzeegt vill Fraen net (vill Männer souwisou och net).

Selbstverständlech gëtt et Fraen (a Männer) déi duerch d’Liewensëmstänn net kënnen no dem traditionelle Familljebild liewen, och wann si dat wéilten. Den Dout vun engem Partner,  eng Trennung oder Scheedung sinn do meeschtens d’Uersaachen.  Sou Situatiounen si natierlech ganz aanecht ze beuerteelen, wéi déi feministesch Propaganda.    

Jiddefalls ass et e Genoss sou Etüden ze liesen an et ass verdrësslech ze gesinn, datt all déi lénk Politiker net capabel sinn fir déi richteg Conclusiounen ze zéien.  Déi sinn: déi traditionell Famill konsequent ënnerstëtzen, de Mammen erméiglegen doheem ze bleiwen fir d’Kanner ze erzéien wann si dat wëllen, nees déi traditionell Rollebiller vermëttelen virun allem och an de Schoulbicher, keen Gender-Mainstreaming oder aner ideologesch Perversiounen an der Politik. A wéi gesot, déi déi alleng mat engem Kand sinn, aus denen genannten Uersaachen, verdéngen och gehollef ze kréien. De Referenzpunkt ass ëmmer den „intérêt supérieur de l’enfant“. 

Alles wat de Staat ka maachen fir d’Chancegläichheet ze garantéieren ass scho laang geschitt: d’Fraen a Männer hunn Zougank zu alle Studien, Ausbildungen a Beruffer. Aus der Beruffswiel vun de Mënschen, hire Liewensvirstellungen, hirer Privatsphär an hirem Familljeliewen soll de Staat sech raushalen. Seng Aufgab besteet doran déi traditionell Famill ze schützen a si ze ënnerstëtzen.  

http://www.spiegel.de/karriere/berufsleben/studie-rollenverstaendnis-heute-konservativer-als-in-den-neunzigern-a-935522.html

 http://www.faz.net/aktuell/wirtschaft/menschen-wirtschaft/studie-karriere-zaehlt-mehr-als-frau-und-kind-12679063.html

http://corporate.vorwerk.de/de/presse/presseinformationen/?detail=32597&parent=101&activeTab=2013

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Ein Kommentar zu Wat wëllen déi meeschte Fraen? Eng traditionell Famill!

  1. Jacques Guddebour sagt:

    Do verwiesselt Der awer komplett d’Uersaach an d’Wierkung, Här Kartheiser. Ech weess net, ob Dir nie mat Leit, déi an Däitschland wunnen, doriwwer riets huet, mee hei ass d’Situatioun:

    * et gett nach emmer eng Trennung a Frae-Beruffer an a Männer-Beruffer. Frae-Beruffer sinn oft manner gudd bezuelt.
    * Crechen sinn en réelle Problem. Wann een dann eng Creche fonnt huet, dann huet se oft Öffnungszäiten vun 8 bis halwer 5 oder sou – domatt léisst sech keng gaanz Tache schaffen.
    * Elterenzäit fir Männer ass an de Betrieber net gäer gesinn, a féiert derzou, dass d’Karriere oft en ordentleche Knacks kritt.

    All déi Facteuren (je no Situation déi eng méi staark an déi aner manner) féiren aus gréisstendeels economesche Grenn derzou, dass d’Leit zu engem Deel an der traditioneller Struktur stieche bleiwen, einfach well et ganz reell wirtschaftlech Nodeeler huet, do auszebriechen. Vergläicht emol d’Situatioun tescht Däitschland a Frankräich, wann et em déi Froen geet – ech sinn iwwerzeecht, do kritt Der komplett aner Äntwerten!

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert