Coplaning mecht de Géck mat eiser Kultur an der Relioun

Déi Firma Coplaning vu Jonglënster gehéiert zu denen déi Chrëschtdag, sou wéi mir et hei feieren, verspotten. Mat Ho! ho! ho! gëtt de Santa Claus imitéiert, dee weder eppes mam Kleeschen nach eppes mam Chrëschtkëndchen ze dinn huet.

Chrëschtdag ass eng Fënster op d’Erléisung an dat éiwegt Liewen – keng op de Gaard doheem. 

http://www.coplaning.lu/live/news.html

Ech erwaarde mir vun enger lëtzebuerger Firma e bëssche méi Respekt vir eise Brauchtum a fir de Glaawe vun de Mënschen déi Chrëschtdag nach eecht huelen. Coplaning huet selbstverständlech dat Recht sou Reklammen ze maachen wann si sech dovun e kommerziellen Erfolleg erwaarden, mee ech huele mir dat Recht raus dat ze kritiséieren. Dat nennt een ebe Meenungsfräiheet fir déi eng wéi fir déi aner!

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert