Déi zweet Konferenz vu Messina

Dëse Week-end hat ech déi grouss Chance bei där zweeter Konferenz vu Messina kënnen dobäi ze sinn. Bei där éichter, déi an dem selwechten Hotel an – souwäit ech weess – souguer an dem selwechte Sall wor an vum 1. bis zum 3. Juni 1955 gedauert hat, wor Lëtzebuerg nach duerch den  Här Bech vertrueden ginn.

http://de.wikipedia.org/wiki/Konferenz_von_Messina

Déi Kéier woren déi europäesch konservativ Parteien zësummen an ech hat déi grouss Eier fir d’ADR däerfen ze representéieren. Et louch dene briteschen, konservative Kolleegen um Häerz fir mat hiren europäesche Schwësterparteien eng Rei vu Méiglechkeeten a Szenarii ze diskutéieren, déi fir en eventuellen briteschen Austrëtt aus der EU géngen a Fro kommen.

Interessant wor och d’Präsenz vum Här Professer Antonio Martino, engem italieneschen Universitéitsprofesser a Politiker, dem säi Papp, den Här Gaetano Martino Italien bei där éichter Konferenz vu Messina vertrueden hat.

Säi Bouf, ën intellektuell brillanten Akademiker, den well och scho emeritéiert ass, gouf net midd aus dem Gediechtnis vu sengem Papp ze erzielen a festzestellen, datt déi Europäesch Unioun, sou wéi si sech entwéckelt huet, näicht méi mam Projet vun de „pères fondateurs“ ze dinn huet. Am Här Martino sengen An, an net nëmmen a séngen, huet d’EU de Geescht vu Messina verroden.

http://www.dailymail.co.uk/debate/article-2516676/Could-moment-tide-history-turned-EU.html

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert