„Nohalteg“ – alt nees e Konzept dat déi Gréng net erfonnt hunn!

Déi Gréng maache jo gär sou als hätten si de Naturschutz erfonnt a wéi wann et virun hinnen sou eppes guer net ginn hätt. De Begrëff „nohalteg“ droen séi dobäi als hir Monstranz virun sech hir.

En intellektuell Eegentum dorop hunn si awer glat a guer net, wëll de Begrëff „nohalteg“schonn vun engem Adelegen am fréien 18. Joerhonnert – sou wäit nopréifbar – erfonnt gouf:

http://science.orf.at/stories/1730944/

Déi Gréng woren an hirer Ufankszäit a sinn zum Deel bis haut virun allem dräi Saachen:

– eng „Friddensbewegung“ déi sech de facto als 5. Kolonn vun der Sowjetunioun constituéiert huet, also net de Fridden gefördert mä dem Feind aktiv gehollef huet;

– eng Pro-Ofdreiwungsbewegung déi sech also dem Embréngen vun ongebuerene Kanner verschriwwen huet a bis haut Milliounen vu Kanner um Gewëssen huet;

– eng Anti-Atombewegung déi den economeschen a wëssenschaftlechen Interessien vum Westen „nohalteg“ schued.

Wéi gutt, datt déi Gréng endlech an enger ganzer Rei vu Länner zréck ginn!

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert