D'“Revue“ an d’Auslännerwalrecht: d’Press géint d’Vollék!

Déi politesch lénk Zäitschrëft „Revue“ (01/2014) huet Problemer mam Souverän vun dësem Land – dem lëtzebuerger Vollék. De Leetartikler schéngt Angscht virum ugekënnegte Referendum iwwer d’Auslännerwalrecht ze hunn. D’Sondagen schéngen nämlech dropp hinzeweisen, datt eng Majoritéit vun de Lëtzebuerger géint d’Auslännerwalrecht ass. Also, mengt de Revue-Journalist, misst d’Regierung „noch eine Menge Aufklärungsarbeit leisten“.

Domat wëll d’Revue eigentlech soen, datt e Koup Steiergelder soll doran investéiert ginn fir d’Lëtzebuerger ëmzestëmmen. Datt am Kader vun engem fairen Referendum eigentlech déi zwou Säiten – Pro a Contra – déi selwecht Mëttelen fir eng Informatiounscampagne sollten zur Verfügung hunn fir jidderengem eng objektiv Meenungsbildung ze erméiglechen, dovun wëll d’Revue näicht wëssen. Si wënscht sech eng eesäiteg staatlech Propaganda. Eng Astellung déi sëcher net ontypesch fir déi souwisou staatlech gegängelt lëtzebuerger Press ass, a vläicht och eng Positioun déi kommerziell interesséiert ass. Grouss staatlech Annoncen bréngen nun eemol och Geld.

Vun engem Organ vun der Press – dem theoretesch véierte Pouvoir am Land  – geng ech mir jiddefalls eng kritesch Distanz vis-à-vis vun der Regirung wënschen a net den aarmséilege Ruff no massiver Staatspropaganda.

Interessant ass och, datt d’Revue gläich behaapt, datt all Argument géint d’Auslännerwalrecht entweder „populistesch“ ass, oder „emotional“, oder „polemesch“. An dat bei enger Diskussioun an där d’Géigner vum Auslännerwalrecht nëmmen dat vertrieden wat bal all Land op der Welt genee sou gesäit! Wen verdréint dann hei d“Wouerecht?

D’Auslännerwalrecht huet a Wierklechkeet zwee grouss Affekoten hei am Land: d’Géigner vun der Fonction Publique an déi, déi mengen datt si vun de Stëmmen vun den Auslänner kéinte majoritär profitéieren, also virun allem d’LSAP mat der Hëllef vum OGBL. An d’Revue ass  nun eemol e wichtegen Deel vun der LSAP-OGBL Presslandschaft. Si vertrëtt hei net d’Interessien vun hire Lieser, si informéiert net, mä si stellt sech an den Déngscht vum „parti ami“. Well mat engem „demokratischen Nachholbedarf“ huet d’Auslännerwalrecht näicht ze dinn, mat den egoisteschen Muechtusprëch vun enger LSAP awer emsou méi!

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert