Den Här Minister fir iwwerflësseg Kommitteeën a massiv Bürokratiséierung,

Etienne Schneider, huet grad decidéiert en « Haut-Comité dédié à l’industrie » zë grënnen. Den Héige Kommittee fir d’Industrie kann thematesch Aarbechtsgruppe forméieren an e kann déifsënneg  iwwer Froen nodenken déi en selwer definéiert . De Kommittee besteet aus zwee Ministeren a Vertrieder vun der Industrie, déi no hirer Kompetenz an Erfahrung erausgesicht ginn.  De Regierungsrot, ënnert der Presidentschaft vum Här Premierminister, den déi administrativ Vereinfachung schonn joerelaang als Chefsaach bedreift – wéi mir all wëssen mat enormem  Erfolleg – wor domat averstanen.

Ass dat net schéin ? Amplaatz d’Problemer vun der Industrie ze léisen, maache mir elo sou als misste mir se nach entdecken. Mir hunn an der FEDIL all Expertis déi mir an dem do Beräich brauchen an mir kënnen d’Informatiounen vum Patronat duerch d’Meenung vun de Gewerkschaften nach kompletéieren.  Mä an engem Land wou de Sozialdialog net méi funktionnéiert, mat enger Regierung déi d’Verantwortung scheit a  keng Decisiounen kann huelen, do mussen eben Kommissiounen an Enner-Kommissiounen an d’Liewen geruff ginn fir sou ze maachen als geng nach eppes geschéien.

Mir brauchen awer keng nei Gremien a keng nei Pabeieren! Wat mir brauchen  sinn verantwortungsbewosst Leit déi kënnen Decisiounen huelen fir eist Land virun ze bréngen, an wann et muss sinn och där schwéierer! Wéi et schéngt, fënnt en där awer an eiser Regierung keng.  Da brauche mir ebe séier nach en neie Gremium, vläicht en « Haut- Comité dédié à la gouvernance »?

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert