Op d’mannst zwee rezent Geriichtsuerteeler iwwer d’Rechter vun denen homosexuelle Koppelen am Beräich vun der Adoptioun vu Kanner hunn, niewent hiren direkten Implikatiounen op d’Familljerecht, och Konsequenzen op d’Debatt vun der Roll vun engem Riichter géintiwwer dem Législateur. Konkret geet et ëm d’Uerteeler vum däitschen Verfaassungsgeriicht iwwer d’Sukzessivadoptiounen an ëm dat vum Europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter an der Fro vu Stéifkandadoptiounen an Eisterräich.
http://www.bundesverfassungsgericht.de/entscheidungen/ls20130219_1bvl000111.html
http://hudoc.echr.coe.int/sites/fra-press/pages/search.aspx?i=003-4264499-5083126
Prinzipiell, sou behaapten ech jiddefalls, ass de Wëllen vum Législateur déi wichtegst Quell vum positive Recht. En demokratesch gewielte Parlament ass déi legitiméiert Autoritéit där hir Missioun et ass fir Gesetzer am Déngscht vun der Allgeméngheet ze decidéieren. Hei klameren ech d’Diskussioun ëm de Stellewäert vum Naturrecht aus, dat ech awer perséinlech als philosophesch Rechtsquell ganz uewe setzen. D’Naturrecht ass e Garant géint ethesch Verierungen vum Législateur.
De Riichter applizéiert an ën interpretéiert d’Gesetz, awer wann-ech-gelift am Sënn vum Législateur! De Riichter ass keen „jurislateur“, hien ass keen Konkurrent vum Parlament, an seng Interpretatiounen därfen de Sënn vum Gesetz net verdréinen. Fir als Warnung dem Jean Carbonnier säin Ausdrock ze iwwerhuelen: „L’interprétation est la forme intellectuelle de la désobéissance ». Sou wäit därf et net kommen.
Besonnesch kontrovers gesellschaftspolitesch oder moralesch Froen, wéi zum Beispill déi vun de Rechter vun homosexuelle Koppelen, mussen um Niveau vun der ëffentlecher Diskussioun geklärt ginn. D’Decisiounen sinn mat der Autoritéit an ënner der Verantwortung vu gewielte Leit ze huelen. Politesch Froen gehéieren an déi politesch Sphär. D’Parteien mussen d’Méiglechkeet hunn fir an engem oppenen Konkurrenzkampf Majoritéiten fir hir gesellschaftspolitesch Viirstellungen ze kréien.
Dat verschidde Geriichter well Pouvoiren hunn, déi och mol vläicht keen hinnen bei hirer Grënnung wollt ginn, dat huet eng Rei vun Uersaachen. Mir sinn zu enger Gesellschaft vun Affekoten ginn an mir kruten eng Mentalitéit vum „tout-judiciaire“. Wéi wäit déi Entwécklung nach dem Sënn an dem Wiesen vun engem Rechtsstat entsprecht, dat ass sécher eng interessant Fro.
D’Politik selwer huet och heiansdo probéiert fir sech hirer Verantwortung ze entzéien an dem si léiwer e puer quokeleg Decisiounen de Riichter iwwerlooss huet. Dat dat muss dozou féieren, dat et zu Kompetenz- an Autoritéisverlagerungen zu Gonschten vum drëtte Pouvoir kënnt, dat ass normal. De Riichter kann een do kee Viirworf maachen. Der Politik awer sëcher!
Mä trotzdem wëll ech probéieren de Riichter dräi Rotschléi ze ginn – mir als Politiker kréien der jo och genuch.
D’Riichter kënnen net hir eege Meenung iwwer den demokratesche Prozess erhiewen. Hir Interventioun muss am Kader vun der Interpretatioun vum Gesetz bleiwen an si därf sech net iwwer de Sënn vum Gesetz wechsetzen. Do wou et méiglech ass kann eng konkordant oder net-konkordant Uerteelsbegrënnung zu enger Klärung bäidroen. Wann e Riichter awer mengt misse Politik ze maachen, wat säi gutt Recht ass, da muss en oppen an d’Politik goen. Wann hien wëll eege Meenungen publizéieren déi iwwer d’Interpretatioun vum Gesetz an engem bestëmmte Fall rausginn, wat als intellektuell oder wëssenschaftlech Aktivitéit ëmmer ze begréissen ass, da soll hien Bicher schreiwen a Virträg halen.
D’Riichter därfen sech net – wëllentlech oder onwëllentlech – duerch Lobbyen instrumentaliséiere loossen. Iwwer déi „Expertisen“ déi dem däitsche Geriicht virgeluegt goufen hunn ech schon op dësem Blog geschriwwen, an déi eesäiteg an onkritesch Rezeptioun vun denen „Expertisen“ hunn ech bedauert. D’Beméien ëm Objektivitéit gehéiert zu där elementarer Deontologie vum Riichter. Den EuGH fir Mënscherechter huet sech, menger Meenung no, net un dee Grondprinzip gehalen. Hei ass d’Lëscht vun den „Expertisen“ ob déi hien säin Uerteel mat baséiert huet:
„Conformément à l’article 36 de la Convention, le président de la Grande Chambre a
autorisé les organisations et institutions suivantes à intervenir en qualité de tierces
parties dans la procédure écrite :
– conjointement, la Fédération internationale des ligues des Droits de l’Homme (FIDH), la
Commission internationale de juristes (CIJ), la branche européenne de l’International
Lesbian, Gay, Bisexual, Trans and Intersex Association (ILGA-Europe), la British
Association for Adoption and Fostering (BAAF), le Network of European LGBT Families
Associations (NELFA), et l’European Commission on Sexual Orientation Law (ECSOL) ;
– le Centre européen pour le droit et la justice (ECLJ) ;
– le procureur général d’Irlande du Nord ;
– Amnesty International (AI) ;
– Alliance Defending Freedom.”
Alléng d’Analys vun denen Contributiounen wär en eegenen Artikel wäert.
An drëttens, de Riichter därf de Prestige vun der Justiz net mëssbrauchen fir eege politesch Meenungen ze favoriséieren.
An der Diskussioun ëm d’Verfaasssungsreform hei zu Lëtzebuerg, probéieren ech jidddefalls aus där do Diskussioun meng Léieren ze zéien.