Haut de Mëtteg huet d’Madame Reding d’Chancegläichheetskommissioun vun der Chamber besicht fir besonnesch iwwer d’Fraequot an den Verwaltungsréit vun den boursenotéierten Entreprisen ze schwätzen. Perséinlech sinn ech strikt géint sou Quoten. D’Entreprisen sollen vu qualifizéierte Leit geféiert ginn, an net vu Quotengnoden. Vill Fraen soen mat Recht, dat Quoten d’Fraen diskriminéieren. D’Quoten ginn no baussen virun allem ee Signal, an dat ass dat vun der staatlech imposéierter Inkompetenz. Wéi et bannen bei denen Betraffenen ausgesäit, wees ech net. Ech hätt jiddefalls sou vill Eiergefill, dat ech keen Posten geng akzeptéieren den ech nëmmen duerch eng Geschlechterquot geng kréien.
Op d’Diskussioun selwer wëll ech am Abléck nach net agoen. Alles wat statistesch Verdréiungen, manipulativ Ennerstellungen an sozio-psychologesch Véierelswouerechten kënnen argumentativ hirginn gehéiert zum Standardrépertoire vun der Europäescher Kommissioun. D’Quotendiskussioun ass eng vu mengen Lieblingsthematiken an ech kommen op jiddefall op de Fong vun der Saach zréck.
Mä d’Quoten sinn net alléng dat wat mir Suergen mecht wann ech der Madame Reding nolauschteren. Mech stéiert op d’mannst genee sou vill, déi iwwergrouss Muecht vun der Europäescher Kommissisoun an déi Arroganz mat där d’Memberen vun der Kommissioun mengen optrieden ze därfen.
D’Madame Reding seet « ech (!) maachen e Gesetz », wann si vun enger Direktiv vum Europäesche Parlament a vum Conseil schwätzt. Si därf natierlech eng Direktiv proposéieren, dat ass wouer, mä Anerer decidéieren. D’Madame Reding seet bis den Abrël 2014 « hunn ech (!) nach e Parlament » wann si sech drop bezitt, dat d’Europaparlament sech virun denen nächsten Europawahlen opléist. Wéi soen eis englesch Frënn, secher dacks och mat Bléck op Bréissel: « When it comes to modesty, nobody equals me ».
D’Kommissioun zitt d’Argumenter fir Fraequoten mat den Hoer erbäi. Et wär eng « Distorsioun am Bannemaart » wann et keng europäesch Fraequoten geng ginn. Als eurokritesche Mënsch weisen ech drop hin, dat mat dem Bannemaartsargument schonn all Méigleches vu Bréissel verlaangt an leider och duerchgesat gouf.
Fir mech ass keen Zweifel, dat eng ganz Rei vu Kompetenzen, wann net déi meescht, vun der EU mussen zréck un d’Nationalstaten goen, an dat honnerten vun europäeschen Rechtsakten ouni Problem nees kënnen ofgeschaaft ginn – desto éichter, desto besser, desto méi, desto léiwer. Wen der Madame Reding nolauschtert, den wees an den spiert, dat Europa eng Gefor net nëmmen fir eis Souveränitéit ass, mä ëmmer méi och fir eis Fräiheet. Mir brauche vill manner Europa a nes vill méi Nationalstat.
D’Madame Reding sot nach eppes aanecht, wat genee weist, wat d’Europäesch Kommssioun mengt sech alles därfen erauszehuelen: si sot, si geng « gesellschaftsverännerend virgoen ». Eis Gesellschaft veränneren kann awer net d’Aufgab vun enger Bréisseler Bürokratie sinn – eis Gesellschaft ännere mir, mir Lëtzebuerger Bierger, sou wéi mir wëllen oder och iwwerhaapt net. Näicht ass am Prinzip falsch drunn, wa mir wëlle sou bleiwen wéi mir sinn!
No dem Gespréich vun haut de Mëtteg sinn ech nach e Stéck méi wäit vun Europa wech geréckelt. Léif Leit, sot et wann-ech-gelift virun, mir brauche manner Europa a nes méi Lëtzebuerg!