D’Ennerscheeder tëschent ADR an CSV

An der Lescht gëtt jo nawell vill iwwer eng méiglech Koalitioun tëschent der CSV an der ADR geschwat. Obschonns déi Iddi nach relativ nei ass, génge schon – no Sondagen (wat déi och ëmmer wäert sinn) – eng 31% vun de Leit déi Iddi gutt fannen.

Dowéinst fannen ech et mol interessant, summaresch en Iwwerbléck iwwer e puer Gemeinsamkeeten mee virun allem och Ennerscheeder tëschent denen zwou Parteien ze ginn. Dësst ass awer meng reng perséinlech Analys a bënnt op kee Fall meng Partei. Sollt ech mech an den CSV-Positiounen ieren, entschëllegen ech mech a si gär bereet dat ze corrigéieren.

  1. Nationalitéigesetz/Integratioun

D’ADR ass fir héig Critèren bei der lëtzebuerger Sprooch a fir eng volontaristesch Integratiounspolitik, fir dat och mar nach déi lëtzebuergesch Gesellschaft solidaresch kann op der Basis vun eiser Nationalsprooch bestoen. D’ADR wëll Lëtzebuergeschkenntnisser op verschiddene Plaaze virschreiwen, elo mol besonnesch am Gesondheetswiesen.

D’CSV huet zësumme mat Gambia d’Sproochecritèren beim Nationalitéitegesetz erof gesat an huet iwwer déi lescht Joerzéngten keng systematesch Integratiounspolitik bedriwwen. An der Realitéit ass d’CSV also fir eng Multi-Kulti-Gesellschaft.

  1. Migranten

D’ADR ass human awer och restriktiv am Respekt vum internationale Recht. Si gëtt denen Asyl déi no de Konventiounen vun 1951 Asyl zëgutt hunn. All déi aner mussen esou séier wéi méiglech zréck an hir Heemechtslänner, soubal do d’Critèren vun der Sëcherheet a vernënftegem Mooss erfëllt sinn. Illegal Wirtschaftsmigranten däerfen iwwerhaapt net an Europa eran. Déi Leit déi hei sinn, mussen sech un eis Gesetzer halen, eis Wäerter respektéieren a Lëtzebuergesch léieren.

D’CSV ass op der Merkel-Juncker-Asselborn-Linn. Si dréit all EU-Decisiounen mat, wëll Quoten fir d’Verdeelung vun de Migranten an Europa, etc.. Si stellt sech zwar Froen, traut sech awer net fir op d‘ADR – Linn eriwwer ze kommen.

3. Tierkei an der EU

D’ADR ass géint eng tierkesch Memberschaft an der EU, d‘ CSV ass prinzipiell dofir. Fir d’ADR brauch et dowéinst keng Bäitrëttsverhandlungen mat der Tierkei, d’CSV nennt déi Verhandlungen a leschter Zäit méi virsiichteg „ergebnisoffen“, wat dat och ëmmer soll heeschen.

4. Israel- „Palästina“

D’ADR ass fir eng Zweestaateléisung. Eng Unerkennung vun engem „palästinenseche Staat“ kënnt nëmmen am Kader vun enger Friddensregelung a Fro, wa“Palästina“ och an der Realitéit d’Critèren vun enger Staatlechkeet erfëllt an d’Existenzrecht vun Israel unerkennt.

D’CSV ka sech eng Unerkennung vu „Palästina“ scho virun enger Friddenregelung virstellen.

5. EU

D’ADR ass fir en Europa vun de Natiounen an dem all Memberstaat seng Souveränitéit a seng Identitéit behällt. D’CSV ass fir en europäesche Federalstaat.

6. Fraequoten

D’ADR ass dogéint, d’CSV dofir.

7. Reliounsunterrecht

D’ADR seet jo zum Choix an ass fir e Reliounsunterrecht an de Primärschoulen an an de Lycéën. D’CSV wëll e Reliounsunterrecht nëmme nach an de Primärschoulen.

8. Homo-„Bestietnis

D’ADR ass dogéint ,wéinst de Rechter vun de Kanner an all dene negative Konsequenzen, besonnesch am Beräich vun der Fortpflanzungsethik (PMA, GPA) an der Filiatioun.

D’CSV ass dofir.

9. Ofdreiwung

D’ADR ass fir de Schutz vum Liewen a fir eng Indikatiounsléisung.

D’CSV huet d’Fristeléisung am Prinzip matgedroen, ass awer majoritär fir eng zweet obligatoresch Consultatioun.

10.Euthanasie

D’ADR ass dogéint a fir den Ausbau vun der Palliativmedizin.

D’CSV huet an der Tëschenzäit d’Euthanasie akzeptéiert a wëll souguer d’Palliativ-Medizin an d’Euthanasie (zwou grondverschidde Saachen) an engem eenzege Gesetz zësumme faassen.

11. Trennung vu Kierch a Staat

D’ADR wëll d’Kierchen iwwer den italienesche System finanzéieren – jiddereen däerf selwer decidéieren wéi eng Kierch oder, alternativ, karitativ Organisatioun hie wëll mat senge Steiere finanzéieren. Dobäi muss awer de Fonctionnement vun de Kierche garantéiert bleiwen.

D’CSV ass fir staatlech Conventiounen.

12. Schoulpolitik

D’ADR ass ëmmer méi fir e Système den op Leeschtung setzt an op de Mérite vum Schüler. Si ass géint Kompensatioun a géint de Kompetenzunterrecht, mee fir e Bildungsunterrecht op méiglechst héigem Niveau. D’Handwierk muss onbedéngt revaloriséiert ginn. D’ADR ass géint Franséich an de Crèchen an de Strukture fir kleng Kanner a besteet op Lëtzebuergesch.

D’CSV huet joerelaang zum „nivellement vers le bas“ aktiv bäigedroen.

13. Effentlech Finanzen

D’ADR ass dofir datt de Staat seng Scholde bezillt an datt de Budget vum Zentralstaat muss ouni Scholden am Gläichgewiicht sinn. Si ass dofir, datt Lëtzebuerg seng voll Souveränitéit iwwer säi Budget behällt.

D’CSV huet selwer zur Verschëldung vum Land vill bäigedroen – allerdengs zum Deel och an enger schwéierer Kris. D’CSV ass awer och där Meenung datt Europa soll de Budget vun de Memberen an der Euro-Zon kënne kontrolléieren.

14. Justiz

D’ADR ass fir den Ausbau vum Verfassungsgeriicht. All Institutioun an all Bierger soll kënnen dem Verfassungsgeriicht eng Fro stellen.

D’CSV wëll dat Geriicht ofschafen an duerch eng – nach zimlech ondeterminéiert – „Cour suprême“ ersetzen.

15. Entwécklungshëllef

D’ADR ass fir eng generéis humanitär Hëllef, well awer déi eigentlech Entwécklungshëllef op 0,7% vum BNA beschränken an den Entwécklungslänner prioritär duerch fairen Handel an wirtschaftlech Investitiounen hëllefen.

D’CSV ass fir déi klassesch Entwécklungshëllef bei op d’mannst 1% vum BNA.

16. Transportpolitik

D’ADR ass dofir datt d’CFL-Zich kënnen ënner der Stad weiderfueren an dat ënnerierdech Gare gebaut ginn, nom RER-Modell am Ausland.

D’CSV ass fir den Tram.

17. Nei Verfaassung

D’ADR gesäit de Gambia-CSV Entworf fir eng nei Verfaassung äusserst skeptesch. D’ADR wëll d’Monarchie net schwächen, an eis souverän Rechter och net definitiv un d’EU oftrieden. D’ADR ass dofir dat Lëtzebuergesch als nationalsprooch an d’Constitutioun kënnt. D’ADR besttet drop dat all eventuell nei Verfassung nëmme kann iwwer Referendum akzeptéiert ginn.

D’CSV huet zësumme mat Gambia eng nei Constitutioun ausgeschafft, déi souguer dem Homo-„Bestietnis“ geng Verfassungsrang ginn.

 18. Direkt Demokratie

D’ADR ass dofir Referenden op „initiative populaire“ op nationalem Niveau ze erméglechen a ganz allgemeng de Leit méi Méiglechkeeten ze ginn fir iwwer Referenden Decisiounen ze huelen.

D’CSV ass do éichter retizent.

19. Sozialpolitik

D’ADR huet eege Propositiounen fir eng Pensiounsreform virgeschloen a bekennt sech och grondsätzlech zum Index, och wann de „Selwerufeierungseffekt“ vläicht misst iwwerduecht ginn.

D’CSV huet déi lescht Pensiounsreform mat ze veräntwerten an huet den Index schonn dacks manipuléiert.

20. Staat a Steieren

D’ADR ass fir e schlanke Staat den sech esou wäit wéi méiglech  op  seng Kärfunktiounen konzentréiert. D’Fonction publique muss lëtzebuergesch bleiwen a lëtzebuergesch schwätzen. D’ADR ass prinzipiell géint Steiererhéigungen a fir eng gutt a spuersam Gestioun vun de Finanzen.

D’CSV huet de Staat mat alle méiglechen, dacks iwwerflëssegen Organismen opgeblosen.

———————————————————————————————————

Dëss Lëscht wäert ech an Zukunft bestëmmt nach ausbauen a präziséieren.

Et gëtt awer och vill Punkten wou d’ADR an d’CSV kéinte relativ liicht eng Eenegung fannen, och wann d’ADR do am Allgemengen méi héig Fuerderunge stellt wéi d’CSV.

1          Verdeedegungspolitik a Sëcherheet

2          Familljepolitik (d’ADR ass fir en Elteregeld fir déi, déi hir Kanner wëlle selwer erzéien)

3.        Finanzplaz an Economie

4.        Landwirtschaft a Wäibau

5.        Kultur

 

Voilà… wéi gesot, dat hei ass mol eng reng perséinlech Analys, déi keen engagéiert ausser mech selwer.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

2 Kommentare zu D’Ennerscheeder tëschent ADR an CSV

  1. Pingback: CSV oder ADR? « L for Liberty

  2. Eng ganz gutt an ausféierlech Analyse mat och gutt Ideen vun der ADR. 🙂
    Allerdéngs kann ech mir virstellen, dass vill Leit net wössen (ënner anerem ech och), wat heimat gemengt ass:
    8) PMA, GPA an Filiatioun.
    9) Indikatiounsléisung.
    14) „Cour suprême“

    19) Selwerufeierungseffekt

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert