Ech war et net – mä ech wor awer an den 80er Joeren Offizéier vun der Arméi an hunn nach e puer Erënnerungen un déi Zäit.
Haut stoung am „tageblatt“ eng Affekotin vun der Verdeedegung hätt op „rietsextrem Tendenzen“ an der Gendarmerie an an der Arméi an den Zäiten vum Kale Krich opmierksam gemaach. Et steet mir net zou mech an de Prozess anzemëschen – dat maachen ech och net – mä ech wéilt awer och net roueg sinn, wann et ëm d’Eier vun eiser Arméi oder einfach ëm historesch Fakten geet.
Als Offizéier hunn ech ni iergend eng rietsextrem Tendenz an eiser Arméi gesinn, erlieft oder och nëmmen dovun héieren. Iwwregens och net an där Zäit wou ech op der „Ecole Royale Militaire“ zu Bréissel wor. Am Géigendeel, ech hat ëmmer den Androck dat de Corps vun den Offizéier fest zu eiser Demokratie stoung an decidéiert wor, mat alle militäresche Mëttelen, och wann mir Lëtzebuerger der vläicht ni vill haten, eis Heemecht an eis Fräiheet géint eng méiglech Invasioun vun den Truppen vum Warschauer Pakt ze verdeedegen.
Deemools hunn all politesch Parteien – mat Ausnam natierlech vun de Kommunisten, e puer méi lénken Sozialisten an dene Gréngen – d‘Verdeedegungsstrategie vun der NATO am Prinzip ënnerstëtzt. Et goufen mol punktuell lieweg Diskussiounen iwwer eenzel Moosnamen, wéi zum Beispill d’Stationéierung vu bestëmmte nuklear bestéckte Missilen op mëtteleuropäeschem Territoire – mä am Groussen a Ganzen wor d’Politik sech eens.
Besonnesch am Ufank an an der Mëtt vun der 80er Joeren hunn vill Leit – an wahrscheinlech och vill Offizéier – geduecht, dat mir engem Krich ganz no wieren. Mir lëtzebuerger Offizéier wollten eist Land an eis Alliéiert zësummen mat de Kolleegen vun dene aneren NATO-Länner verdeedegen. No der sowjetescher Invasioun am Afghanistan hu mir een vun de Paroxysmen vum Kale Krich erlieft. Och ech wor iwwerzeegt, dat de Krichsrisiko ganz héig wär, trotz der nuklearer Dissuasioun.
An der Konkurrenz vun de Systemer wor déi westlech Fräiheet dat waertvollst Gutt, dat mir wollten verdeedegen. Mir wore fräi Mënschen, d’Leit am Ostblock wollten et ginn. Wéi nom Kale Krich eendeiteg konnt bewise ginn, goufen am Warschauer Pakt konkret Pläng fir ën Ugrëff géint eis gemaach. Dovun wore mir awer och ëmmer schonn iwwerzeegt. Déi militäresch Opstellung vum Warschauer Pakt huet eng kloer Sprooch geschwat. Och de Risiko fir als Westen militäresch bannent e puer Deeg iwwerrrannt ze ginn wor héich.
Ennert dene Conditiounen halen ech et och fir militäresch vollkommen normal, dat een geheim Viirbereedungen trëfft fir am Fall vun enger Okkupatioun duerch feindlech Truppen kënnen Widderstand ze leeschten. Aus denen schrecklechen Erfahrungen aus dem Zweete Weltkrich hu missen Léieren gezunn ginn. Iwwer d’Opstellung vu „Stay behind“ wees ech perséinlech näicht, mä ech denken dat een am viraus organiséierte Widderstand enger propperer, militärescher Logik entsprëcht, an dat een do absolut net muss u konspirativ oder souguer rietsextrem Mechanismen denken fir eng Interpretatioun vun sou Moossnamen kënnen unzebidden. Dat gëllt selbstverständlech och fir militäresch Manöveren an denen Guerillaoperatiounen hannert feindleche Linnen a Sabotageoperatiounen trainéiert gi sinn. Ech kann mir och net virstellen, dat d’Viirbereedung vun Widderstandsoptiounen an de NATO-Staten ouni de politeschen Accord vun de Regierungen ageleed gi wär.
Als chef de cabinet vum Ministe de la Force Publique (Emile Krieps) vun 1980 bis zu de Walen 1984 schleessen ech mech der Meenung vum Här Kartheiser un. Et ass falsch de Wellen zur organiseerter Resistenz als rietsextrem ze katalogiseeren. Dat ass entweder schlechte Wellen oder et get een zou, dee Zait net erliewt oder net kannt ze hun, mais da soll een och net esou pauschal driwer jugeeren.
claude a. hemmer