D’Zeitung « Le Quotidien » hat de 26. Februar eng Rei vun Artikelen publizéiert, déi sech mat dene Problemer befaassen, déi déi Leit hunn, déi aus engem „accouchement sous X“ stamen. Zu Lëtzebuerg gëtt et déi legal Méiglechkeet vun enger anonymer Gebuert zënter 1975, déi awer sou streng geregelt ass, dat d’Kanner keen Usproch drop hunn fir spéider an hirem Liewen d’Identitéit vun hiren Elteren – oder jiddefalls mol déi vun hirer Mamm – gewuer ze ginn. Well et keng offiziell Regëster gëtt, hun d’Kanner niewent dem felenden Rechtsusproch och dacks mol keng praktesch Méiglechkeet méi fir nach eppes iwwer hir Originen gewuer ze ginn.
De „Quotidien“ huet mat där Initiativ secher eppes Guddes an eppes Wichteges gemaach. D’Politik sollt sech mol op e Neits mat där do Problematik befaassen. Et geet mir ganz sëcher net drëm, den Prinzip vun der anonymer Gebuert wëlle schlecht ze maachen. Eng anonym Gebuert ass vill besser wéi eng Ofdreiwung. Trotzdem muss een nei iwwer d’Modalitéiten nodenken.
Déi Leit déi an denen Artikelen zu Wuert kommen, wëllen hir Geschicht kennen („Je veux connaître mon histoire“, „Je suis juste … curieuse. Je voudrais voir ces parents à qui je ressemble“). Dat si reel psychologesch Situatiounen oder Problemer vu Leit déi bei gudden Adoptivelteren opgewuess sinn. Si sichen hir Originen an hir Identitéit.
De Bezuch zum Homo-„Bestietnis“ läit op der Hand. Och wann am Abléck hei am Land just vun der Méiglechkeet vun enger „adoption simple“ an dem Kontext geschwat gëtt, an net vun enger „adoption plénière“, dann ass dat just nëmmen fir d’Leit nach méi roueg ze halen. Eichtens denkt d’Regirung scho méi laang doriwwer no, fir den Ennerscheed tëschent der „adoption simple“ an der „adoption plénïère“ ofzeschafen. Sou en Ennerscheed gëtt et och lo schon a ville Länner net. An zweetens, wann déi homosexuell Koppelen lo net dat Recht op eng „adoption plénière“ am Gesetz kriiten, dann ass et just eng Fro vun der Zäit bis iergend e Geriicht hinnen et awer gëtt fir hirer supposéierter „Diskriminatioun“ en Enn ze maachen. D’“adoption plénière“ fir déi homosexuell Koppelen kënnt sou secher wéi d’Amen am Gebiet, egal wat d’CSV de Leit lo erzielt.
A wéi schlëmm muss d’Situatioun eréicht fir verschiddener vun dene Kanner ginn, déi hir richteg, heterosexuell Elteren net kennen an déi och nach bei enger homosexueller Koppel opgewuess sinn? Dat sinn gläich zwou grouss, potentiell Belaaschtungen déi mir de Kanner an eiser moderner Gesellschaft zoumudden! D’Homosexuellelobby an hir Hëllefstruppen hunn et faerdeg bruecht, dat vill Leit haut nëmmem méi vum „Recht op e Kand“ (oder enger Famill) schwätzen, amplaatz dem Wuel an de Rechter vum Kand ëmmer déi alleréicht Prioritéit ze ginn.
Ofschléissend wëll ech nach zwee Artikelen aus der Kannerrechtskonventioun zitéieren, déi och, luewenswäerterweis, am „Quotidien“ ernimmt goufen. Och wann si sou formuléiert sinn, dat se net direkt textuell géint d’Homo-Bestietnis kënnen invoquéiert ginn, sou ass dat, menger modester Meenung no, vun hirem Sënn hir awer absolut méiglech.
Convention internationale des Droits de l’enfant
Artikel 7:
« 1 l L’enfant est enregistré aussitôt sa naissance et a dès celle-ci le droit à un nom, le droit d’acquérir une nationalité et, dans la mesure du possible, le droit de connaître ses parents et d’être élevé par eux. (..)»
Artikel 8:
« 1 l Les États parties s’engagent à respecter le droit de l’enfant de préserver son identité, y compris sa nationalité, son nom et ses relations familiales tels qu’ils sont reconnus par loi, sans ingérence illégale.
2 l Si un enfant est illégalement privé des éléments constitutifs de son identité ou de certains d’entre eux, les États parties doivent lui accorder une assistance et une protection appropriées, pour que son identité soit rétablie aussi rapidement que possible. »