Girls‘ Day. Boys‘ Day, Nonsense Day!

Gläich dräi Ministeren haten sech dësst Joer zësummefonnt fir d’Editioun 2013 vum „Girls’ Day“, respektiv vum „Boys’ Day“ ze presentéieren. D’Meedercher, respektiv d’Jongen, tëschent 12 an 20 Joer sollen den Dag mat, fir hiert respektivt Geschlecht, “atypeschen“ Beruffer familiariséiert ginn. D’Hoffnung ass, dat si doduerch an hirer Beruffswal beaflosst ginn, a net e Beruff wielen den dën  „traditionnellen, stereotypen Rollemoddeller“ entsprëcht, wéi sech déi feministech Milieuën an där Saach gär ausdrécken.

De Konzept selwer vun dem Dag baséiert op e puer Viirstellungen aus där sougenannter „Gender-Theorie“. Déi behaapt jo, dat et keng biologesch, mä nëmmen e sozial konstruéiert Geschlecht gëtt. Wann e Jong also en typeschen Jongeberuff wielt, oder e Meedchen en typesche Meederchersberuff, dann ass dat net onbedéngt e Resultat vun hierem perséinlechen oder natierlechem Interessi un dem Beruff, mä vun hierer Sozialiséierung a Konditionnéierung duerch hiert sozialt Emfeld.

Am Prinzip, sou postuléiert d’Gender-Theorie, gëtt et aus der Natur, also der Biologie vum Mënsch hier, keng spezifesch Geschlechterpräferenzen fir déi eng oder déi aner Aktivitéit. De biologesche Faktor wär irrelevant, sou mengen d’Gendertheorie-Vertrieder,  alléng zielen geng déi  sozial Formbarkeet vum Mënsch, déi prinzipiell onbeschränkt variabel ass.

D’Resultater vum Girls’/Boys’ Day aus denen vergaangene Joeren schéngen – an den An vun der Genderisten – awer net terribel iwwerzeegend gewiescht ze sinn. Vläicht woren déi Jugendlech vun 12 bis 20 Joer einfach schon ze al fir d’Experiment? Vläicht woren si schon zevill vun hierem soziale Milieu op traditionnell a stereotyp Rolleschemata festgeluegt ginn?

Jiddefalls wëll d’Regierung lo nach e Schrëtt méi wäit goen. Och schon d’Kanner aus der Primärschoul sollen an Zukunft vum sterotypen Conditionnement vun hierem anscheinend ongenügend  gender-sensiblen sozialen a familiären Emfeld gerett ginn. Ech zitéieren d’Luxemburger Wort vum 26. Februar 2013 (Referenz op d’Înterventioun vun der Madame Minister fir Chancegläichheeet):

„Es gelte von traditionellen Berufsbildern Abschied zu nehmen. Möglicherweise sollten die Grundlagen zur Berufswahl schon während der Grundschule mit angepassten Schnupperlehrgängen gelegt werden.“

Lo kann natierlech jiddereen doriwwer seng eege Meenung hunn.  Een den der Saach op de Grond gaangen ass, ass den norwegeschen Soziolog Harald Eia. Säi Film zu dem Thema „Gehierwäsch“ huet dozou geféiert dat de „Nordeschen Gender-Institut“ zougemaach gouf.

Meng Positioun ass dat de Stat soll eng geschlechterneutral Beruffsinformatioun ubidden. De Stat huet sech aus der privater Beruffswiel vun de Leit eraushalen. Wann hien Reklamm fir e bestëmmte Beruff wëll maachen, dann héchstens well an dem Beruff nach Leit feelen oder dat e vläicht interessant Perspektiven offréiert. Vun der Gender-Ideologie sollt de Stat sech awer däitlech distanzéieren. Op Jong oder Meedechen, jiddereeen soll säi Beruff kënnen fräi auswielen, soulaang en déi objektiv Viiraussetzungen fir den Beruf erfëllt.

Hei ass dem Här Eia säi Film:

Hei ass meng parlamentaresch Fro:

http://www.chd.lu/wps/PA_RoleEtendu/FTSByteServingServletImpl/?path=/export/exped/sexpdata/Mag/140/183/113892.pdf

An hei d’Aentwert vun der Regierung :

http://www.chd.lu/wps/PA_RoleEtendu/FTSByteServingServletImpl/?path=/export/exped/sexpdata/Mag/160/102/115091.pdf

 

 

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert