Dëser Deg, fir genee ze sinn den 20. Februar, hat de Journal mol nes e feministeschen Leitartikel. Dat ass näicht aussergewéinleches, well ë wäert där op d’mannst eng honnert am Joer hunn. U sech also kee Grond fir ze reagéieren, wann net de Journal an dem Artikel bewisen hätt, dat en net grad gutt informéiert ass.
D’Journalistin schreift : « Die Debatten treten auf der Stelle und es wird abgewartet und geprüft : Bei der Quote für Frauen in leitenden Positionen und auch bei den Lohnunterschieden zwischen Männern und Frauen für denselben Job .»
Abee dach, et gëtt eppes Neits – jiddefalls mol fir de Journal! Wann een nämlech net dauernd Aeppel a Biren mateneen vergläicht, da fënnt een raus, dat d’Fraen méi verdéngen wéi d’Männer. Sou jiddefalls de Statec a séngem Bulletin 2 vun 2012 op der Säit 5 :
« En se limitant aux seuls travailleurs à temps plein, la différence se réduit. Le salaire moyen des hommes ayant travaillé à temps plein durant toute l’année est de 57 742 Euros et celui des femmes de 52 286 Euros. La différence n’est plus que de 9%. En considérant le salaire médian, la tendance s’inverse. Le salaire médian des femmes travaillant à temps plein est, avec 45 767 euros, légèrement supérieur à celui des hommes, qui est de 44 224 euros. Le fait que les salaires des femmes sont légèrement supérieurs à ceux des hommes provient du fait que les femmes ont plus tendances à travailler dans des activités à « hauts » salaires, tandis que les hommes ont plus tendance à travailler dans des activités moins bien rémunérées. »
http://www.statistiques.public.lu/catalogue-publications/bulletin-Statec/2012/PDF-Bulletin2-2012.pdf
An wéi wär et dann, wann de Journal och mol géng heiansdo de « Bulletin de l’emploi » vun der ADEM liesen ? Do kritt een nämlech e ganz aanert Bild vun eiser Gesellschaft an hire sëllegen Problemer! Fir dem Journal eng laang Sich ze erspueren, hei ass de Link op de neitsten Bulletin vum Januar 2013:
http://www.adem.public.lu/actualites/2013/02/news_01_13/bulletin_emploi_janvier_2013.pdf
Sou wäit ech gesinn hunn, sinn an all Kategorie vum Chômage méi Männer wéi Fraen betraff.
Demandeurs d’emploi résidants disponibles : 8.268 Männer, 6.698 Fraen.
Inscription de demandeurs d’emploi résidants au cours du mois de janvier 2013 (Flux): 1.306 Männer, 983 Fraen.
Demandeurs d’emploi résidants disponibles bénéficiant de l’indemnité de chômage complet en fin de mois : 3.638 Männer, 2.717 Fraen.
Mesures pour l’emploi : 2.976 Männer, 1767 Fraen.
Ech wëll lo keng grouss Analys vun där Situatioun maachen. De Chômage ass einfach e schreckleche Problem fir jiddereen déi betraff ass. An dësem Kontext wollt ech just de Berufsfeministinnen an eiser Press signaléieren, dat d’Realitéit bedeitend méi komplex a manner eesäiteg ass, wéi si et op d’mannst honnert mol am Joer schreiwen.
Eppes well ech awer och nach soen: ech hoffen dat all déi Leit geschwënn eng anstänneg Schaff fannen, ob Mann oder Fra.