Gëtt et ë „primären“ Anti-Kommunismus?

Am Kontext vun der Bommeleeër-Affär konnt een dëss Woch dat Argument héieren, verschidden Entwécklungen an den 80er Joeren wären op e « primären » Anti-Kommunismus zréck ze féieren gewiescht. Dowéinst meng Fro : gëtt et dat iwwerhaapt, ë « primären » Anti-Kommunismus?

« Primär » kënnt hei aus dem franséiche Sproochgebrauch a méngt, nom Larousse, « Qui est la manifestation d’un dogmatisme simpliste, sans vraie réflexion ni culture : Anticommunisme primaire ».  Muss een also fir antikommunistesch ze sinn, dogmatesch sinn, net iwwerluegt hunn, a net gebild sinn ? Ech géng soen, de Contraire ass wouer!

Wann ech sou Behaaptungen héieren, da froen ech mech, ob de Bommeleeëprozess net vun verschiddenen, politesch méi lénken Perséinlechkeeten, lo soll dofir benotzt ginn, fir eng spéit Revanche géint d’NATO ze orchestréieren. Ech wëll hei net fir oder géint d’Thes vun engem Zësummenhang tëschent der Bommeleeëraffär an dem « Stay behind » argumentéieren. Dozou hunn ech eng privat Meenung. Ech maachen awer en däitlechen Ennerscheed tëschent enger historescher an och juristescher Opklärung vun de Faiten zu Lëtzebuerg Mëtt vun den 80er Joeren, an engem generell politesch motivéierten Prozess géint d’NATO an déi westlech Gesellschaftsuerdnung géintiwwer dem Warschauer Pakt an séngem marxistesch-leninisteschem ideologeschen Fëllement.

Anti-kommunistesch kann een – ech geng souguer soen muss een – aus enger ganzer Rei vu Grënn sinn. Als Offizéier hunn ech mech natierlech intensiv mat denen kommunisteschen Doktrinen beschäftegt, a meng Bibliothéik ass haut nach mat kommunisteschen Schrëften gutt gefëllt – vun Marx, Engels, Lenin, Trotski, Stalin, Briejniev a Mao bis hin zu politeschen Texter aus der fréierer DDR.

Kaum eng vun eisen westlechen, politeschen Definitiounen konkordéiert mat denen sozialisteschen. D’Natur vum Marxismus-Leninismus wor konsequent a permanent op d’Weltrevolutioun ausgeriicht. Eréicht mam Michail Gorbatchov, an der Endphas vun der Sowjetunioun, gouf et signifikant politesch Verännerungen. Mä och deemools gouf nach déi selwecht Doktrin op de sowjeteschen Universitéiten enseignéiert wéi virdrun.De proletareschen Internationalismus, zum Beispill,  wor nach ëmmer  d’Iddi vum gemeinsamen Kampf vun der internationaler Aarbechterklass fir hir politesch a sozial Befreiung a fir de « Fridden ». De  Klassenkampf  wor fir d’Kommunisten eng logesch an inevitabel Konsequenz aus dem permanenten a gesetzméissegem Konflikt tëschent de Klassen. En huet missen, hirer Meenung no, ouni Paus an mat allen méigleche Mëttelen geféiert ginn. « Anti-Kommunismus » wor fir eis am Westen ë Selwerschutz, e Widderstand géint de Kommunismus. Am Kommunismus awer, wor den Anti-Kommunismus definéiert als eng imperialistesch Reaktioun op déi revolutionär Ideologie vum Proletariat, déi ëmmer Hand an Hand mam Kolonialismus, Faschismus, Klerikalismus a Militarismus geet. « Demokratie » am Osten wor, wéi aus engem DDR-Dictionnaire herviirgeet :

«Sozialistische Demokratie – Diktatur des Proletariats, die höchste Form der Demokratie, der Volksherrschaft, wie sie sich in der UdSSR als Sowjetdemokratie  auf der Grundlage der Stalinschen Verfassung , der demokratischsten Verfassung der Welt, voll entfaltet. » 

Bei souvill Demokratie ass et Zäit un d’Affer vun dem Regime ze erënneren. Net nëmmen un déi an der DDR – un déi aarme Prisonnéier zu Bauzen oder un déi Doudeg un der Mauer – méi un déi Dosenden vu Milliounen Doudeger déi de Kommunismus gefuerdert huet. Dat zë wëssen an dat net ze vergiessen – dat huet mat Bildung a mat Kultur ze dinn. An dat misst eng Biergerflicht sinn – och fir Affekoten!

Erënnert sief un d’Affer vun der Revolutioun vun 1917 an un déi vum russeschen Biergerkrich, un d’Affer vun der Verfolgung ënnert dem Stalin, un déi Milliounen Hongerdoudeger an der Ukraine, un d’Affer vum Gulag an der Psychiatrie,  un d’Affer vum Amarsch an d’Tschekoslowakei an un déi vum  Widdderstand an der DDR am Joer 1953, un déi vum Opstand an Ungarn, un d’Affer vun der rumänescher Securitate, un d’Okkupatioun vun de baltesche Staten, un d’Affer vum « Grousse Sprong no vir » an un déi vun der « Kulturrevolution » a China, un d’ « Killing fields » a Kambodscha, an sou weider an sou virun…. Wien wëll méi wëssen, fënnt iwwerall vill a gutt Literatur zu dem Thema.

Nä, ët gëtt keen primären Anti-Kommunismus, mä et gëtt en philosophesch raisonnéierten, moralesch verantwortlechen, historesch opgeklärten Anti-Kommunismus!

An ech sinn houfreg drop, dat ech als Offizéier vun der Arméi hunn därfen mäi kléngen Deel dozou bäidroen fir eis westlech, fräi Welt virun dem kommunisteschen Monster ze verdeedegen. All denen Leit déi sech dem Kommunismus entgéintgestallt, an dacks en héige Präis dofir bezuelt hunn,  gehéiert meng héchsten Unerkennung a mäin déifsten Merci.

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Grondsätzleches, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert