LSAP-Kongress: véier Punkten fir den Ennergank

No hirem Kongress ass d’LSAP net besser drunn wéi virdrunn. Déi Partei déi an d’Regierung gaangen ass, fir – wéi si sot – de Sozialstat ze verdeedegen, huet an der Regierung just dat net gemaach. Vun der Manipulatioun vum Index, der Desindexéierung vum Kannergeld, massiven Steier- an Taxenerhéigungen bis hin zum Nëtausbezuelen vum Ajustement vun de Renten: d’Lëscht ass laang vun all dem wat een grad vun enger sozialistescher Partei  net erwaart hätt, mä wat si awer konsequent gemaach huet. Kee Wonner, dat um lénke Bord d’Wieler vun der LSAP hir Waliss scho gepaakt hunn, a bei déi Lénk ënnerwee sinn.

Wat huet d’LSAP lo op hirem Kongress konkret versprach?

1.      Weider Zerstéierung vun der Schoul :

Den Här Bodry sot : „Wir müssen die Schulreform umsetzen, weil es dem Luxemburger Schulsystem nicht gelingt, soziale Korrekturen vorzunehmen und für mehr Chancengerechtigkeit zu sorgen“. Et bleift also dobäi : d’Schoul ass keng Bildungsanstalt, mä eng Sozialfabrik. « Schulisches Scheitern » soll bekämpft ginn.  Wen d’Sozialisten kennt, den wees, dat dat do heescht, dat och nach deen allerleschte Rescht vu Niveau soll ofgeschaaft ginn.

2.      Steiererhéigungen :

Et soll zu massiven Steiererhéigungen fir d’Entreprisen an d’Privatleit kommen.  D’Wort zitéiert « (…) eine wirkliche Minimalbesteuerung der Betriebe und eine gerechte Reform der direkten Besteuerung  (…)». « Déi direkt Besteierung wär dat adäquat Mëttel zu méi Steiergerechtegkeet », sou den Här Lux.  Déi Propositiounen treffen awer virun allem déi kléng- a mëttelgrouss Betriber an natierlech déi kleng Leit, d’Salariéën an d’Beamten.

3.      Aféierung vum Auslännerwahlrecht :

Dat soll « progressiv » bei de Chamberwahlen ageféiert ginn. (« um eine Anpassung am Wahlsystem komme Luxemburg nicht umhin »).

4.      Ofbau vun der Demokratie :

D’LSAP ass géint e Referendum iwwer déi zukünfteg lëtzebuergesch Verfassung. Si wëll léiwer eng orchestréiert « Debatt » iwwer eis politesch gesteiert Medien. D’ Lëtzebuerger Vollék  froen d’Sozialisten léiwer net!

Sou e Programm ass eng Gefor fir eis Gesellschaft, fir eis Economie a fir eis Demokratie. Besser ass, d’Sozialisten iwwerstinn déi nächst Walen net!

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert