Identitéitsverloscht op den Dräi Eechelen

No ville, laange Joeren Aarbecht, ville Budgetsdépassementer, a villem intellektuellem an administrativem Duercherneen,  ass de Festungsmusée ënnert dem Numm Musée « Dräi Eechelen » am Joer 2012 endlech opgemaach ginn. Nach am Januar 2010 wor zu dem Thema eng gréisser Debatt an der Chamber, an där d’ADR och e Paradigmewiessel an der Konzeptioun vun dem Musée ugeschwat an ugeprangert hat. Ufanks wor virgesinn, dat um éichte Stack vum Fort Thüngen eng Ausstellung iwwer d’ Lëtzebuerger « Identitéit » (am Singular) sollt entstoen, ë bësschen am Geescht an an der Nofolleg vun der 150 Joer-Ausstellung aus dem Joer 1989. 2010 ass dunn op eemol, anscheinend op Initiativ vun der Uni, déi Iddi opkomm amplaatz vun der « Identitéit » léiwer vun den « Identitéiten » (am Plural) ze schwätzen, an dat, wéi kéint et och aanecht sinn, mam Accord vun der CSV an ënnert der Verantwortung vun der Madame Minister fir Kultur, Octavie Modert.

Wen e bësschen e Gespier fir dat « politescht Korrekt » huet, den huet direkt verstaan, dat hei eppes ganz Wichteges verännert gouf, an net nëmme grammatesch. D’Lëtzebuerger Identitéit sollt verwässert ginn, opgeléist am Multi-Kulti, onkenntlech gemaach well politesch net méi erwënscht. A genee sou sollt et och kommen! Déi Ausstellung déi lo – wuel vun der Uni Lëtzebuerg, mä ënnert der politescher Verantwortung vun der CSV – um éichte Stack vum Fort Thüngen installéiert gouf, ass eng Frechheet fir d’Lëtzebuerger Vollék.

Den éichten Deel vun der Ausstellung besteet aus e puer Filmercher déi am Auditorium gewise ginn.

An dem Film den iwwer d’Geschicht vum Land geet, gëtt de Referendum am Zweete Krich mat kengem Wuert ernimmt. Dat d’Lëtzebuerger sech deemools nach mat Leif a Séil fir hir Sprooch agesat hunn, schéngt den Auteuren absolut net gepasst ze hunn, well am Film iwwer d’Migratioun gëtt Lëtzebuergesch als eng « langue d’exclusion » portraitéiert. Zwar e bësschen méi subtil (eng Sprooch déi net als Kommunikatiounssprooch consideréiert gëtt, gëtt zu enger Exclusiounssprooch), mä de Message ass awer kloer. D’Lëtzebuergescht als Integratiounssprooch oder dat Franséicht als « Exklusiounssprooch » fir vill Lëtzebuerger, sou Gedanken kommen an denen Propagandafilmer selbstverständlech net vir.

D’Asylanten ginn als Krichsflüchtlingen porträtéiert, där hiren Afflux « Remouën » verursaacht hätt. Den gréissten Problem an dem Kontext, den vum Asylmëssbrauch, gëtt selbstverständlech net thematiséiert. Et ass awer nëmmen de Mëssbrauch vum Asylrecht den bei ville Leit net gutt gesinn ass, an net d’Asylrecht per se. Trotzdem gëtt de Lëtzebuerger ënnerschwelleg Rassismus ënnerstallt.

Suergen mecht och de Lëtzebuerger Text wann et em d’Verfolgung vun de Judden ënnert der Okkupatioun geet. Wuel gëtt gesot, dat de Protest vun de Lëtzebuerger sech a Grenzen gehaalen hätt, mä « wou déi jonk Lëtzebuerger » hätte missen an d’Wehrmacht goen, do hätten d’Leit dann net méi stall gehal. Dorunner gefällt mir net, dat een kéint mengen, den Auteur hätt net verstaan, dat d’Judden genee sou Lëtzebuerger waren wéi déi aner Leit och! Sëcher, et gouf demools och vill auslännesch Judden hei am Land, méi déi verbal Oppositioun tëschent « Judden » a « Lëtzebuerger » ass fir mech absolut net akzeptabel.  Mäi Grousspapp wor ë Lëtzebuerger Judd an ermuerd gouf en am KZ Mauthausen.

Schliesslech iwwerloossen ech denen sérieuxen Historiker – dat mussen net onbedéngt där vun dene  sinn, déi un där Ausstellung am Festungsmusée matgeschafft hunn – fir ze iwwerpréiwen op den däitlechen Parallelismus tëschent der Nidderschlooung vun Opstänn 1917 duerch däitsch Truppen an der Nidderschlooung vun engem aneren Opstand 1921 duerch franséich Truppen, den an denen Filmer hiergestallt gëtt, gerechtfärdegt ass oder net.

Den zweeten Deel ass déi eigentlech Ausstellung iwwer eis pluralistesch « Identitéiten ».

Wen do ieren mengt Statuen vun de Lëtzebuerger Keeser aus dem Mëttelalter ze fannen, oder Referenzen op d’Sprangprësessioun, d’Schueberfouer, d’Octave oder den Hämmelsmarsch dee läit falsch. Wat do opgebaut gouf, dat spott all Beschreiwung.

Et geet, de Schëlder an der Entrée no, ëm « Morals », « Geschlecht », « Centre de rétention », « typesch männlech/weiblech », « Kierperhygiène », « Umweltschutz », « Jouets », an sou virun. Déi selwecht Sujeten hätte kënnen an enger Ausstellung iwwer « Identitéiten » op de Fidji-Inselen oder am Botswana behandelt ginn. Eis « Identitéiten » si well offiziell austauschbar an ouni signifikanten Bezuch zu dem wat mir Lëtzebuerger wierklech sinn. Genee sou wor et och geduecht, dat wor Absicht a Programm, well dat wat mir sinn, därfe mir net méi bleiwen.

An der Sektioun « Spillgezei » geet et ëm Gender, an der Sektioun « Gender » geet et em Gender a soss och nach ganz ville ëm feministescht Gedeesems aus dem Wolléckenkukucksheem vun der politescher Lénker. An dat, wuelverstan, ënnert der Autoritéit vun der ex-chrëschtlecher Partei CSV!

Iwwer eis Sprooch geet och Rieds, nämlech fir d’Fro ze stellen « Dialekt oder Sprache ? ». Ech zitéieren: « Ist ein Luxemburger jemand, der Luxemburgisch spricht ?  Die Realität ist komplexer. So sprechen die Bewohner aus dem Norden Luxemburgs sehr ähnlich wie die Belgier aus der Nachbarregion. Die einen sehen es als « Luxemburgisch », die anderen als Teil des « Deutschen ». Merci, Madame Modert ! Eigentlech hate mir geduecht, zënter 1984 déi do Fro definitiv geregelt ze hunn, nodems an der däitscher Nazi-Press nes völkesch Theorien iwwer d’Lëtzebuerger an hir Sprooch opgedaucht woren.

D’Lëtzebuergescht gëtt gläich nach eemol relativéiert. Op engem Ziedel steet : « Heute gibt es drei offizielle Sprachen : [wat iwwregens net wouer ass, et sinn dräi administrativ Sproochen] Deutsch, Französisch und Luxemburgisch [an där Reihenfolleg !]. Dem Gesetz von 1984 nach ist Luxemburgisch die « nationale Sprache ». In der EU ist sie aber keine offizielle Amtssprache. Sie gilt als eine « Regionalsprache ». » Hei ass de Message : och wann d’Lëtzebuerger sou maachen als hätten si eng Nationalsprooch, an der EU zielt dat net! An och fir déi do Situatioun, nämlech  fir den onbefriddegenden Statut vum Lëtzebuergeschen an den europäeschen Institutiounen, dréit un éichter Plaz déi Lëtzebuerger Regierung d’Schold!

Eng ganz Vitrin ass dem Tëschefall dediéiert, den mat der Präsenz vun anti-semiteschen Ausdréck a Sprachwierder am alen Lëtzebuerger Dictionnaire ze dinn huet. Sëcher, dat ass eng Diskussioun wäert, mä muss grad dat an enger Ausstellung iwwer eis national Identitéit thematiséiert gëtt, an där soss bal näicht Positives iwwer eis gesot oder gewise gëtt ? De Message soll nach eemol sinn : de Lëtzebuerger ass u sech en Anti-Semit an e Rassist.

En ass iwwregens och schonn Rassist wann en sech d’Zänn wäscht. Ech zitéieren : «  Heutzutage ist das gängige Schönheitsmodell: jung und schlank, gerade weisse Zähne und weisse Haut. Die Grenzen zwischen Körperkult und Rassismus sind fliessend. »  Ech hunn nach net decidéiert ob den Text besonnesch hannerhälteg oder einfach nëmme stréihdomm ass.

Mä ech hat « Gender » versprach, also zitéieren ech nach ë bësschen aus der Ausstellung iwwer d’lëtzebuerger « Identitéien » am staatlechen Festungsmusée : « Auch das biologische Geschlecht steht zur Diskussion. Seine Eindeutigkeit ist zu hinterfragen. Inter- und transsexuelle Menschen beweisen, dass die Grenzen zwischen Mann und Frau unklar sind. ».

Just an engem Punkt ass déi Ausstellung ënner CSV-Autoritéit, trotz alle Geschlechteronkloerheeten, sech awer sëcher: Fraen (secher där, déi et wierklech sinn, an net där déi mengen dat si et wären) musse kënnen fräi ofdreiwen : «Die Diskriminierung fängt schon vor der Geburt an. Der Schwangerschaftsabbruch ist in Luxemburg nicht allein die Entscheidung der schwangeren Frau. Der Embryo steht im Mittelpunkt. Wird er als « anormal » angesehen, ist eine Abtreibung eher möglich. »

An dann gëtt et nach en drëtten Deel an dëser Ausstellung: Konferenzen a Virträg.

Och do, geet et net em Geschichtsfleg odre m eis Identitéit, mä em Identitéitsdemontage. Als Illustratioun zitéieren ech  einfach mol d’Titelen vun e puer Konferenzen (Cyvle de conférences « Identitéiten ») déi fir 2013 geplangt sinn :

–          Baustelle Identität

–          Nation, nationalité, nationalisme

–          Wie wir Raum (ab)schaffen

–          Die Verkörperung der Identität (Entdecken Sie aus der Sicht psychologischer Forschung wie wir unseren Körper wahrnehmen….)

–          De-/Konstruktion von Geschlecht

–          L’islam en tant que système de valeurs

Meng Conclusioun ass ganz einfach : ech verlaangen dat eng anstänneg, historech a kulturell fondéiert Ausstellung iwwer déi lëtzebuerger Identitéit an de Festungsmusée kënnt, an dat déi Ausstellung déi lo do ass virun de Fidji-Inselen versenkt gëtt.

P.S. De CLAE organiséiert zësummen mam Informatiounsbüro vum Europaparlament am März  eng Konferenz an der Foire iwwer d'“Citoyenneté européenne et identités culturelles„. Dat Ganzt ass an der langue d’exclusion Franséich, eng Iwwersetzung op Lëtzebuergesch gëtt et net.  Den Här LSAP-Minister Nicolas Schmit schwätzt iwwer „Les limites de la citoyenneté européenne en matière de genre, migrations et inégalités sociales“ an den Här  CSV-Chamberpresident Laurent Mosar schwätzt iwwer „La citoyenneté européenne au Luxembourg, un modèle à suivre“. Ech notéieren, dat a kengem vun denen am Ganzen fënnef Virträg iwwer Themen wéi „Citoyenneté européenne et intégration“ oder iwwer déi Lëtzebuerger Identitéit geschwat gëtt.

Dieser Beitrag wurde unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert