Fir d’Mammen an d’Familljen!

Iwwer där aktueller Debatt ëm d’Homo-«Bestietnis» an en Adoptiounsrecht fir homosexuell Koppelen, därf en net den Interessi fir déi richteg, also déi traditionnell, heterosexuell Familljen an hir Aufgaben a Suergen verléieren. D’Famill ass en extrem wichtegt Thema, och an der Politik, an et ass net fir näicht, dat sech d’Programmer vun de Parteien grad op dësem Punkt staark ënnerscheeden. Ech ënnerstëtzen jiddefalls voll d’Propositioun vun der ADR fir de Familljen déi finanziell Méiglechkeet ze ginn, fir kënnen fräi ze wielen, ob si wëllen hir Kanner doheem erzéien oder ob si se wëllen an eng Struktur ginn.

Meng perséinlech Meenung ass, dat een et dë Mammen net nëmmen soll erméiglechen, mä si och soll aktiv encouragéieren fir hir Kanner selwer an doheem ze erzéien. Dofir sollen si jo eng Pai kréien vun där all üblech Sozialcotisatiounen bezuelt ginn. Op déi Manéier gëtt et och am Fall vun enger Scheedung keng sozial Noutfäll, zum Beispill am Beräich vun de Pensiounen.

Et gëtt keen méi ë wichtege Beruff wéi den vun der Mamm. D’Kanner brauchen eng Mamm déi fir si do ass an déi och ëmmer Zäit fir si huet. D’Kanner brauchen hir Mamm an natiirlech och hire Pappp, fir si opzefänken, si ze stäipen, ze tréischten, staark ze maachen, ze förderen awer och fir anstänneg gezillt ze ginn. Si brauchen hir Mamm an hire Papp als Virbiller. Si brauchen si fir hir eegen Identitéit ze fannen. Si brauchen si, well d’Elteren hinnen nach kënnen richteg Wärter vermëttelen, wann si et dann net dem Stat erlaben, fir hir Kanner schonn vu Klengem un ze endoctrinéieren. Kanner brauchen Rouh an en Doheem. Eng Koppel déi Kanner op d’Welt setzt iwwerhëllt eng enorm Verantwortung a leescht e wichtege Bäitrag fir eis Gesellschaft! De Stat muss déi traditionnell Famill dowéinst schützen an si ënnerstëtzen.

Natierlech muss een dene Mammen, déi spéider an hire Beruff zréck goe wëllen,  hëllefen. Natierlech muss een hinnen d’Méiglechkeet ginn sech berufflech nes op den aktuelle Stand ze bréngen. A selbstverständlech gehéiert et zu den Aufgaben vun der Politik et méiglech ze maachen fir Beruff a Famill sou gutt wéi méiglech ënnert een Hutt ze bréngen.

An leider ass et net ëmmer méiglech fir eng Wiel ze hunn:  Mammen déi aus iergend engem Grond alléng am Liewe stinn (natierlech och Pappen an sou enger Situatioun) hunn meeschtens keng Alternativ zum Beruff. Si sinn dacks a schwiiregen Situatiounen, souwuel zäitlech wéi och materiell. Och déi allengerzéiend Persounen mussen genuch Versteesdemech an Ennerstëtzung kréien.

Dat ännert awer absolut näicht u menger Grondastellung zur Famill: ideal wär et wann d’Mamm soulaang wéi et geet doheem bleiwe géif a fir hir Kanner do wier. Déi finanziell, staatlech Ennerstëtzung fir d’Fammilljen soll virun allem den do Modell aktiv ënnerstëtzen.  Ech sinn iwwerzeegt, dat vill vun denen aktuellen Problemer an der Gesellschaft vun denen leider dacks schlechten Zoustänn an de Fammilljen hirkommen. Wann d’Kanner eng Mamm doheem hunn, profitéieren net nëmme si dovun, mä déi ganz Gesellschaft mat.

Duerch en ausgezeechente Lieserbréif dëser Deg am Wort, sinn ech op eng Schwäizer Etüd zum Thema Wichtegkeet vun der Famill fir d’Kanner a vun der Roll vun der Mamm opmierksam ginn.  Et ass déi sougenannten Franz-Studie vun der Universitéit vu Fribourg an der Schwäiz.

http://www.unifr.ch/pedg/franz/

Eng Rei vun interessanten Bemierkungen stinn an enger Zësummefaassung vun där Etüd:

http://www.unifr.ch/webnews/content/20/File/Dossier%20Bildungsort%20Familie.pdf

An hei ass och nach en Zeitungsartikel aus der NZZ zu dem Thema (Michael Schoenenberger : Die Familie ist entscheidend)

http://www.nzz.ch/aktuell/schweiz/die-familie-ist-entscheidend-1.17930089

Ech sinn nach laang net mat allem averstaan wat an där Etüd steet, virun allem net mat der Kritik un de Pappen an der Interpretatioun vun der Roll vum Papp déi heiansdo do gemaach gëtt. Trotzdem: den moraleschen Absolutheetsusproch vum Modell Crèchen an Maison-Relais muss duerch sou Etüden hannerfrot ginn. An dat ass e wichtegen a positive Schrëtt.

Vill Fraen wären eigentlech léiwer eng Beruffsmamm fir hir eege Kanner wéi a soss engem Beruff oder an enger « Carrière », wat dat och ëmmer soll sinn. Déi Mammen mussen onbedéngt besonnesch ënnerstëtzt ginn.  Et muss Schluss sinn, mat dem gesellschaftlechen Drock fir d’Fraen onbedéngt wëllen an e Beruff ze dreiwen. Si sollen sech endlech nes fräi kënnen entscheeden, ob si net hirer Famill an hire Kanner wëllen d’Prioritéit ginn!

 

Dieser Beitrag wurde unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert