Meenungsfräiheet

D’Veruerteelung gëschter vum Här Pierre P. wéinst « auslännerfeindlechen Parolen » (no denen enge Medien), respektiv wéinst « Opstëppelung zum Haass » (no anere Medien), wierft eng Rei vu ganz fundamentalen  Froen iwwer eise Rechtsstat op.

Där Prozesser déi d’Meenungsfräiheet uginn, hate mir der an der Lescht méi hei zu Lëtzebuerg. Dowéinst sollte mir déi Diskussioun vläicht mol domadder ufénken, dat mir eis e puer grondsätzlech Prinzipien an Erënnerung ruffen :

Artikel 19 vun der Universeller Mënscherechtserklärung seet :

« Article 19

Tout individu a droit à la liberté d’opinion et d’expression, ce qui implique le droit de ne pas être inquiété pour ses opinions et celui de chercher, de recevoir et de répandre, sans considérations de frontières, les informations et les idées par quelque moyen d’expression que ce soit. »

Artikel 24 vun eiser Verfaassung seet :

 «Art. 24.

La liberté de manifester ses opinions par la parole en toutes matières, et la liberté de la presse sont garanties, sauf la répression des délits commis à l’occasion de l’exercice de ces libertés. – La censure ne pourra jamais être établie.»

Dee  selwechten Prinzip gëtt och vun der Europäescher Mënscherechtskonventioun gedroen . An engem bestëmmte Prozess , (Hachette Filipachi associés (« Ici Paris »)  c. France)   huet de Communiqué vum Europäeschen Mënscherechtsgeriichtshaff preziséiert :

« La liberté d’expression vaut non seulement pour les « informations » ou « idées » accueillies avec faveur ou considérées comme inoffensives ou indifférentes, mais aussi pour celles qui heurtent, choquent ou inquiètent : ainsi le veulent le pluralisme, la tolérance et l’esprit d’ouverture sans lesquels, il n’est pas de « société démocratique ». »   

Déi kloer Affirmatioun vun der Meenungsfräiheet gëtt awer an eise westlechen Demokratien ëmmer méi ageschränkt. Gesetz fir Gesetz  gëtt gestëmmt, dacks aus gudden a novollzéibare Grënn. Mä mir musse wëssen: dat ass  e schwiiregen a virun allem een ëmmer méi  geféierlechen Exercice. Wou sinn d’Grenzen ?  Wéini fänken déi Aschränkungen vun der Meenungsfräiheet un de Prinzip selwer a Fro ze stellen ? Vu wéini un hu mir eng Zensur, sief et eng staatlech oder eng déi mir eis selwer operleeën, aus Angscht virun Sanktiounen?

Si mir vläicht am gaangen fir d’Fräiheet am Numm vun der Fräiheet ofzeschafen, an d’Toleranz am Numm vun der Toleranz ?

Besonnesch den Ongeescht vun der « political correctness » huet ëmmer méi dozou geféiert, dat eis Grondfräiheeten aus villen, gutt gemengten Uersaachen progressiv ageschränkt ginn. Mir därfen awer hei de Rôle vun den Institutiounen  net mateneen verwiesselen : d’Justiz ass net do fir eng politesch Debatt ze ersetzen an si ass scho guer net do fir eng politesch Debatt zë verhënneren.

Virun d’Wiel gestallt tëschent der Fräiheet an der – och wann se gutt gemengt ass – Aschränkung vun der Fräiheet muss ech mech als Mënsch an als Politker decidéieren. Ech wielen also d’Fräiheet.

Dat heescht net, dat ech et gutt fannen wat verschidde Leit soen. Ech fannen et net gutt,  wann Leit op facebook entgleisen. Ech fannen et net richteg, wann eng Madame B. anti-semitesch Meenungen huet. Ech fannen et net akzeptabel, wann « Auslänner-raus-Parolen » vun engem Här P. an d’Welt gesat ginn. Vun all denen Saachen distanzéieren ech mech däitlech, decidéiert a mat voller Iwwerzeegung!

Mä ech entzéien mech awer net der Debatt! Als Politiker wëll ech net, dat e Riichter meng Aarbecht iwwerhëllt. Natierlech ass d’Politik selwer un dem aktuellen Zoustand Schold : mir Politiker – vläicht ech selwer och, wat mir dann géng Leed doen – hunn libertizid Gesetzer gestëmmt. Dat ass dee falsche Wee ! Ech wëll keng Märtyrer virun der Justiz schafen, mä ech wëll mech mat Anti-Semiten, Rassisten, Extremisten, Faschisten a Kommunisten Argument fir Argument duelléieren. Dat ass déi Fräiheet déi enger Demokratie würdeg ass !

Wen mengt mir wären d’ « Sklaven vun den Auslänner » den soll seng Argumenter op den Dësch leeën. Wen mengt, mir wären den « Auslänner ausgeliwwert », den soll erklären firwat hien dat mengt. A mengen An sinn dat do politesch Froen déi solle politesch diskutéiert ginn – an ech fäerten sou Debatten net! Wen de Riichter muss zu Hëllef ruffen, den traut vläicht net der Stäerkt vu sengen Argumenter.

Mat denen aktuellen Gummiparagraphen am Stroofrecht (wen wees scho genee, wat rechtstheoretesch soll eng « Diskriminéierung » sinn ?), gëllt et d’Noutbrems ze zéien. Mir mussen de Rechtsstat virun sech selwer schützen an zréckfannen an eng Kultur vun der fräier Ried an dem kultivéierte Sträit. Ech wëll dat d’Leit nes wëssen, dat si kënnen denken a soen wat si wëllen – mat sou mann Aschränkungen wéi nëmme méiglech – mä dat si sech awer dann och mussen als Staatsbierger der politescher Debatt stellen. De Maulkuerf ass keng Léisung, mä en ass e grave  Problem fir eis Demokratie.

Et ass Zäit  dat mir eis nes all zësummen un déi apokryph Zitatioun vum Här de Voltaire erënneren : « Je ne suis pas d’accord avec ce que vous dites, mais je me battrai pour que vous ayez le droit de le dire. »

An ech soen dobäi : “ a wann Dir dann Aer Meenung kënnt fräi soen, da streiden ech mat Iech iwwer Aer Iddien.“

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert