Déi heefegst Doudesuersaach bei de Fraen a Meedercher

An denen leschten Deg konnt een gläich an e puer Zeitungen déi feministesch Behaaptung liesen, dat d’Gewalt doheem déi heefegst Doudesuersaach bei Fraen tëschent 16 a 40 Joer wär, nach virum Kriips an de Verkéiersakzidenter. Dobäi gëtt sech op den Europarot als Quell beruff.

Tatsaach ass, dat déi Parlamentaresch Versammlung vum Europarot  den 27. September 2002 eng Recommandatioun mat der Nummer. 1582 adoptéiert huet mam Titel « Violence domestique à l’encontre des femmes ». Am zweeten Artikel vun der Aleedung steet – wuelgemierkt am Conditionnel  – dësen Text :

« 2. Or, la violence perpétrée au sein de la famille continue d’être considérée comme une question d’ordre privé. Selon les statistiques, pour les femmes de 16 à 44 ans, la violence domestique serait la principale cause de décès et d’invalidité, avant le cancer, les accidents de la route et même la guerre. Elle doit, en conséquence, être traitée comme un problème politique et public, et une violation des droits de l’homme. »

Hei ass de Link :

http://assembly.coe.int/mainf.asp?Link=/documents/adoptedtext/ta02/frec1582.htm

Dëss Behaaptung  schéngt a priori extrem onwahrscheinlech. Wen wëll genee Statistiken iwwer d’Doudesfäll gesinn, den fënnt déi um Site vum Gesondheetsministère :

http://www.sante.public.lu/publications/maladies-traitements/statistiques-causes-deces/statistiques-causes-deces/statistiques-causes-deces-2011-extrait.pdf

Dee rezentst Statistiken betreffen domat d’Joer 2011.

Op der Säit 13 sinn d’Doudesuersaachen no Geschlecht opgezielt. Am Joer 2011 gouf et am Ganzen 1.931 weiblech Doudesfäll, dovun woren déi Haaptuersaachen :     Kreeslafkrankheeten : 700, Tumoren : 494, Otemkrankheeten : 165.

Sougenannten « Extern Uersaachen » goufen et der bei de Fraen 112, bei de Männer 171. Dëss sinn awer selbstverständlech net all op « Gewalt doheem » zréckzeféieren. Ech verweisen op den Tableau op der Säit 20, wat d’ Oplëschtung  vun de « causes externes  selon le sexe» ugeet.

D’Analys vun dem Tableau gëtt net hier, dat den Dout duerch d’Agressiounen vu baussen eng signifikant Doudesuersaach bei de Fraen am Joer 2011 gewiescht wier. Bei de Mànner gouf et véier Affer, bei de Fraen keent (null). Fir als wichtegst Doudesuersaach nach virum Kriips, Strrossenakzidenter a Krich ze figuréieren, schéngt dat mir, bei allem guddem Wëllen, a priori numeresch vläicht awer nach net ganz duer ze goen.

Och d’Analys vun der altersrelevanten Donnéeën erlaabt menger Meenung no net, déi feministesch Behaaptungen ze ënnerstëtzen. Relevant Mortalitéitstableauen no Alterskategorie fënnt een hei :

http://www.sante.public.lu/publications/maladies-traitements/statistiques-causes-deces/statistiques-causes-deces/statistiques-causes-deces-2011.pdf

Natierlech wëll ech net behaapten, dat keng Fraen géngen duerch Gewalt doheem stierwen. Och wann dat vläicht am rezentesten Referenzjoer 2011 net de Fall wor, wat ech  wierklech hoffen, kann dat awer an anere Joeren de Fall gewierscht sinn. Et ass ëmmer tragesch, wann e Mënsch duerch Gewalt stierft, an ech géng mir nimols erlaben sou Wouerechten wëllen ze verleegnen oder ze verharmlosen.

Allerdéngs wëll ech awer mat aller Däitlechkeet e puer Punkte maachen:

1)      Déi feministesch Behaaptung iwwer d’Mortalitéit duerch d’« Gewalt doheem » léisst sech, jiddefalls, wat d’Doudesfäll ugeet, menger Meenung no nët nëmmen net statistesch beleeën, mä souguer kloer an däitlech infirméieren. Déi Behaaptung ass also falsch a gehéiert an d’Kategorie vun der politescher Ligen zu propagandisteschen Zwecker.

 

2)      Zur Infirmitéit kann ech nach näicht soen, dozou hunn ech d’Donnéeën nach nët fonnt. Ech fuerderen d’Feministinnen op, déi Behaaptung ze beweisen.

 

3)      Déi arbiträr Selektioun vun der Alterskategorie vu 16 bis 44 Joer ass zréckzeweisen. Gewalt doheem trëfft dacks Kanner an eeler Leit an aus moralesche Grënn wëll ech si net aus der Gesamtbetruechtung ausschléissen.

 

4)      Gewalt doheen betrëfft och Männer a Jongen. Et ass moralesch, politesch,  rechtlech a statistesch falsch si aus der Betruechtung vum Problem auszeschléissen. D’Police huet net méi spéit wéi gëschter gesot, dat hiren rezentesten Statistiken no, ee Véierel vun den Täter weiblech sinn. Ech verweisen an dem Zësummenhank och nach eemol op den SPIEGEL-Artikel am Bäitrag op dësem Blog « Verféiert Meedercher op der Plëss ».

 

Wat ass also déi wichtegst Doudesuersaach bei de Fraen a Meedercher ? Fir mech ass d’Aentwert méi wéi kloer : d’Ofdreiwung ! Joer fir  Joer ginn zu Lëtzebuerg bis zu 2.000 Kanner duerch Ofdreiwungen brutal ëmbruecht, dovun also ronn 1.000 ongebuere Meedercher. A wen engagéiert sech leidenschaftlech fir d’Ofdreiwung, bei där all Joer ronn 1.000 Meedercher stierwen ? Richteg ! Déi feministesch Bewegungen! Da loosse mir si haut mol schéint géint Gewalt demonstréieren. Hoffentlech léieren si eppes draus a kucken sech och mol an de Spigel!

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert