Newspeak aus dem Fraëministär

An der « Newsletter »  vum  «Ministère de l’Egalité des Chances » vum März 2013 stinn op d’mannst zwee interessant Artikelen. Nodeems de STATEC a séngem Bulletin  2/2012 festgestallt huet, dat d’Fraën deelweis méi verdéngen wéi d’Männer (de Link ass am Artikel « De klengen Ennerscheed – an der Pai an um Aarbechtsmaart » ze fannen) ass déi ganz éicht Säit vun där Zeitung fir d’Relativéierung vun denen Resultater reservéiert. Amplaatz sech doriwwer ze freeën, dat déi iwwer laang Joeren  behaapten global Diskriminéierung vun de Fraen am Beräich vun de Paien – op d’mannst hautzudaags – net  existéiert, kämpft de Fraëministär lo fir d’Iwwerliewen vu sengem eegenen « Stereotyp » – den vun der ënnerdréckter Fra.  Et gëtt zum Beispill dorop  opmierksam gemaach, dat jo awer méi Fraen bei denen wären, déi um Mindestloun leien. Dat kann jo sinn, mä dorënner sinn wahrscheinlech ganz vill Grenzgängerinnen déi frou sinn hei am Land e Loun ze kréien, den si bei sech doheem nimools kéinten erreechen.  Dat gläichzäiteg méi Männer wéi Fraen am Chômage sinn, gëtt mat kengem Wuert ernimmt.

http://www.mega.public.lu/actions_projets/campagnes/newsletter_mars_2013.pdf

Déi Reaktioun vum Fraeministär ass doduerch ze erklären, well d’Leetbild (an d’Leedbild)  vun der ënnerdréckter Fra gläich un e puer Fronten wackelt, där vun der manner héiger Pai an och där vum ëmmer weiblechen Affer vun der Männergewalt. Déi Asiicht, dat och hei am Land ëmmer méi Fraen mussen wéinst « Gewalt doheem » aus hirer Wunnéng verwisen ginn, an dat dat och a gläichgeschlechtlechen Koppelen geschitt, bréngt gläich e puer Dogmen  vun der feministescher Ideologie un d’Wackelen.

http://www.police.public.lu/actualites/statistique/rapport_stat_2012/index.html

Fir de Fraeministär stellen déi Entwécklungen existentiell  Froen. Déi Mythen op denen hien gegrënnt gouf ginn vun Dag zu Dag manner aktuell a manner glaafwierdeg. Dat ee lëtzebuerger Ministär, de Fraeministär,  eng Administratioun vum Wirtschaftsministär, de STATEC,  ëffentlech  kritiséiert amplaatz dem seng wëssenschaftlech Resultater ze akzeptéieren  ass schonn e relativ sielenen Viirfall an en Zeechen vun héiger Nervositéit. Dëss gëtt nach verstärkt duerch déi katastrophal Budgetssituatioun, déi vläicht iergendwéini och souguer dëss Regierung nach wärt dozou forcéieren iwwer e puer éicht Spuermoossnamen nozedenken.

An där Situatioun vun verstäerktem Rechtfertegongsdrock radikaliséiert sech  de Fraeministär ëmmer méi a rutscht wäit a Richtung Egalitarismus an Genderismus – zwou vun de Kärideologien vun der lénker Szen. Et muss een sech ëmmer nes wonneren, wat ennert enger CSV-Ministech alles méiglech ass !

Sou schreift si zum Beispill an hirer « Newsletter » : « Des intérêts divergents rendent impossible un débat public objectif dont nous avons cependant besoin pour rendre notre société plus égalitaire ! » Egalitaire ? Ass dat well d’CSV-Politik ? Chancegläichheet – sou wéi si am offiziellen Titel vum Fraeministàr steet – ass dach eppes ganz aanecht wéi e gesellschaftlechen Egalitarismus ! Dat éicht huet mat den Ausgangspositiounen ze dinn, dat zweet mam Resultat. Mat där do Verschibung vun de gesellschaftlechen Ziler, sinn  wahrscheinelech ganz vill Leit net d’accord, dorënner mat Sëcherheet vill CSV-Wieler,  wann si sech dann bewosst wären wat grad geschitt.

Wat kaum ee wees : d’CSV-Ministesch schaaft systematesch déi biologesch Ennerscheeder tëschent de Geschlechter of. (An dem Zësummenhang, kann och op  den Artikel  « Girls’Day, Boys’Day, Nonsense Day » mat dem Film vum Här Harald Eia verwise ginn.)  D’Gender-Ideologie gëtt am lëtzebuerger Fraeministär extrem wäit gedriwwen. Als Beispill an als Beweis soll hei den zweeten interessanten  Artikel aus där « Newsletter » vum März zitéiert ginn, an dem ët ëm d’Definitioun vum « Sexismus » geet.

Fir t’éicht mol e kléngen Rappel. Wat heescht « Sexismus » am normale Sproochgebrauch ?

Am Duden, Deutsches Universal-Wörterbuch, 7. Auflage aus dem Joer 2011 stet op der Säit 1599 dëss Definitioun :

« Vorstellung nach der eines der beiden Geschlechter dem anderen von Natur aus überlegen sei und die [daher für gerechtfertigt gehaltene] Diskriminierung, Unterdrückung, Zurücksetzung, Benachteiligung von Menschen, bes. der  Frauen, aufgrund ihres Geschlechts. »

Déi Definitioun ass akzeptabel, obschonn een sech kann froen firwat  eng Definitioun vu Sexismus, déi u sech misst neutral an objektiv sinn,  duerch een hervirgehuewent Beispill « besonders der Frauen » de Sexismus géintiwwer dem anere Geschlecht  als manner relevant duerstellt. Mir halen awer  zréck, dat den Duden nach am Joer 2011 dovun ausgeet, dat et genee zwee Geschlechter gëtt (« eines der beiden Geschlechter »), woubäi eent genannt gëtt (« bes. der Frauen ») an et sech bei dem aneren dohir mat grousser Wahrscheinlechket ëm d’Männer handelt.

Richteg interessant ass awer d’ Definitioun vu « Sexismus » duerch den groussherzoglech-lëtzebuergeschen Fraëministär. Hei ass ë « Sexist » een den behaapt et géngen Männer a Fraën  ginn ! Zitat (Säit 8, Newsletter mars 2013):

« Sexismus ist eine diskriminierende Weltansicht, die Menschen anhand ihrer biologischen Geschlechtsmerkmale in Männer und Frauen einteilt und ihnen damit fundamentale Unterschiedlichkeit unterstellt, sowie darauf beruhend unterschiedliche Rechte und Pflichten zuweist. »

Mir sinn hei voll am Genderismus, den jo behaapt, dat d’Geschlecht  e réngt sozial Konstrukt wär an dat jiddereen, onofhängeg vu sénger Biologie, kéint seng sexuell Identitéit an Orientéierung allzäit fräi bestëmmen a wiesselen.

Et sief jidderengem iwwerloos sech eng eegen Meenung iwwer d’Chancegläichheetspolitik vun eiser Regirung ze maachen.  Ech fannen se skandaléis ! Ech si weder bereet d’Geschlechter ofzeschafen, nach hir Ennerschiddlechkeet ze niéieren. Ech behaapten et gëtt zwee Geschlechter, Mann a Fra,  déi komplementar zoueneen sinn. An ech soen, dat nëmmen Mann a Fra zësummen kënnen eng Famill grënnen a Kanner kréien. D’CSV ass domadder jo net méi d’accord. Dont acte.

Als kléngen Gratis-Service fir d’CSV, sief hei un d’Genesis erënnert:

Und Gott sprach: Lasst uns Menschen machen als unser Bild, uns ähnlich. Und sie sollen herrschen über die Fische des Meeres und über die Vögel des Himmels, über das Vieh und über die ganze Erde und über alle Kriechtiere, die sich auf der Erde regen.

Und Gott schuf den Menschen als sein Bild, als Bild Gottes schuf er ihn; als Mann und Frau schuf er sie.

Und Gott segnete sie, und Gott sprach zu ihnen: Seid fruchtbar und mehrt euch und füllt die Erde und macht sie untertan, und herrscht über die Fische des Meers und über die Vögel des Himmels und über alle Tiere, die sich auf der Erde regen.“

 

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Ein Kommentar zu Newspeak aus dem Fraëministär

  1. Luc Deitz sagt:

    Léiwen Här Kartheiser,

    erlaabt mir, Iech fir de brillanten Artikel iwwert den Newspeak aus dem Fraëminstär ze gratuléieren! Et ass erfrëschend a befreiend ze liesen, wéi kloer dir d’Wourecht sot — woubäi ech nitt vun enger Glaawenswourecht, mais vun Evidenze schwätzen, déi all Mensch, den nach capabel ass, d’Aën opzemaachen an ze kucken, eigentlech direkt misst gesinn an agesinn. Dem MEGA-Ministère seng Definitioun vu „Sexismus“, déi Dir zitéiert, wär jo fir ze laachen, wann déi Dammen se nitt selwer géife seriö huelen. Firwat schafft eigentlech an dem Ministère do bal kee Mann, wann et tëscht Mann a Fra jo keng Ennerscheeder gët? Kéint et sinn, datt de Fraëministère de sexisteschsten vun allen ass?

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert