Um CSV-Kongress gëschter ass et hiergaang wéi all Joer bei der Ried vun der Lag vun der Natioun an der Chamber. Den Här Juncker kritiséiert d’Zoustänn hei am Land – zum Deel zu Recht – mä vergësst ze soen, wéi eng Partei dann dofir verantwortlech ass. Et wor jo net d’ADR, mä d’CSV déi an denen leschten Joeren d’Kar an den Dréck gesat huet, an et ass mat Sëcherheet eng CSV déi d’Kraaft an d’Fantasi net méi huet fir déi nei Politik ze maachen déi eist Land lo brauch. D’CSV huet eist Land an eng katastrofal Finanzsituatioun geféiert an mir sinn haut op Generatiounen iwwerverschëllt. D’CSV huet déi moralesch Grondlagen vun eiser Gesellschaft ugegraff an ofgebaut. D’CSV huet eis national Souveränitéit opginn. D’CSV hat joerelaang den Aarbechtsministär – och den Här Juncker selwer wor schonn fir den Beräich verantwortlech – an haut beklot si sech iwwer d’Zoustänn um Aarbechtsmaart. D’CSV huet den RMG an sénger aktueller Form mat ze verëntwërten, an haut jéimert si iwwer den Système. Fir chrëschtlech stet den « C » an CSV jo scho laang net méi. Vläicht fir Chamäleon?
Jiddefalls sief dem Här Juncker säin rhetorescht Talent hei net bestridden. Hien bréngt et färdeg, d’Debatt op ee klenge Punkt ze lenken – de « Nebenkriegsschauplatz » vum gedeckelten Index. Dat ass en Usaz, den ech awer net deelen : net d’Manéier vum Sozialofbau soll d’Debatt bestëmmen, mä eng konsequent Spuerpolitik am Staatsbudget misst eis Prioritéit sinn, an dat fir de Sozialofbau kënnen ze verhënneren. Richteg spueren wëll d’CSV awer net well si zënter Joeren elektoralen Klientelismus mam Staatsbudget bedreiwt – Subsiden a Subventiounen mat der Strenz an dat op Käschten vun alle Steierbezueler. Fir d’CSV ass de Stat eben do fir sech un der Muecht ze halen. Fir d’ADR ass eng Partei do fir dem Stat an dem Vollék ze déngen.
Et sief, mä wéi ass dann elo déi Saach mam Index ? Den Index ass a mengen An eng ganz positiv Saach. En huet iwwer laang Joeren de soziale Fridden hei am Land mat gesëchert, d’Kaafkraaft vun de Leit erhal an domadder och eiser Economie a besonnesch dem Handel wäertvoll Déngschter geleescht. En huet mat dozou bäigedroen, dat d’Lounfuerderungen am Groussen an am Ganzen moderat bliwwe sinn.
Sëcher den Index huet e puer inflatiounsverstäerkend Aspekter. Mä lo, wou e manipuléiert gouf, gesäit een awer och, dat ën inflatiounshemmend gewierkt hat. Zënter dat den Index manipuléiert, blockéiert, échéancéiert gëtt, sinn déi staatlech an kommunal Taxen massiv an d’Luucht gaang. Verschiddener goufen schonn virdrunn per Gesetz „indexneutral“ gemaach. Géif et nach e normalen a net manipuléierten Index, da wär déi ëffentlech Hand mat Sëcherheet méi viirsiichteg. D’Ofschaafung vum normalen Indexmechanismus verstärkt de Verloscht vu Kaafkraaft also gläich op e puer Manéieren : net nëmmen duerch d’Felen vum Inflatiounsausgläich, mä och duerch eng enthemmten, konfiskativ Steierpolitik.
Perséinlech denken ech, dat eng Reform vum Index sech op e puer Kléngegkeeten misst beschränken : den Indexmechanismus soll normal fonctionnéieren, mä dat bei enger verstärkter Präiskontroll. D’Post-Index-Präiserhéigungen vun de Geschäftsleit därfen nëmmen an dem Moos akzeptéiert ginn, wéi se lounrelevant an hirer Käschtestruktur sinn. Fir d’Baueren an d’Wënzer mussen nei Mechanismen fonnt ginn, fir hiren speziellen Präiscontrainten Rechnung ze droen. Den Index op den Index muss mat statistesche Mëttelen zum Deel neutraliséiert ginn fir säin « effet d’auto-allumage » ze reduzéieren. Mä meng grondsätzlech Positioun ass e Jo zu engem net manipuléierten Index.
D’Iddi vum gedeckelten Index ass a méngen An manner sozial wéi se klengt an dowéinst sinn ech och dogéint.
Den Här Juncker soll mol de Leit soen, bei wéivill Euro genee hien dann ufängt den Index ze deckelen. Beim Mindestloun? Beim duebelen Mindestloun? Hien soll de Leit klore Wäin aschenken, fir dat jiddereen d’Rechnung ka maachen!
Wat sinn zum Beispill d’Konsequenzen fir bestuete Leit mat Kanner déi vun enger Pai liewen am Vergläich mat Leit déi net bestuet sinn, allen zwee schaffe ginn an einfach nëmmen zësummeliewen? Ginn d’Familljen do net massiv benodeelegt?
Hien soll denen Leit déi indexéiert Alimenter musse bezuelen, soen ob si déi musse ganz indexéieren och wann si selwer net méi de ganzen Index kréien ?
Hien soll de Leit erklären, dat d’Deckelung vum Index zu enger Nivelléierung vun de Lounënnerscheeder féiert. Desto méi laang den Index gedeckelt bleift, desto méi kleng ginn d’Ennerscheeder tëschent de Paien vun denen verschiddenen Carrièren. Dat féiert mat Sëcherheet zu sozialer Onzefriddenheet! Déi progressiv Nivelléierung vun der Lounhierarchie ass net nëmmen en direkten Effekt vum gedeckelten Index, den jo fir déi kleng Akommen prozentual dann ëmmer méi grouss ass wéi fir déi méi déck Akommen, mä duerch déi méi héig direkt Steieren bei denen méi héigen Akommen bezuelen déi Leit déi méi verdengen och nach méi Steieren op hir gedeckelt Indextranche wéi déi Leit déi manner verdéngen. Doduerch verstäerkt sech nach de Lounugläichungseffekt. Hei ginn déi bestroft déi vill an hir Ausbildung investéiert hunn oder besonnesch vill Verantworzung an eiser Gesellschaft droen. Dat ass en demotivéierende Faktor a schued eiser Gesellschaft als Ganzt.
Den Här Juncker soll sech och bewosst sinn, dat eng normal Index-Tranche ë global positiven Impakt op de Staatsbudget huet. Ass den Index awer gedeckelt, dann ass dat e Verloscht fir de Stat. Hien kritt dann manner Recetten rann wéi en emgekéiert duerch d’Deckelung vum Index bei de Paien vun de Beamten spuert.
Och fir d’Pensiounskeesen, d’Krankekeesen an d’Flegversëcherung bedeit de gedeckelten Index en Akommesverloscht bei awer am Prinzip onverännerten, respektiv zousätzlech indexéierten Leeschtungen.
Et ass och schwéier anzegesinn, firwat vill Gehälter am Vergläich zu där realer Käschtenentwécklung solle progressiv gekierzt ginn, dat iwwer déi aner indexéiert Mechanismen awer net geschwat gëtt, zum Beispill bei de Loyerën oder bei aneren Kontrakter.
Schliesslech muss een sech och nach froen, wéi e Secteur vun der Economie dann iwwerhaapt géng vun engem gedeckelten Index profitéieren? Wann mir mol unhuelen den Index géif beim duebelen Mindestloun gedeckelt, da missten praktesch all Geschäfter, Bauerebetriber an Handwierksbetriber trotzdem nach dee ganzen Index un hiert Personal ausbezuelen, ganz einfach well déi meeschte Leit an denen Secteuren manner wéi den duebelen Mindestloun verdéngen. Iwwer dem Akommes gengen just en Del vun den Employeeën am private Secteur, besonnesch bei de Banken, Versëcherungen, verschiddenen Servicer an an der Industri, leien, an en Deel vun de Staatsbeamten. Fir de Stat ass de gedeckelten Index awer global gesinn e Negativgeschäft. Richteg profitéieren géngen also vum gedeckelten Index virun allem d’Banken als Patronën. Soll dat ieren als eng sozial gerecht Moosnam verkaf ginn?
A Wierklechkeet ass d’CSV zënter Joeren géint den Index. Ech erënneren just drunn, dat d’Kannergeld zënter Joeren desindexéiert ass, an dat ënner der Regie vun enger Partei déi nach ëmmer de Culot huet fir sech chrëschtlech ze nennen!
D’Economie ka mam Index liewen. Natierlech beklot si sech, dat geng ech an hirer Plaz och maachen, mä si huet ganz aner Prioritéiten. Eis Betriber brauchen eng massiv administrativ Vereinfachung a manner staatlech Amëschung. Eis Economie brauch kuerz Weeër an engem Stat den nach souverän genuch ass, fir kënnen senger Economie Bewegungsraum ze ginn. Et brauch e Stat den sengen Betriber genuch Industriezonen zur Verfügung stellt an den Innovatiounen ënnerstëtzt. Eis Economie brauch e steierlecht attraktivt a kompetitivt Emfeld. Eis Economie brauch qualifizéiert Mataarbechter a gutt Infrastrukturen.
De gedeckelten Index ass Gepléischters op enger ganz falscher Plaz. Ech proposéieren dowéinst fir léiwer d’CSV ze deckelen, so mer mol op maximum 15 Mandater an der Chamber.