Zënter lo schonn e puer Joer gëtt Ungarn an der internationaler Press staark kritiséiert. Dem Här Orban seng Regierung soll d’Onofhängegkeet vun der Justiz a vun der Zentralbank verletzen an d’Fräiheet vun der Press aschränken – sou déi heefegst Viirwërf. Dem Här Premierminister Orban seng Partei, d’Fidesz, ass iwwregens Member an der Europäescher Vollékspartei (EVP) an domadder eng Schwësterpartei vun der lëtzebuergescher CSV.
Hei en Auszuch aus engem Communiqué vun der Europäescher Kommissioun vum Januar 2012:
„2) Unabhängigkeit der Justiz
Im Mittelpunkt des Vertragsverletzungsverfahrens zur Justiz stehen das neue Renteneintrittsalter für Richter und Staatsanwälte und die Entscheidung Ungarns, zum 1. Januar 2012 das verbindliche Rentenalter für Richter, Staatsanwälte und öffentliche Notare von 70 Jahren auf das allgemeine Rentenalter von 62 Jahren zu senken.
Die EU-Vorschriften über die Gleichbehandlung in Beschäftigung und Beruf (Richtlinie 2000/78/EG) verbieten eine Diskriminierung aufgrund des Alters am Arbeitsplatz. Nach der Rechtsprechung des EU-Gerichtshofs muss eine Regierung die Entscheidung, das Renteneintrittsalter nur für eine bestimmte Personengruppe zu senken, durch objektive und angemessene Gründe rechtfertigen. Dieser Grundsatz wurde im Urteil des Gerichtshofs vom 13. September 2011 bestätigt, dem zufolge das Verbot für Verkehrspiloten, über das 60. Lebensjahr hinaus ihrer Tätigkeit nachzugehen, eine Diskriminierung wegen des Alters darstellt.
Im Falle Ungarns hat die Kommission keine objektiven Gründe dafür ausmachen können, dass Richter und Staatsanwälte anders behandelt werden sollen als andere Gruppen, und dies zu einem Zeitpunkt, da das Rentenalter in ganz Europa schrittweise angehoben und nicht gesenkt wird. Diese Entscheidung ist aus rechtlicher Sicht umso fragwürdiger als die Regierung der Kommission bereits ihre Absicht mitgeteilt hat, das allgemeine Rentenalter auf 65 Jahre zu erhöhen.
Auch im Hinblick auf die Unabhängigkeit der Justiz ersucht die Kommission Ungarn um mehr Informationen darüber, wie in den neuen Rechtsvorschriften die Struktur der Gerichte geregelt ist. Dem Gesetz zufolge vereint der Präsident des neuen Nationalen Justizamts in seiner Funktion Befugnisse über die operative Verwaltung der Gerichte, Humanressourcen, Budget und Zuweisung der Fälle. Hinsichtlich der operativen Verwaltung der Gerichte wird die kollegiale Beschlussfassung aufgegeben und werden auch keine anderen geeigneten Sicherheitsmechanismen vorgesehen. Somit trifft in der Justiz nun eine einzige Person alle wichtigen Entscheidungen, einschließlich der Benennung von Richtern. Außerdem wurde das Mandat des ehemaligen Präsidenten des Obersten Gerichtshofs, der im Juni 2009 für sechs Jahre gewählt wurde, Ende 2011 vorzeitig beendigt. Andere ehemalige Richter des Obersten Gerichtshofs können ihr Mandat in der neuen Struktur, die den Obersten Gerichtshof ersetzt hat, dagegen fortführen. Um über die Notwendigkeit weiterer Vertragsverletzungsverfahren entscheiden zu können, hat die Kommission Ungarn aufgefordert, weitere Einzelheiten mitzuteilen.“
Hei ass d’Quell:
http://europa.eu/rapid/press-release_IP-12-24_de.htm
Dat an Ungarn net alles perfekt ass sief dohigestallt, dat ass awer am Abléck net eisen Thema. E lëtzebuergeschen Minister hat schonn 2011 an enger Ried zu Bayreuth, Ungarn als e « net méi demokratesche Stat » bezeechent. Dat ka sinn, mä eis interesséiert villméi ob et eventuell Parallelismen tëschent Ungarn a Lëtzebuerg gëtt. Anescht wéi eist Land stet Ungarn an der internationaler Kritik, mä ass Lëtzebuerg dofir wierklech besser? Gëtt et vläicht och hei Problemer an denen genannte Beräicher? Ass och eis Demokratie a Gefor?
Fir eng informéiert Diskussioun ze erméiglechen, wëlle mir e kuerze Bléck op déi dräi am meeschten diskutéiert Problemberäicher wierfen, an mir fénken haut mat der Justiz un.
- D’Justiz
Der ungarescher Regirung gëtt viirgeworf d’Verfaassungsgeriicht ze schwächen an Afloss op d’Justiz iwwer de Wee vun der Fréipensionnéierung vun de Riichter wëllen ze huelen. Ausserdem géng si allgeméng probéieren d’Onofhängegkeet vun der Justiz anzeschränken.
Déi Problematik vum Verfaassungsgeriicht ass nach relativ nei a gouf nach net an dem Communiqué vun der Kommissioun vun 2012 ernimmt den ech méi wäit uewen zitéiert hunn.
Wéi ass d’Situatioun zu Lëtzebuerg ?
An Ungarn soll d’Verfaassungsgeriicht en Deel vu sengen Kompetenzen verléieren, wat sëcherlech ze bedaueren ass. Hei zu Lëtzebuerg proposéiert de Justizminister iwwerdeems d’Verfaasssungsgeriicht gläich ganz ofzeschafen! Hei soll an Zukunft d’Verfaassungskonformitéit wéi virun 20 Joer nes vum eenzelne Riichter iwwerpréift ginn – e chaoteschen an inefficacen Système den schonn demools net fonctionnéiert huet. Nëmmen iwwer komplizéiert Weeër kéint déi nei « Cour suprême » nach als Verfaassungsgeriicht agéieren. En direkten Zougank vun de Bierger zu där Institutioun géng et natierlech och net ginn. D’lëtzebuerger Regirung wëll offensichtlech iwwerhaapt keng wierksam Verfaassungskontroll vun de Gesetzer méi, an dat nodeems – a vläicht just well – an denen leschte Joeren eng ganz Rei vu Gesetzer duerch d’Riichter als net verfaassungskonform erklärt goufen. Vun eisem Här Biltgen kann den Här Orban nach ëppes léieren!
http://www.mj.public.lu/actualites/2013/02/Cour_supreme/Dossier_de_presse_reforme_Justice.pdf
Den Här Orban wollt de Pensiounsalter vun de Riichter op ee Schlag vu 70 Joer op 62 Joer roofsetzen. Nodeems den Europäeschen Geriichtshaff lo decidéiert huet, dat wär eng Diskriminéierung aus Altersgrënn, mussen Iwwergangszäiten ageféiert ginn. Sou stet et jiddefalls mol an der Press. Dohannert verstoppt sech de Viirworf, den Här Orban wéilt eng Rei vun eleren Riichter lass ginn déi him net passen fir si duerch seng eege Leit kënnen ze ersetzen. Domadder wär d’Onofhängekeet vun der Justiz a Gefor.
Hei zu Lëtzebuerg ass d’Onofhängegkeet vun der Justiz op d’mannst op zwou Manéieren menacéiert.
De « principe d’inamovibilité » vun de Riichter ass duerch e Gesetz vum Mee 2012 iwwer d’Organisatioun vun der Justiz a Fro gestallt ginn. Enner gewëssen Conditiounen kënnen verschidde Riichter neierdéngs och géint hire Wëllen versat ginn.
Dat ass – menger modester Meenung no – eng Verletzung vum Artikel 91 vun eiser Constitutioun, dee set :
« Art. 91.
(Révision du 20 avril 1989)
«Les juges de paix, les juges des tribunaux d’arrondissement et les conseillers de la Cour sont inamovibles. » Aucun d’eux ne peut être privé de sa place ni être suspendu que par un jugement. – Le déplacement d’un de ces juges ne peut avoir lieu que par une nomination nouvelle et de son consentement. Toutefois, en cas d’infirmité ou d’inconduite, il peut être suspendu, révoqué ou déplacé, suivant les conditions déterminées par la loi. »
An dem Zësummenhank ass et och interessant den Avis vum Groupement des Magistrats zum Gesetzesviirschlag 6446 iwwer den Artkel 6 vum Gesetz iwwer d’Organisatioun vun der Justiz ze liesen :
Déi zweet Manéier wéi d’Regirung d’Onofhängegkeet vun der Justiz menacéiert ass iwwer d’Schafung vun engem « Conseil national de la Justice ». Ech verweisen zu dem Thema op dën Artikel « Iwwer d’Geforen vun engem politiséierten « Conseil national de la Justice » » op dësem Blog.
Wann een also d’Situatioun vun der Justiz zu Lëtzebuerg kuckt, da wees ech net ob mir wierklech déi sinn, déi am allerbeschte placéiert sinn fir aneren Lektiounen ze ginn. Déi lëtzebuergesch CSV – sou wéi déi ungaresch Fidesz – plangt eng Rei vu Moossnamen déi fir eis Justiz an domadder fir eise ganzen demokratesche Système geféierlech sinn.
Dohir verlaangen ech:
– D’Bäibehalen vun der « Cour constitutionnelle » an souguer eng substantiell Stärkung vun där Institutioun
– Déi integral Nesaféierung vum Prinzip vun der Onversetzbarket vum Riichter
– De Verzicht op e « Conseil national de la Justice » soulaang iwwer dee Wee och nëmmen déi geréngste Méiglechket vun enger Politiséierung vun der Justiz bestet.