Keng Quoten!

Dat anert Joer si Wahlen an wéi ëmmer kënnt dann nes eng Quotendebatt iwwer d’Fraen an der Politik op eis zou. Ausserdem geeschtert jo och nach ëmmer der Madame Reding hir Propositioun duerch d’Welt fir eng Fraequot vu 40% bei der Besetzung vun de Posten an de Verwaltungsréit vu boursenotéierten Entreprisen viirzeschreiwen.

Grond genuch fir „déi konservativ Säit“ fir d’Quoten nach eemol kritesch ze beliichten. Am Laf vun denen leschten bal zwanzeg Joeren, hunn feministesch Kreeser ëmmer nes probéiert  fir e Quotendenken an der Politik, an der Economie,  op der Universitéit an op anere Plazen  duerchzesetzen. Egal wéi eng Form dëss Fuerderungen am Eenzelnen haten, dohannert stoung ëmmer de Wonsch fir dem Wieler oder aneren Décideuren eng Geschlechterlogik opzezwéngen oder eenzel Persounen, alléng opgrond vun hirem Geschlecht, automatesch Viirdeler ze ginn.

Quoten stinn ganz allgemeng am Widdersproch zu  rechtsstaatleche Grondprinzipien, wéi zum Beispill der Gläichheet vun de Bierger virum Gesetz. An der Politik bedeiten si e Verstouss géint demokratesch Grondrechter, well si de fräie Wëllen vum Wieler aschränken. An der privater Economie bedeiten si ë gravéierenden staatlechen Agrëff an privat geféiert Betriber, an denen de Stat kee Kapital huet a keen Risiko dréit, an déi no maartwirtschaftleche Critèren an an der Verantwortung virun den Actionnairen an all hire Mataarbechter geféiert ginn.

Bei Wahlen an eiser repräsentativer Demokrati ass all Kandidat no sengem politischen a sozialen Engagement, sengen individuellen Iwwerzegungen, sengen intellektuellen Fähegketen a sengen moralechen Qualitéiten zu beuertelen. Reng biologisch Eegeschaften, wéi d‘Geschlecht, d‘Rass oder ähnleches sinn an eiser westlecher, demokratischer Kultur irrelevant. Eng Quot reduzéiert ë Kandidat op eng eenzeg vu senge Charakteristika, nämlech säi  Geschlecht. Dobäi ginn all déi aner villfälteg Eegenschaften vill ze vill ignoréiert. Zum Beispill kann eng Kandidatin, wat hir politesch Iwwerzeegungen ugeet, méi mat aneren männleche Kandidaten verbannen wéi mat aneren Kandidatinnen. Politisch Meenungen sinn net geschlechtsgebonnen.

Déi lëtzebuergesch Demokratie ass eng repräsentativ Demokratie, keng „paritéitesch“. Ons Chamber ass net no bestëmmten Critèren an Ennergruppen ënnerdeelt (wéi zum Beispill nom Geschlecht, dem Beruf, dem sozialem Status, der nationaler Origine, der Relioun, a.ä.m.), mä déi a fräier a geheimer Wal gewielten Perséinlichketen setzen sech am Numm vun hiere Wieler fir dat allgemengt Gutt an. Jiddereen vun den Deputéierten vertrëtt am Prinzip dat ganzt Vollék. E Quotendenken géng dogéint zu enger ëmmer méi grousser Opsplitterung vum Parlament féieren. Wien mat enger Geschlechterquot ufängt, den gëtt ganz geschwënn och nach mat aaneren Partikularfuerderungen fir eng parlamentaresch Vertriedung confrontéiert a kann eigentlech aus senger eegener Logik raus déi da net méi refuséieren. Dat féiert an d‘Logik vum „Ständestaat“, den onsem Konzept vun der Gläichhet vun  alle Bierger virum Gesetz radikal widdersprëcht.

Durch Quoten gewielten Deputéierten sind dacks ganz schwaach Politiker, well si hirer Partei vill ze vill verdanken. Si sinn mat Sëcherhet weder besonnesch kritesch, nach terribel couragéiert oder soss iergendwéi onofhängeg oder onbequem. Domat fëllen si hir Mandat och net sou aus wéi si dat sollten. Dat gëllt besonnesch dann, wann hir eege Partei an der Regirung ass. D’Chamber, déi jo d’Regirung soll kontrolléieren, gëtt duerch sou Quotendeputéierten méi schwaach, wat der Glaafwierdegket vun der Demokratie ganz allgeméng schued.

D‘Quoten diskriminéieren grad déi Leit am meeschten, déi eigentlich dovun profitéieren sollten. Sou gëtt virausgesat, dat Persounen déi „quotegeschützt“ musse ginn, wuel kaum aus egener Kraaft de Sprong an d‘Chamber gepackt  hätten. Am Fall vun enger Fraequot ass dëst virun allem fir all déi  Fraen ongerecht, déi och ouni Quot vill politeschen Erfolleg hätten. D‘Quotefraen schueden der Reputatioun vun de Fraen ganz allgemeng, well déi an den ongerechtfärdegten Verdacht geroden, eng ongenügend Qualitéit oder Leeschtungsfähegket durch e besonnesche Schutz oder eng speziell Ennerstëtzung ausgläichen ze missen. Aus ganz ähnliche Grënn woren a sinn vill schwaarz Intellektueller, virun allem an den USA an an Südafrika, decidéiert géint déi sougenannten  „affirmative action“ zugonschten vun dene Schwaarzen.

Duerch hir emgekéiert Wierkung verschléissen d‘Quoten villen talentéierten Kaderen, Wëssenschaftler oder politikinteresséierten Mënschen den Zougank zu den Wahllëschten oder Féierungspositiounen, iwwerdeems d’Qualitéitsusprëch un d‘Quoteprofiteuren praktesch inexistent sinn. Mir wësse jo zum Beispill genee, dat verschidde Parteien virun de Wahlen eng regelrecht „Juegd“ op Frae maachen, nëmmen fir der genuch ze kréien. Op den Universitéiten ginn Fraen systematesch avantagéiert. Wat dobäi rauskënnt, sief hei aus Héiflechket net gesot. Ee Phänomen sief trotzdem ernimmt: weiblech Familljememberen vun  méi bekannte Politiker ginn alléng scho gär wéinst hirem Numm rekrutéiert. Dat féiert zu enger Kastenstruktur an der Politik, zu Fammilljeclanen an domat zu enger weiderer Schwächung vun transparenten an demokratesche Strukturen.

D’Quot ass nach aus anere Grënn eng geféierlech Denkverierung. Wen numeresch Quoten richteg  fënnt, dem gefalen vläicht iwergendwéini och nach Meenungsquoten. Déi „politesch korrekt“ Iwwerzeegungen mussen vertrueden sinn, déi „richteg“ Ideologie.  Dat ass dann och nach déi allereenzeg Qualifikatioun déi d’Quoteleit mussen matbréngen: si mussen fanatesch a skrupellos genuch sinn fir déi nobel Aarbecht vum ideologiséierten Politkommissar kënnen ze erledegen.

Wéinst dëse grondsätzleche Kritiken um Quotendenken, sinn och all Varianten vun der Quot ze refuséieren, wéi zum Beispill paritéitesch besate Wahllëschten, no engem Geschlechtercritère festgeluegte  Plazen op de Wahllëschten, sougenannten „Tirettesystèmer“, an ähnleches méi. All déi Systèmer limitéieren d‘Wahlfräihet vum Wieler. Och virun der Méiglechket fir de Panachage ofzeschafen muss gewarnt ginn. Well wann déi  Optioun vun der fräier Auswiel sollt verschwannen, da loossen sech vill méi liicht Quoten op de Wahllëschten aféieren, laanscht déi de Wieler dann nët méi kënnt.

Hei ass och nach den Enworf fir meng Ried an der Chamber bei der Quotendebatt am Joer 2010 (de Video kënnt hannendrunn):

Här Präsident,  Dir Dammen an Dir Hären,

 Als Basis vun där Debatt vun haut, gouf den Artikel 7 vun der Konventioun iwwer d’Eliminatioun  vun alle Formen vun Diskriminatioun vun de Fraen gewielt. Zesummen an zefridden kënne mir hei feststellen, datt Lëtzebuerg all Dispositiounen vun dem  Artikel erfëllt!

Bei eis am Land kënnen  d‘Fraen– an ech zitéieren den Artikel –

a)      Bei alle Walen a Referenden wielen a kënnen an all Funktioune gewielt ginn, déi duerch Walen ze besetze sinn,  

b)       Si kënnen un der Gestaltung vun der staatlecher Politik deelhuelen a kënnen ëffentlech Aemter op alle Regirungsniveauen exercéieren; an

c)       Si kënnen un allen Organisatiounen an Associatiounen deelhuelen, déi sech mat dem ëffentlechen a politesche Liewen vum Land beschäftegen.

 Zu Lëtzebuerg hu mir also all eis international Verpflichtungen an dem Zësummenhank a vollem Emfank erfëllt. Doriwwer freeë mir eis a mir hoffen, datt dat och geschwënn eng Kéier an alle aanere Länner op der Welt de Fall ass!

Eigentlech brauche mir also eng Diskussioun fir déi heiten hei am Land nët méi ze féieren. Wann awer nawell haut nach eng Debatt zu dem Thema an lëtzebuergeschem Parlament stattfënnt, da muss een sech froë firwat eigentlech?

Well verschidde  Leit mengen, d’Fraën wären hei am Land awer nach an der Politik benodeelegt, si wären och  nach „ënnerrepresentéiert“ (an Anführungsstrëcher) , si missten an der Politik nach weider gefördert ginn,  jo, souguer eise Walsystème misst geënnert ginn fir méi Fraen an d’Politk ze brengen, a fir hir politesch Promotioun ze erméiglechen.

Op sou Iwwerleeunge musse mir also an dëser Diskussioun agoen, an zwar ëmmer mam Bléck op d’Realitéiten an eiser Gesellschaft,  mee och a virun allem am Respekt virun eiser Demokratie an der’Rechtsstaatlechkeet.

Wa mir vum Konzept vun der „Ennerrepräsentéierung“ schwätzen, da musse mir wëssen, datt  mir eis an enger Quotelogik befannen . Well u sech ass jo déi éicht a wichteg Fro déi, op Fraen déi sech wëllen an der Politik engagéieren, dat och kënne maachen?

 D’Entwert op déi Fro ass e klore JO! Et ass souguer sou, datt  d’Parteien all Méigleches maachen, fir d’Fraen fir d’Politik ze motivéieen. Eng Fra déi haut decidéiert fir an d’Politik ze goen, huet wahrscheinlech souguer besser Chancen wéi e Mann fir Carrière ze maachen – all Partei ass frou wa  Fraen si  wëllen ënnerstëtzen an sech bei hir engagéieren.

Déi behaapten Ennerrepresentéierung vun de Fraen an der Politik gëtt et net, wann een d’Fro richteg stellt: gemooss um respektiven Interessi vun de Fraen a vun de Männer un der Politik an hirer respektiver Bereetschaft fir sech politesch ze engagéiern, sinn d’Fraen do ënnerrepresentéiert? D’Entwert op déi Fro ass en däitleche NAE, well all Sondage weist, datt d’Fraen sech am Duerchschnett manner fir d’Politk interesséieren wéi d’Männer an och manner dacks wëlle politesch aktiv ginn.

A feministesche Kreeser héiert een dee Phänomen hätt eng Rei Uersaachen, dorënner – fir der just e puer ze nennen: d’Fraen gengen aanecht sozialiséiert gi wéi d’Männer, de Fonctionnement vun de politesche Parteien wär net fraefrëndlech,  d’Männer gengen de Fraen kee Fräiraum ginn well se Konkurentinne wären, an esou virun.

Dozou wär ze soen, dat d’Simone de Beauvoir sech dramatesch geiert huet, wou si behaapt huet « On ne naît pas femme, on le devient ». All neurologesch a physiologesch Fuerschungen beweisen, datt et vill a ganz fundamental natierlech Ennerscheeder an der Denkweis an am Gefillsliewen tëschent Fraen a Männer gëtt – duerch aaner  Gehierstrukturen, Hormoner, an esou virun  – an dat iwwersetzt sech och a Präferenzen fir aaner Aktivitéitsfelder an aaner Beruffer. Nä, net eng aaner Sozialisatioun ass hei um Wierk mee eng aaner Natur vu Mann a Fra. Déi feministesch Ideologie huet als Basis fir d’Natur vum Mensch wëllen auszeblenden fir d’Gesellschaft ëmzebauen, an dem Usaz muss si scheiteren wéi sou vill aner Ideologien virun hir!

Vergiesse mer net, dat zënter Joerzengten eis Kanner an eis Léierpersonal mat feministeschen Theorien gefiddert ginn – a et huet sech fundamental awer näicht geënnert: méi jonk Meedercher wéi Jongen interesséieren sech staark fir e sozialen oder edukative Beruff, méi jonk Männer wéi Meedercher fir eng technesch oder  eng wëssenschaftlech Carrière. Dobäi ass iwwerhaapt näicht Schlechtes. Jidderree soll kënnen dee Beruff wielen, den hien oder hatt erfëllt, ouni ideologeschen Afloss vu baussen! A wen e sougenannten „atypesche“ Beruff wëll wielen soll dat kënne maachen – an aller Fräiheet – mee eng Endoctrinéierungspolitik dofir brauche mir beileiwe net!  Och keen girls- oder boys day!

Wat ass un dem Argument drunn, datt Fraen net géngen an d’Politik goen, wëll zum Beispill d’Reunioun zu net familljefrëndlechen Zäite génge stattfannen? Meechtens si politesch Reuniounen owends oder de Weekend – fir och dene Leit déi schaffen d’Méiglechkeet ze ginn deelzehuelen. Net  jiddereen kann awer dohi kommen: Leit déi Schichtaarbecht maachen, Leit a Féierungspositiounen a Fräiberuffler mat besonnesch laangen an onregelméissegen Aarbechtszäiten, Mammen a Pappen déi Kanner versuergen, Leit déi eeler Leit oder krank Leit versuergen; si a nach aanerer hu Schwiregkeeten fir um politesche Liewen deelzehuelen. Dat betrëfft souwuel Fraen wéi Männer. D’Parteie sollte probéiere fir sou flexibel wéi méiglech ze sinn, mee et ass schwéier fir dee richtege Wee ze fannen.

Et siew hei drunn erënnert, datt ech eng Motioun proposéiert hat, fir den Deputéierten mat Kanner an dem Personal vun der Chamber eng Crèche zur Verfügung ze stellen. Dat hätt och ville jonken Mammen a Pappen de Schrëtt an eng politesch Carrière vläicht méi liicht gemaach. Leider huet all Partei, ausser der ADR, déi Motioun verworf. Wéi hypokritesch ass d’Politik vun all dene Parteien, déi hei fuerderen dat méi Fraen – also och Mammen – sollen an d’Politik kommen, mä géint déi Motioun gestëmmt hunn déi just dat méi einfach gemaach hätt! Nenne mer déi hypokritesch Parteien  beim Numm: d’CSV, déi Greng, d’LSAP, d’DP an déi Lénk.   

Dat Männer de Fraen kee Fräiraum an de Parteien génge ginn ass einfach net wouer: all grouss Partei, och d’ADR,  huet eng Fraesectioun obwuel ee kann gedeelter Meenung iwwer sou eng Struktur sinn. Eenzel Parteien hu Fraequoten ageféiert – wat en ondemokratesche Wee ass: de sécheren Ierwee, souzesoen,  den CSV iwwregens net nemmen an der Fraepolitik mat grousser Treffsëcherheet wielt.  All Partei probéiert och sou vill wéi méiglech Fraen op hire Lëschten ze hunn. Ouni Quoten hat d’ADR  26 weiblech Kandidaten vu 60 bei dene leschte Parlamentswahlen – déi zweethéchsten Zuel vun alle Parteien an déi héchst vun dene Parteien déi ouni déi ondemokratesch Quoten auskommen. 

Loos mer mol e Wuert iwwer d‘Quoten soen – Paritéit ass jo just eng Variant am Kader vun dem Quotendenken.  Quoten wëllen der Politik eng Geschlechterlogik opzwengen – amplaatz der Qualitéit vun engem Kandidat, séngen Iddien, sengen Iwwerzeegungen, sengen politeschen Ziler, senger Biographie, senger Intelligenz a Glaawwierdegkeet, gëtt op eemol en eigentlech onwichtege Critère an d’Mëtt gestallt: säi biologescht Geschlecht. A mat dem Critère, deen eigentlech keen ass, soll déi fräi Wal vum Wieler ageschränkt oder manipuléiert ginn.

Quoten hu nëmme Nodeeler. Wou fänken se un a wou halen se op? Firwat nëmme Quoten no Geschlecht a net och no aanere Critèren? Firwat net och Quoten fir aner Kategorien vu Matbierger? Kuckt Iech mol déi soziokulturell Zësummesetzung vun eiser Chamber un: ass et net schued dat heibannen bal kee Bauer ass, a bal keen Handwierker? Sollte mer net och Quoten fir ënnerrepresentéiert Beruffer hunn? Oder Quoten no Relioun a philosophescher Iwwerzeegung? Quoten no Schoulbildung? Quote no Familjesituatioun? Quoten no der sozialer Origine?  Wou liewe mir dann: an enger parlamentarescher, repräsentativer Demokratie oder an engem Ständestaat wou all Grupp an all Grippchen mengt missen am Parlament vertrueden ze sinn?  Wee wëll Quoten aféieren, dee muss sech och dat iwwerleeën!   Bei eis vertrëtt all Deputéierten d’Vollék a sénger Gesamtheet, jiddereen vun eis huet un all seng Matbierger ze denken a net nëmme Partikularinteressen ze vertrieden: sou ass et gutt a sou muss et och bleiwen!

A loosse mer dach mol éierlech soen wéi et ass: déi mannste Quoteleit iwwerzeegen duerch hir Kompetenz! De Quotegeroch pecht un hinnen wéi eng Pescht!  D’Quot huet si zwar an eng Funktioun bruecht, mee dat ass net onbedengt gutt fir d’Funktioun, an dat ass dach dat eenzegt wat wichteg ass: dat kompetent Leit op de Poste setze a net egal wen! Dir sot mir vläicht, wann een schon eng Regirung huet wéi eis, dann kënnt et op Quoten och net méi un! Dat ass natierlech e staarkt Argument, dat muss ech leider zouginn!

 Här Präsident,

Quoten si keen Instrument fir Ongerechtegkeeten ze iwwerwannen, Quoten sinn ongerecht. Si promouvéieren d’Mediocritéit an behënneren aaner gutt a motivéiert Leit an hirer Carrière.

An d’Qoten diskriminéieren d’Fraen! Gudd Kandidatinnen kënnen sech ganz gutt ouni Quoten duerchsetzen! Gutt Fraen brauche keng Quoten! Gutt Männer iwwregens och net.

 Här Präsident, Dir Dammen an Dir Hären,

An dene leschte Joeren hunn dee genee sou deieren wéi  iwwerflëssege Fraeministère a seng befrënnten an héig vum Steierbezueler subventionnéiert  Metastasen ëmmer nees probéiert fir eise Walsystème ze manipuléieren an de Système vun der fräier, geheimer an universeller Wal ze ënnergruewen.

Et gouf fir t’éicht mol probéiert de Panachage ofzeschaafen. Wat d’Zësummesetzung vun der Chamber ugeet,  hätten d’Parteien dann vill méi ze soen gehat wéi de Wieler! Dat konnten d‘DP an d‘ADR awer Gottseidank verhënneren! E nodréigleche Merci dofir un déi Demokratesch Partei. Si hat fréier och hir gutt Zäiten – mee dat ass leider laang hier.

An dono hat de Conseil national des femmes déi wonnerbar Iddi fir zwou Fuerwen vu Walziedelen anzeféieren : bloer fir d’Männer a rosaer fir d’Fraen. Domadder hätt een da kënne besser kontrolléieren wéivill Fraen fr Männer stëmmen a wéivill Männer fir Fraen. A wen weess, als nächste Schrëtt kéint ee jo da soen, dat e bloe Walziedel nëmmen da gëllt wann op d’mannst sou an sou vill Fraën ugekräizt goufen. An och d’Fraen kriiten esou Virschrëfte gemaach. Erënnert iech un déi Campagne d’Fraen solle nëmme fir Frae stëmmen!

A wann dann eng Fra engem männleche Kandidat vertraut? Soll si da net fir hee stemme, nëmmen well en e Mann ass? Solle mir Männer dann ieren och nëmme nach fir Männer stëmmen? Beileiwe net! Ech verrooden Iech e Geheimnis: ech wor nach ni stëmmen ouni dat ech och fir Frae gestëmmt hätt, an zwar fir Fraen denen ech vertrauen, dat heescht besonnesch déi vun der ADR!

De Feminismus well – wéi all ondemokratesch a fanatesch Besserwësser – d’Leit  zwangsbeglécken. D’Madame Jacobs, wou si nach Fraeministesch wor, sot zum Beispill eemol : « (…) je suis arrivée à la conclusion qu’il est indispensable de réfléchir à la mise en place de mesures contraignantes, afin d’augmenter le nombre de femmes au niveau de la prise  de décision des partis, sur les listes électorales et dans les organes politiques. »  Dat ass een vun dene ville fundamentalen Enerscheeder tëschent der CSV an der ADR: d’CSV geet de Wee vun Zwang, Virschrëften  an Onfräiheet, d’ADR geet de Wee vun Iwwerzeegung, Respekt a Fräiheet.

Déi neitsten Iddi aus dem Fraemnistère ass elo e Kappgeld  op Kandidatinnen auszesetzen.  Dat ass mol fir t’alleréicht eng Violatioun vum Gläichheetsprinzip vun de Lëtzebuerger virum Gesetz: fir d’ADR ass ee Mënsch sou vill wäert wéi en aaneren. Wee mat Suen probéiert fir an der Politik seng Ziler ze erreechen muss oppassen  – an dësem Fall geet d’CSV op de Wee vun der politescher Korruptioun. D’Parteien solle kaaf ginn, bestach fir et däitlech ze soen, fir de Virschrëfte vum Fraeministère nozekommen. Dat verstéisst géint all politesch Ethik. Vläicht muss d’CSV bezuelt ginn, fir méi Fraen op hir Lëschten ze huelen, mir vun der ADR hu bewisen, datt mir dat net brauchen. „

Dieser Beitrag wurde unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert