Fir interesséiert Leit, weisen ech hei op e Bäitrag vu www.kath.net hin, an dem eng Stellungnam vum Jorge Mario Kardinol Bergoglio aus dem Joer 2010 reportéiert gëtt. Demols huet dat argentinescht Parlament iwwer d’Aféierung vum Homo-„Bestietnis“ diskutéiert:
http://www.kath.net/news/40542
Eng ähnlech Positioun vum Aerzbëchof vu Lëtzebuerg ass mir net bekannt. Dozou och op dësem Blog den Artikel: „Homosexuellen – „Bestietnis“: Här Bëschof, wéi wor dat gemengt?“.
Mäin Androck ass a bleift, dat d’Kierch hei am Land un éichter, zweeter an drëtter Plaatz d’Interessen vun der CSV vertrëtt. D’Wort ass nach ëmmer voll mat gratis CSV-Reklammen. Egal wéi eng Lokalsectioun vun der CSV grad e Keelenowend organiséiert – si packt et bal bis op d’Titelsäit. Glaafwierdeg ass déi zu 100% parteigebonnen lëtzebuergesch, kathoulesch Kierch mat Sëcherhet net méi.
Déi Dräifaltegket déi ech ubieden heescht jiddefalls net Juncker, Wolter an Zeimet!