Top secret: d’Chamber bereed d’Auslännerwalrecht vir an d’Press seet näicht!

Et muss een schonn e ganz gudden Detektiv sinn, fir um Site vun der Chamber www.chd.lu, eng net grad onwichteg Notiz iwwer d’Auslännerwalrecht ze fannen. Ech selwer wousst och näicht dovun, bis eng gutt Frëndin mir et gesot huet an déi hat déi Neiegket op Radio Latina (!) héieren. Déi parteigesteiert lëtzebuergesch Press huet näicht doriwwer gesot  – vläicht hätt et jo kënnen Onrou bei genee dem Vollék ginn, dat déi lëtzebuergesch Deputéierten eigentlech missten representéieren. Mä an der Chamber maachen ëmmer méi Parteien Politik ouni op d’Meenung vun de Leit Rücksicht ze huelen. D’ADR awer net!

Wat ass geschitt?  An der Chamberkommissioun déi fir déi institutionell Froen zoustänneg ass, an an där d’ADR net Member ass, woren d’Parteien sech eens, dat dee Passage an der Verfaassung den virschreift, dat ee muss Lëtzebuerger sinn fir bei de Chamberwalen d’Wahlrecht ze hunn soll gestrach ginn. An Zukunft soll d’Walrecht per Gesetz geregelt ginn, mat enger 2/3 Majoritéit.

D’ADR huet haut op hirem Kongress dozou genee dat gesot wat richteg a néideg wor: mat hir get dat do net! En ADR- Kongress gëtt zum richtegen Zäitponkt mat där do Fro saiséiert, an d’ADR rifft dann héchstwahrscheinlech d’Leit op fir beim Referendum mat engem kloren an däitlechen NEEN ze stëmmen. Fir d’ADR muss d’Walrecht bei denen nationalen Legislativwahlen onbedéngt fir déi Lëtzebuerger Staatsbierger reservéiert sinn a bleiwen!

Et verstet een lo ëmmer besser firwat eng LSAP zum Beispill géint e Referendum iwwer d’Verfaassung ass. D’Lëtzebuerger Vollék soll entmündegt ginn, et ass de Putsch vun denen lénke Politiker géint hiert eegent Vollék an danzt Ganzt gëtt alt nes méiglech duerch d’CSV! Wéi sot schonn de Gast Gibéryen haut um Kongress: „D’CSV ass net d’Léisung vun eise Problemer, d’CSV ASS de Problème!“

Hei ass, als een vun denen villen  konkrete  Beweiser fir dëss absolut korrekt Behaaptung, en Extrait vum Site www.chd.lu:

 

„Ouverture politique pour le droit de vote pour étrangers

Paul-Henri Meyers, Président de la Commission

Il faudrait encore une loi, mais l’obstacle constitutionnel pourrait bientôt être ôté de la Constitution. A l’avenir, les étrangers vivant au Luxembourg, pourraient participer aux élections législatives. La loi fondamentale ne s’opposerait donc plus à ce que les étrangers disposent du droit de vote actif. Une loi réglant d’autres conditions, comme p.ex. la durée de résidence, devrait être adoptée à la majorité qualifiée (par 40 des 60 députés).

Les membres de la Commission des Institutions et de la Révision constitutionnelle ont, le 13 mars, discuté sur le chapitre concernant la Chambre des Députés. Ils revoient actuellement, article par article, les propositions d’amendement qu’ils souhaitent apporter au texte de la proposition de révision avisée par le Conseil d’Etat. Quand les amendements seront prêts, ils seront soumis à la Haute Corporation pour avis complémentaire.“

Hei ass de Link:

http://www.chd.lu/wps/portal/public/!ut/p/b1/rZFfa4MwFMU_0chN_P9oGqtxmjaaWM1LsXSUtlr3MLrpp18Gg8Fg9GX3PF343XPgXGRQhz0Mju8FQFCLzK2_n0_923m69cPXbvw9I6ypuEsgDaQLJE_yQNfCCZlvgc4CJAzrKo3LJIo0BQ4rXCeSEuDk0f0OdatvE_hjYnhk0lkg-AHCgoZARBzXQcYdYB5SqAV3X1_mV75cl-qyyLlUmijFMdYEi-SuhL6CiI5CMUlANVwxsS0X-VEuZlNH2fbYVJrGdFy3RP8OTAtuy1vDhj5jCZDifw_MkTkN08F-ZMeQyKbxBY1mKOan3urw_gndlQ_5/dl4/d5/L2dBISEvZ0FBIS9nQSEh/

 

Dieser Beitrag wurde unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert