Vergläich Lëtzebuerg-Ungarn. Drëtten Del: d’Fräihet vun der Press (1)

3) D’Fräihet vun der Press

Iwwer d’Fräihet vun der Press zu Lëtzebuerg kann een natierlech vill Meenungen hunn. Déi eng mengen, hir Fräihet wär limitéiert, well si zëvill vun e puer décken Reklammsclienten ofhängeg wär, anerer gesi Geforen an där massiver direkter an indirekter Presshëllef duerch de Stat an aner ëffentlech Instanzen.

Leider kann ech net un eis Press denken, ouni fir t’éicht menger bal dagdeeglecher Enttäuschung Ausdrock ze ginn.

Fir mech ass, allgemeng gesinn, déi lëtzebuergesch, bal komplett parteigesteiert, Press qualitativ am ënnechte Mëttelfeld vun der europäescher Zeitungslandschaft. Besonnesch blamabel ass, dat d’Press akzeptéiert dat de Premier si zu enger Neijooschreceptioun invitéiert – emgekéiert wär scho besser – dat de Premier de Journalisten Gielecher uspéngelt an hinnen och nach Rootschléi mat op de Wee gëtt wéi si hir Aarbecht ze maachen hunn. Op déi soumissiv Interviewen an divers Bléien vum Persounekult ginn ech lo léiwer net an.

RTL – theoretesch neutral – ass awer alles anescht wéi dat. Am Conseil d’administration setzen d’CSV, d’LSAP an d’DP – déi aner Parteien net. Journalisten déi besonnesch « méritoire » sinn, därfen mat op eng Wahllëscht a kënnen Minister oder Deputéierten ginn. Am Ausland beméien sech ëffentlech-rechtlech Institutiounen ëm politesch Objektivitéit an Neutralitéit. RTL spillt hei am Land mat sengem enorme Gewiicht an op Basis vum Konzessiounsvertrag zwar eng analog Roll, mä ass politesch alles aanescht wéi neutral.

Well de Sujet vun dësem Artikel jo awer de Vergläich vun eiser Situatioun mat där an Ungarn ass, sief drunn erënnert dat am Januar 2011, verschidde lëtzebuergesch Ministeren de Mond ganz voll geholl wou et ëm dat ungarescht Pressgesetz goung.  Den Här Asselborn hat zum Beispill verlaangt, dat déi Europäesch Kommissioun misst d’Pressfräihet an Ungarn duerchsetzen an hëllefen fir dat d’Meenungen an der Press kéinte fräi ausgedréckt ginn. Dat ungarescht Mediengesetz géng géint Artikel 11 vun der Europäescher Charta vun de Grondrechter verstoussen.

Den Artikel schreift vir :

« Artikel 11

 Freiheit der Meinungsäußerung und Informationsfreiheit

(1)    Jede Person hat das Recht auf freie Meinungsäußerung. Dieses Recht schließt die Meinungsfreiheit und die Freiheit ein, Informationen und Ideen ohne behördliche Eingriffe und ohne Rücksicht auf Staatsgrenzen zu empfangen und weiterzugeben.

(2)    Die Freiheit der Medien und ihre Pluralität werden geachtet. »

 De konkrete Problem war, dat an Ungarn e « parteipolitesch dominéierten Medienrot » sech geng an d’Press amëschen. Abee jo… wéi wor scho méi d’Zësummesetzung vum Verwaltungsrot vun RTL?

Tatsaach ass, dat den ungaresche Medienrot NMHH, den 2010 geschaafe gouf, politesch zësummegesat wor an effektiv en Drock hätt kënnen op d’Press ausüben. Deelweis konnt een jo nach mam Optrag vun dem Gremium d’accord sinn – sou huet den NMHH zum Beispill missen oppassen, dat an den ëffentlech-rechtleche Medien d’Reportagen  « politesch equilibréiert » wären. Definitiv problematesch gouf et awer wou un eng Ausdehnung vun denen Kompetenzen op déi privat Medien an souguer op d’Internet geduecht gouf.

Dat Gesetz iwwer den NMHH gouf schaarf kritiséiert, souwuel an Ungarn wéi och international. No engem Uerteel vum ungareschen Verfaassungsgeriicht gouf et 2012 reforméiert. De Quelleschutz vun de Journalisten gouf verbessert an d’Méiglechkeeten vun enger staatlecher Amëschung an d’Press staark limitéiert.  D’Europäesch Kommssioun huet sech mat den Aennerungen zëfridde  ginn.

Déi Méiglechkeeten déi den NMHH haut nach huet, fir Sanktiounen och géint privat Medien auszeschwätzen (zum Beispill bei engem Verstouss géint déi « ëffentlech Moral ») ginn nach ëmmer staark kritiséiert. Mä och hei zu Lëtzebuerg gëtt et sou Tendenzen.

Sou soll de « Conseil national des Programmes » zu enger ALIA (« Autorité luxembourgeoise indépendante de l’audiovisuel ») ëmgebaut ginn, déi och wäitgoend Sanktiounsméiglechkeeten huet. E Projet de loi gouf vum Här Minister Biltgen an der Chamber deponéiert (Nummer 6487):

http://www.chd.lu/wps/PA_RoleEtendu/FTSByteServingServletImpl/?path=/export/exped/sexpdata/Mag/160/135/115394.pdf

D’ALIA ass och kompetent fir d’Kontroll vun private Medien hei am Land  (an dat geet, niewebäi bemierkt, bis an de Beräich vun de Reklammen fir d’Séissegketen).

Am Artikel 21 vun dem Gesetz gëtt en neien « Artikel 35 sexies » geschaf. An dem ass eng impressionant Rei vu Sanktiounsméiglechketen virgesin. Doriwwer freet sech den aktuellen CNP (Conseil national des programmes) :

« Dans ce contexte d’ailleurs, le CNP ne peut que se réjouir du fait qu’une de ses revendications de très longue date, à savoir le catalogue et la graduation des sanctions en cas de violation d’une disposition de la loi, verra finalement le jour avec le projet de réforme sous examen. »

Quell : http://cnpl.lu/fr/2013/02/lalia-lavis-du-cnp/#more-3416

Déi Sanktiounsméiglechkeeten kënnen aus héige Geldstrofen (bis zu 25.000 Euro) bestoen, oder souguer en Réckzuch vun enger Konzessioun bedeiten. Déi ALIA huet also, konkret geschwat, d’Méiglechkeet fir kléng, privat Medien finanziell ze ruinéieren oder duerch e Verloscht vun der Lizenz zum Ophalen ze zwéngen. Dat an Ungarn d’NMHH kann Lizenzen vu privaten Medien zréckzéien ass, wéi mir gesinn hunn, jo eng vun denen nach ëmmer aktuellen Kritiken géint den Gremium.

Sou Sanktiounsméiglechketen goufen ënner anerem vu feministeschen Organisatiounen gefuerdert, déi sech ëm d’Bild vun der Fra, d’Zuel an d’Wichtegket  vun der Präsenz vun de Fraen an de Neiegkeeten, an d’Bild vun der Fra an der Publicitéit Suergen maachen.

Wéi et am Gesetzesprojet stet kritt d’ALIA eng « assemblée consultative » där hir Zësummesetzung soll an engem Règlement grand-ducal festgeluecht ginn. Déi assemblée  soll aus Vertrieder vu sozial oder kulturell repräsentativen Organisatiounen zësummegesat ginn. Och do misst een vläicht en An drop halen…

Aus all denen genannten Grënn,  halen ech dee Projet vun der ALIA net fir ongeféierlech fir d’Fräiheet vun der Press hei am Land.

 Aktualiséierung: am Juli 2013 ass dat Gesetz iwwer d’ALIA gestëmmt ginn. Ech hunn dozou an der Chamber Stellung geholl.

view video on chd.lu 
Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Europa an d'Welt, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert