De „sëchere Wee“ an d’Faillite – e Bléck an eis finanziell Zukunft 2014

D’nächst Joer si Walen, an selbstverständlech wëllen déi meeschte Parteien de Leit net soen, wat op si zou kënnt. Léiwer gëtt dat Blot vum Himmel versprach, wéi dat si géngen  d’Wouerecht soen. Dat ass net de Wee vu menger Partei an schonn guer net mäin eegenen. No beschtem Wëssen a Gewëssen, well ech also probéieren, e Bléck an d’Kristallkugel ze wierfen.

Virun denen leschte Walen – obschonn d’Keesen och deemols schonn sou gutt wéi eidel waren, huet d’CSV nach enorm Wahlcadeauen verdeelt : d’Paien vum Léierpersonal an der « Grondschoul » goufen massiv gehéigt an d’ « chèques-service » goufen ageféiert. D’CSV  huet Wahlkampf op Käschten vum Steierbezueler gemaach a gouf dofir mat 26 (!) Mandater  belount.

Déi Kéier sollen d’Staatsbeamten nach kuerz virun de Walen eng Augmentatioun vun hirer Pai kréien, obschonn den Defizit am Staatsbudget well Joer fir Joer bei wäit iwwer enger Milliard Euro läit. Dat heescht mir missten nach eemol zousätzlech Suë léinen goen fir dat d’CSV d’Walen och déi Kéier  gewënnt.  Ech si selwer Beamten, mä ech well keng Augmentatioun vu menger Pai op Kredit. Ech wëll net dat déi nächst Generatiounen musse schaffe goen, fir mäi Konsum vun haut ze bezuelen. An ech akzeptéieren  keng Politik déi nëmmen kann bis zum nächsten Wahltermäin denken!

Dësst Joer geet de Lëtzebuerger Stat 4 (!) Milliarden Euro léinen, dat bei engem Budgetsvolumen vun am Ganzen ronn 12 Milliarden Euro.  Dovun sinn alléng 1,5 Milliarden fir de Budgetsdefizit auszegläichen. Zum Vergläich : Däitschland geet 2013 bei engem Budget am Zentralstat (Bundeshaushalt)  vun 302 Milliarden Euro 17,1 Milliarden Euro léinen an 2014 bei engem Budget vun 296,9 Milliarden nëmme nach 6,4 Milliarden.  D’ëffentlech Verschëldung vun eisem Land ass a kuerzer Zäit dramatesch an d’Luucht gaang, dat bei enger gläichzäiteger Verschlechterung vun eiser Kompetitivitéit, enger ongenügend diversifizéierter Economie, enger Deterioratioun vun eisem steierlechen Emfeld an engem ëmmer méi rapiden Verfall vun eisem Schoulsystème.  De Chômage klëmmt an gëtt zu enger ëmmer méi grousser Laascht fir de Statsbudget, genee wéi d’Scholdzënsen déi well iwwer 200 Milliounen Euro leien, dem Géigewärt vun zwee Lycéeën.

2015 falen d’Recetten vun der TVA um elektroneschen Handel bal ganz wech, sou dat nach eemol ronn 800 Milliounen Euro Recetten felen. De Staatsdefizit, wann net endlech richteg  gespuert gëtt (wat ech awer net gleewen), klëmmt dann op eppes iwwer 2 Milliarden Euro d’Joer!

Ech halen vun där Theorie, dat d’CSV eng besonnesch finanzpolitesch Kompetenz hätt strictement iwwerhaapt näicht. Ech mengen, dat si am Géigendel bewisen huet, dat si NET kann verantwortungsvoll mat den ëffentleche Gelder ëmgoen. Si huet e puer gutt Leit awer dë Wëllen, d’Eierlechket an de Courage felen!

 An der – absolut onsëcherer – Hypothes, dat et keng weider grouss Euro-Turbulenzen gëtt, ass mäi finanziellen Prognostic  fir 2014 am Abléck den hei: (CSV-geféiert d’Regirung ouni d’ADR)

Weider « kal » Steiererhéigung duerch d’Nëtupassung vun der Steiertabell

Weider liicht Augmentatioun vun der Solidaritéitssteier,  Augmentatioun vun der Grondsteier

Abrël/ Mee 2014 : Augmentatioun vun de Beamtepaien virun de Walen

WALEN

Oktober 2014 : den Index gëtt gedeckelt, Erhéigung vun de Bäiträg fir d’Flegversëcherung an d’Gesondheetskees

Verloscht vum „AAA“ Status vum Land wéinst eiser Iwwerverschëldung – Verdeierung vun eise Krediter.

Zweet Pensiounsreform well déi éicht ze spéit gräift

November 2014 : 13. Mount gëtt definitiv gestrach  an den Index-Wuerekuerf gëtt « iwwerschafft », d’Akzisen op Alkohol, Tubak a Petrolsproduiten ginn gehéigt, d’TVA gëtt gehéigt

Weider Käschtenerhéigungen fir d’Bankeclienten duerch eng EU-wäit Finanztransaktiounssteier (an doduerch och  eng weider Verschlechterung vun der Situatioun vun eiser Finanzplaz)

Steiererhéigung fir d’Betriber duerch EU-wäit Normen iwwer d’Bemiessungsgrondlag an eng national Decisioun iwwer d’Erhéigung vun der Mindestbesteierung fir d’Betriber

Virun allem wann « déi Gréng » sollten mat an d’Regirung kommen : zousätzlech eng däitlech Verdeierung vun den Energiekäschten. Wann d’DP mat an d’Regierung kënnt; d’Sträichung vum Rentenajustement.

Ech mengen net, dat den do Szenario fir 2014 iwwerdriwwen oder onrealistesch wär, sinn awer ganz gär bereet fir en unzepassen wann Korrekturen proposéiert ginn oder nach Iddien sollte kommen.

Meng Alternativ ass ganz kloer : ech geng déi ëffentlech Ausgaben konsequent reduzéieren fir der Scholdepolitik en Enn ze maachen. Ech sinn eben e Konservativen a bekennen mech dozou. De Stat därf net méi Suen ausginn wéi en der huet.  An ech mengen, dat waer am Abléck nach méiglech ouni missen allzevill un Sozialofbau ze denken.

Ech mengen och, dat d’ADR insgesamt op dem Wee geng matgoen. Eng Rei vu Spuerpropositiounen huet si jo schonn proposéiert a publizéiert. Ausser der ADR gesinn ech awer keng Partei déi d’Spueren geng virun d’Scholdemaachen oder Steiererhéigungen setzen.

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert