Et ass nach net laang hier, dat den Euro ageféiert gouf. Deemools, am Joer 2000, gouf et eng ganz Rei vu politeschen an economeschen Iwwerleeungen fir dee Schrëtt ze woen. Fir vill Leit wor den Euro virun allem e politesche Projet duerch den déi europäesch Unifikatioun sollt gläichzäiteg verdéift an irreversibel gemaach ginn. Den Euro gouf als wichtegsten Ecksteen an der europäescher Friddenskonstruktioun gesinn an als Bréck tëschent denen Völker déi, an de Viirstellungen vun de Grënnungspäpp, sollten ëmmer méi no zësummewuessen. Dëss primordial politesch Finalitéit vun engem monetären Instrument huet zu enger Rei Ufanksschwächten vum Euro geféiert, déi mat der Zäit ëmmer méi dramatesch Konsequenzen kritt hunn. Sou goufen zum Beispill bewosst Länner an d’Eurozon opgeholl, déi economesch fir eng Währungsunioun mat staarken a kompetitiven europäeschen Natiounen net fit genuch waren. Et gouf zu dem Zweck politesch a statistesch gefuddelt a gelunn – haut geng ech soen: vun Ufank un.
Niewent denen direkten economeschen Viirdeeler déi sech vum Euro erhofft goufen, wéi méi Wuesstëm, méi Handel an der Eurozon, en Ausbau vum Bannemaart, méi Liberaliséierung an Deregulariséierung gouf et och ënnert den Economisten eng wirtschaftspolitesch Agenda. Hir Ziler woren d’Stärkung vun der europäescher währungspolitescher Roll an der Welt an och eng Harmoniséierung vun der Steierpolitik an deelweis och vun der Sozialpolitik an Europa. D’Irreversabilitéit vun der Memberschaft an der Eurozon – déi jo och lo mat alle Mëttelen duerchgezunn gëtt – huet als Zil de Finanzmäert d’Impressioun vun engem dauerhaft stabilen Währungsblock ze ginn. Hannergedanken war an ass awer och, dat net op eemol e grousst Land wéi zum Besipill Däitschland kéint austrieden. Sou juristesch Argumenter halen awer op laang Siicht de politeschen an economeschen Entwécklungen net stand.
Och schonn an der Viirbereedungsphas vum Euro wor net jiddereen begeeschtert an Eenzelner hunn vun Ufank un d’Geforen vum Euro erkannt a benannt. Een vun hinnen wor den Här Bernard Connolly, e fréieren Fonctionnaire vun der EU-Kommissioun den entlooss gouf, nodem hien säi Buch « The rotten heart of Europe » publizéiert hat. Europa verdréit eben keng aaner Meenungen a schonn guer keng Kritik.
Haut ass den Euro en Albdram fir Europa. Economesch si mir an der Rezessioun, politesch an der Desintegratioun. An dat ass net nëmmen, wéi dacks behaapt gëtt, wéinst der Scholdekris, mä et ass eng originär Eurokris. Fir eis ass dat besonnesch dramatesch. Mir Lëtzebuerger sinn schicksalshaft vun enger Währungsunioun ofhängeg an alles wat mam Euro an ëm den Euro geschitt, kann fir eist Land vun bal existentieller Wichtegket sinn. Emsou méi dréngend ass et, dat mir d’An opmaachen a kucken wat geschitt.
Economesch kann een d’Entwécklungen vun denen leschte Joeren ongeféier sou zësummefaassen: déi südeuropäesch Länner hunn vun denen niddregen Zënsen an der Eurozon profitéiert a kruten Onmassen vu bëllegem Geld. Dat ass aus denen méi stabilen Economien ofgefloss an huet do zu enger relativer Andämmung vum Wuesstëm geféiert. A Südeuropa awer koum et zu Blosen, dat onheemlecht vill Geld dat op eemol disponibel war gouf consomméiert ouni dat strukturell Upassungen gemaach gi wären. Den Inflatiounsdrock an dene Länner huet hir Kompetitivitéitsnodeler géintiwwer denen nordeuropäeschen Staten nach däitlech verstärkt. Hir Handelsbilanzen a Leeschtungsbilanzen hunn sech lafend verschlechtert. Alles dat sinn strukturell an eurobedéngten Entwécklungen. Déi europäesch Scholdekris hängt zwar nëmmen delweis domat zësummen, si kënnt déi negativ Tendenzen awer nach emol dramatesch verschärfen. Déi aktuell Spuerustrengungen sinn wuel e richtegen Usaz, behandelen awer nëmmen d’Scholdekris an huelen dacks net genuch Rücksicht op déi sozial Schwaach. Doniewwent bleiwen déi strukturell Euro-Problemer erhalen. Wann lo eng nei (a falsch) Wuesstumspolitik mat manner Spueren a nes méi Scholden geng gemaach ginn, da genge just nëmme nei Blosen mat mëttelfristeg engem neien Zësummebroch an mat enger nach méi schlëmmer Situatioun entstoen. Dat ass och déi eigentlech Gefor beim Här Draghi sengen Moossnamen vun der EZB – he throws good money after bad money. Mir brauchen niewent enger Bekämpfung vun der Scholdekris gläichzäiteg och eng Reform vum Euro – dee Sujet ass awer tabuiséiert. Den Euro nët nemme „retten“ mä reforméieren, dat misst am Abléck eis Prioritéit sinn!
Fir eng verantwortungsbewosst Politik därf et keng Tabuthemen ginn. Mir mussen kënnen denken, soen a maachen wat néideg ass. Verschidden Länner brauchen zum Beispill eng nei Perspektiv an eng begleeten Zukunft baussent dem Euro. E neien Ufank op Basis vu Paralellwährungen an en Austrëtt aus der Eurozon mussen onbedéngt méiglech sinn – aus economësche Grënn, mä och aus politeschen. Well mir hunn an Europa gläichzäiteg dräi Krisen : eng Eurokris, eng Scholdekris an eng politesch Kris.
Mir hunn eng Vertrauenskris an d’Politik. Et ass einfach zëvill gelunn ginn. Europa huet seng eeege Verträg a seng eege Verspriechen ëmmer nes gebrach. D’EU sollt zum Beispill ni zu enger Transferunioun ginn, mä mir sinn genee do ukomm. D’Maastrichter Critèren goufen ëmmer nees mëssuecht, iwwregens mat massgeblecher Matwierkung vun engem gewëssen Här Juncker.
Eis Demokratie ass a voller Erosioun. Symptomatesch ass, dat Lettland zwar wëll dën 1. Januar 2014 Member vun der Eurozon ginn, dat awer nëmmen 13% vun sénge Bierger dat ënnerstëtzen. Europa gëtt haut géint de Wëllen vun de Leit gamaach. Wat hu mir net alles an denen leschte Joeren schonn erlieft! Negativ Referenden hu missen widderholl ginn, bis dat d’Leit « richteg » ofgestëmmt hunn. Oder et gouf eng kleng Paus no engem negativen Referendum gemaach, an dono gëtt en neien Ulaf geholl an et gëtt einfach sou viru gemaach als wär näicht geschitt. Souguer d’Opportunitéit vu Walen a Kriselänner gouf schonn a Fro gestallt!
D’Budgetsrechter vun der Chamber ginn ëmmer méi ageschränkt a sinn schonn zu engem groussen Deel deleguéiert ginn. Opgrond vu Majoritéitsdecisiounen an sougenannten Drénglechkeetsprozeduren kann déi lëtzebuergesch Staatsverscholdung zum Zweck vun där x-ter Euro-„Rettung“ dramatesch ropgeschrauft ginn.
Eis Souveränitéit ass méi wéi menacéiert. Fir Verschiddener ass dat vläicht eng gutt Neiegket, fir vill aner Leit awer net. D’EU-Kommissioun an dat Europäescht Parlament trieden ëmmer méi arrogant op an behuelen sech wéi eng europäesch Regirung. D’Länner fillen sech friembestëmmt, exploitéiert jo koloniséiert.
Et feelt der Politik un Transparenz an un Predictibilitéit. All puer Méint kënnt e neit Instrument oder e neie Vertrag, den kee Mënsch méi verstet. Two-Pack, Six-Pack, Fiskalpakt, Europäescht Semester, ESM, FRTMES, FSQQFM, FSRTVEXYZ: Kuddel-Muddel! Virun allem, wat dohannert stet ass ën immensen Souveränitéitsverloscht bei gläichzäiteger Kollektivhaftung fir Scholden. Wéivill Leit sinn dann nach wierklech domat d’accord och wann an der Chamber – ausser der ADR – soss jiddereen brav mam Kapp wénkt, egal wat do grad kënnt?
Wat besonnesch schlëmm ass, ass dat iwerall an Europa radikal politesch Parteien wuessen oder zentrifugal Tendenzen sech verstärken. A Griicheland an an anere Länner gëtt et well staark radikal lénks a riets Parteien. An Däitschland gouf grad eng Anti-aktuell-Europolitik vun héig respektablen Leit gegrënnt. Italien, eent vun denen gréissten a wichtegsten europäesche Länner, ass am Abléck net méi ze regéieren. An dene Länner wou haart Spuermoossnamen vun der EU an dem FMI diktéiert ginn, gesi mir eng progressiv sozial a politesch Destabiliséierung. Wou féiert dat alles hinn ? Den Här Juncker schwätzt vun den Dämonen vun der Vergaangenhet mä huet hien se dann net selwer mat erwächt ?
Nord-Europa a Süd-Europa sinn haut bal zu antagonisteschen Gruppen ginn, soll dat ieren déi europäesch Vereenegung sinn, déi mir gär hätten ? Et ass de Géigendel ! De Klima tëschent de Staten ass zum Del total vergëft. Eenzel Länner, déi mol net Member an der Eurozon sinn, denken schonn drunn d’EU ze verloossen. Ass dat net schued? An ass et net ee Beweis méi dofir, dat Europa sech an eng falsch Richtung entwéckelt?
D’Leit empfannen déi europäesch Politik als onsozial an als ongerecht. Wann d’Risiken vun de Privatbanken wechgeholl an hier Passiva verstaatlecht ginn, soll dat eng vertriedbar Politik sinn ? De Privatleit hir Scholden ginn jo och net verstaatlecht! Dat systemesch Banken kënnen kuerzfristeg ënnerstëtzt ginn ass jo an der Rei, mä ass et um Steierbezueler fir op éiweg d’Banken ze retten ?
A nach wësse mir net wat alles u Geforen op eis duer kënnt. TARGET an aner Mechanismen sinn an der Effentlechket kaum bekannt an awer vun héchster Geféierlechkeet. D’Solidaritéit an der Europäescher Unioun gëtt villl ze vill beméit. Et gëtt einfach keen gesamteuropäescht Vollék dat all Risiken vun enger Währungsunioun wéilt matdroen. Mir sinn hei net am Szenario vun der däitscher Eenheet an der DM-Währungsunioun vun 1990.
Lëtzebuerg ass an enger besonnesch schrecklecher Situatioun : déi aktuell Krisen ginn als Virwand geholl fir och nach all kompetitiv Viirdeler vun eiser Bankeplaz wech ze nivelléieren. Eis Regierung mecht dat natierlech mat well si hirer Aufgab net gewuess ass. Mat dem Demontage vun eiser Finanzplaz ass natierlech weder d’Eurokris, nach d’Scholdekris geléist. Dat eenzegt wat mir erreechen ass dat dee wichtegste Secteur vun eiser Economie geschwächt gëtt. Dëss Regirung wees wierklech net méi wat si mecht!
Lëtzebuerg an eis Finanzplaz sinn op den Euro – oder jiddefalls op eng staark Währungsunioun, déi net muss Eurozon heeschen – ugewisen. Mä momentan rutsche mir ëmmer méi séier an d’Opléisungsphas vum Euro ran. Denkt eis Regierung un alternativ Strategien ? Nä ! Huet si e Konzept, Iddien, e Plang B ? Nä! Brauche mir also sou eng Regirung wéi mir se lo hunn ? Mat Sëcherhet net!
Mir brauchen eng Regierung déi Europa als eng politesch Dimensioun vun eiser politescher an economescher Baussepolitik erkennt an net eng déi Europa zu engem Dogma erhieft. Mir brauchen eng kloer Identifizéierung vun eisen nationalen Interessen an e Wëllen fir déi ëmzesetzen. Mir brauchen eng aner Europapolitik – déi vun engem Europa vun de Natiounen. Och wann vill Lëtzebuerger dat lo net sou oder nach net sou gesinn – d’Wahrscheinlechket ass grouss dat d’Ausland dofir suergt, dat mir endlech waakrech ginn.
Hei am Land brauche mir endlech eng decidéiert, konservativ Partei, déi d’Interesse vu Lëtzebuerg, senger Souveränitéit a senger Economie op eng intelligent a verantwortungsvoll Manéier verdeedegt.