Haut Zypern, mar Lëtzebuerg?

De Fall Zypern ass gläich an e puer Hinsichten besonnech interessant. Zypern, als e klengt Land mat enger iwwerproportional grousser Bankeplaatz, kann als eventuellen Virbildfall fir Lëtzebuerg gëllen, wann mir dann bis an eng Situatioun geroden, an där mir mussen international Hëllef ufroen. A wann d’CSV weider  hir massiv Defizitpolitik bedreift, dann ass dat just nach eng Fro vun der Zäit.

An der internationaler Press gëtt jo mat Recht op déi Topegket vun där Decisioun higewisen fir déi kleng Spuerer un der Rettung vun de Banken ze bedeelegen. Kloer ass jo, dat sou eng Moossnam d’Vertrauen an d’EU, an de Bankesystème an an den Euro enorm schwächt. An denen nächsten Deg a Wochen gesi mir eng progressiv Verlagerung vu Suën aus dem südeuropäeschen Raum an den nordeuropäeschen Raum oder vläicht souguer aus der Eurozon raus. Südeuropäesch Banken déi et bis lo nach sou just gepackt hunn, kënnen vläicht schonn geschwënn hir Guicheten zou maachen. Eng formidabel Leeschtung vun den Eurozon-Finanzminister an dem IWF!

Interessant ass awer och, dat een sou eng Mossnam  – net zu Onrecht – als eng Konfiskatioun vum Geld vun den zypriotesche Spuerer duerch d’EU bezeechnen kann. Fir eng EU, déi ëmmer vun « europäesche Waerter » schwaetzt, stellt sech d’Fro op d’Mëssuechtung vum privaten Eegentum combinéiert mat enger méiglechst onsozialer Approche well zu denen « europäesche Waerter » gehéieren ?

Wahrscheinlech hunn e puer sozialistesch Ministeren gemengt, et misst een déi zypriotesch Spuerer bedeelegen well nun emol eng Partie räich Russen a Griichen  Suen op der Insel hunn. Jiddefalls ass dee simplistesche Populismus voll dolaanscht gaangen.

Sou Raisonnementer weisen awer iwwerdäitlech wat op Lëtzebuerg duerkënnt. Den Dag wou mir Hëllef musse froen, schléit dee geballten Revanchismus vun eise sougenannten « Partner » – Länner voll zou! Zypern ass nach e klenge Fësch am Vergläich mat eis.

Mä firwat ass Zypern haut iwwwerhaapt an sou enger Situatioun ? Ma well déi zypriotesch Banken Affer vun den EU-Decisiounen am Kader vun der griichescher « Rettung »waren! Dat ass déi brutal Wouerecht vum Euro : Griichenland gëtt « gerett » fir den Euro ze « retten ». Dono muss Zypern « gerett » ginn, well Griichenland « gerett » gouf, fir den Euro ze « retten ».   D’Griichen sinn haut total veraarmt an hir Schold wiist a wiist. Zypern stet um Bord vun enger geféierlecher Onrou, a vergiesse mir net wat gläichzäiteg an Italien, Spuenien, Portugal an Irland geschitt. Den Euro ass geschwënn net méi ze retten.

Dat  iwwerhaapt europäesch Finanzminister iwwer zypriotesch Besteierungen kënnen Decisiounen huelen ass vollkommen inakzeptabel. Dat gëtt all denen Recht, déi soen, dat an der EU ëmmer méi d’Briejniev- Doktin vun der « limitéierter Souveränitéit » gëllt, an de Vergläich tëschent der Kommissioun an engem  Zentralkomitee vun enger « EUdSSR » ass geschwënn leider och kee Witz méi.

Den Här Juncker hat d’lescht Woch am Spiegel Parallelen tëschent 1913 an haut gezunn. Hie wees wahrscheinlech net wéi Recht hien huet. D’Habsburgermonarchie gouf deemools vu villen als « e Prisong vun den Völker » gesinn. Abee haut ass d’EU amgaangen sech ähnlech ze positionnéieren.  D’Habsburgermonarchie gëtt et iwwregens net méi.

An wat geschitt dann, wann eenzel europäesch Länner aus dem Euro raus wëllen ? An Italien zum Beispill, ass dat fir den Här Grillo jo schonn mol eng Optioun. Schécke mir dann d’Arméi op Roum fir déi sakro-sankt Doktrin vun der Irreversibilitéit vum Euro ze « retten » ?

Wat ass den Euro international dann nach wäert, wann déi ganz Welt ka nokucken, wéi en  lues awer sëcher u sengen eegenen Konstruktiounsfeler futti get ? A wéivill Leit ënnerstëtzen den Euro nach an der Eurozon selwer ? An Däitschland gesi mir jo dat sech déi nei gegrënnten Partei « Alternativ fir Däitschland » gutt Chancen bei denen nächste Wahlen ausrechent.

Fir eis Lëtzebuerger wiist d’Dramatik vun der Situatioun nach méi staark a nach méi séier wéi an allen anere Länner. Just – ausser der ADR – wëll keng Partei d’Saachen beim Numm nennen. Den europäeschen Dram vun den Häre Juncker a Co. kann eis niewent eiser Souveränitéit och nach eis Spuerbicher kaschten. Mir wëssen lo: eng Garantie op d’Spuerbicher bis zu 100.000 Euro gëtt et net méi! An de Risiko fir d’Privatbanken droen amplaatz vun den Actionnären well un éichter Plaatz d’Clienten!

Et gëtt Zäit fir aner politesch Optiounen auszeschaffen. Et gëtt Zäit fir eng nei Politik, an zwar eng déi op Basis vu Realitéite schafft an op Basis vun eisen nationalen Interessen. Dem Här Juncker seng Dreem ginn zu eisen Albdreem.

 

Dieser Beitrag wurde unter ADR, Allgemein, Europa an d'Welt, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert