How to get a doctorate

D’leschte Sonndeg sinn ech nom ADR-Kongress nach en Tour iwwer den Immigratiounsfestival maache gaangen. Iwwer den wëll ech hei net vill soen, ausser vläicht, dat en vu Joer zu Joer méi  zu enger politescher Propagandaveranstaltung vun der Lénker verkënnt.

Ech wor also en alen, granzege Mann den sech vu Stand zu Stand geschleeft huet, wou ech op emol vun enger däitscher Damm ugeschwat gouf  déi mech gefrot huet, ob ech en Doktorat wéilt ? Si hat e Buch an der Hand, dat si mir sëcher wollt verkafen.  Virun allem awer hat si direkt erkannt, dat mir näicht geng besser doen wéi ë bëssche Bildung ! Mä amplaz dankbar ze sinn, hunn ech si gefrot ob si vläicht Ghostwriter fir d’Bundeskabinett geng vermëttelen ? Dat mecht si awer net, an si huet mir  mat vill Begeeschterung erzielt, dat si grad eréicht en Doktorat gemaach an doropshin hir frësch Erfahrungen opgeschriwwen huet fir dat och aner Leit dovun profitéieren kéinten. Eng Idealistin ! Eng Fra déi nach un eppes gleewt a sëlwer ëppes mecht an dat enger Welt déi d’Leeschtung scheit an wou bal jiddereen sech nëmme nach wëll servéiere loossen ! Ech wor total iwwerzeegt, hunn hir d’Buch ofkaf a wor frou dat si net och nach Stëpssuckler verkaf huet, well ech mengen där hätt ech gläich och nach een mat geholl.

Dohem hunn ech dunn dat Buch gekuckt – ëmmerhin schonn mäin zweet nom Telefonsbuch. Déi Damm déi d’Buch geschriwwen huet heescht Ursula Schinzel – pardon – Dr. Ursula Schinzel.  An wen d’Buch kuckt mierkt séier dat säin Auteur eng talentéiert Pädagogin ass. Et ass gutt a logesch strukturéiert,  wat eng sënnvoll Aféierung an d’Methodologie vun enger wëssenschaftlecher Aarbecht erméiglecht. D’Buch ass op Englesch, enger Sprooch déi an der akademescher Welt anscheinend net ganz onwichteg ass.  An wëll d’Madame Schinzel och vill Beispiller aus hirer rezenter Thes aus dem Beräich   Gestioun vun Entreprisen (BWL) bréngt, ass et och praxisno.  

Fir Leit déi vläicht zécken fir sech un eng Thes run ze woen ass et eng ideal Hëllef. Dat Buch weist hinnen wou a wéi si kënnen ufénken. Aus dem Bierg den virun engem läit wann een wëll eng Dissertatioun schreiwen, ginn op eemol vill kleng Hiwwelcher a Koppen, déi ee kann vill méi liicht Meeschter ginn wéi gläich ë ganze Bierg.

Also fir jiddereen den Loscht huet en Doktorat ze schreiwen oder den grad Kanner huet déi sech un d’Methodik an der akademescher Welt  runtaaschten, hei ass eng sënnvoll Referenz:

 

Ursula Schinzel

„How to get a doctorate – and more- “

A personal and private guide for both students and supervisors

Frieling, 2013,  143 pages

ISBN  978 -3- 8280-3128-9

Op der Foire hat et 13,90 Euro kascht.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Bicher veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert