D’Medien zu Lëtzebuerg

Emmer nes gouf op dëser Säit op déi Ongeheierlechket opmierksam gemaach, dat  d’Zeitung vum Aerzbistum Lëtzebuerg näicht aanecht ass wéi d’Parteibliedchen vun der CSV. Dat den Aerzbistum Lëtzbuerg seng Glaafwierdegkat sou liichtfankech verspillt ass u sech schwéier nozevollzéien. Déi eenzeg logesch Erklärung ass, dat den Aerzbistum sech vun der CSV nach d’Festhalen um conventionnéierte Système bei der Kierchefinanzéierung erhofft. Et get  just nach ëm de Su, an allen etheschen Froen huet d’CSV jo dem Glawen schonn laang de Réck gedréint. Wat geng wuel de Poopst François 1ten dozou soen, den sech jo eng aarm Kierch fir déi Aarm wënscht? Den Aerzbistum Lëtzebuerg huet en alternative Programm:  eng räich Kierch am Déngscht vun enger politescher Partei!

Déi Diskussioun ëm déi dubios Roll vun der lëtzebuerger kathoulescher Kierch ass net nei. Schonn am Joer 1985 gouf et am „forum“ eng Petitioun zu dem Thema:

http://www.forum.lu/pdf/artikel/1676_81_Anonym.pdf

Eng Ennerschrëftesammlung hat d’Nimm vun 1375 Chrëschten zësummebruecht déi méi Pluralismus am Wort wollten. Net nëmmen d’Intoleranz mat nët-kierchleesche Meenungen gouf kritiséiert, mä och déi kierchenintern Intoleranz an och d’Intoleranz mat verschiddenen Stréimungen an der CSV. Et muss een bal laachen (oder kräischen), wann een haut liest, dat d’Wort deemols virun allem de konservative Fligel ënnerstëtzt hätt… dat woren nach Zäiten!

Haut gët et am ganze Land keng eng konservativ Zeitung méi. Et gëtt der just nach e Koup déi probéieren sech géigesäiteg lénks ze iwwerhuelen. Déi lescht Editioun vum „forum“ zum Thema Homophobie wor dozou en exzellent Beispill.

Et ass schued, dat et an dësem Land kaum nach eng Méiglechket fir éichter konservativ Leit gëtt, fir hir Meenung ze publizéieren.  Dëss kleng Spaweckssäit ass natierlech eng Ausnam, mä eis Medien si bal zu 100% lénks – mat der Ausnam vun e puer sielenen Artikelen oder Lieserbréiwer déi mol nach heiansdo publizéiert ginn.

Dat et an sou engem Emfeld net méi zu groussen gesellschaftspoliteschen Debatten kënnt ass en Ausdrock vun där intellektueller Aarmutt hei am Land. Eis parteigesteiert Medien droen net nëmmen zu där schrecklecher, geeschteger Aarmut vun eiser Gesellschaft bäi, mä si droen eng Haaptschold un dem Zoustand.

Vläicht nach en aktuelle Kommentar:  Haut den Owend hat RTL e Reportage iwwer déi Diskussioun déi de Moien an der Chancegläichheetskommissioun iwwer d’Gewalt doheem war. RTL huet an dem Reportage e Koup Gewaltszenen gewisen – eng total onnéideg Saach ausser wann een wëll Informatioun mat „Stimmungsmache“ vermëschen. Ausserdem wore nëmmen Männer als Täter gewisen ginn an d’Affer woren ausschliesslech Fraen a Kanner. Dat obschonns hei am Land 25% vun de Wegweisungen Täterinnen betreffen.

 

 

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert