D’Madame Modert verdeedegt den Antisemitismus!

Haut, den 19. März 2013, hunn ech an der Chamber eng Fro un d’Madame Modert iwwer déi Ausstellung iwwer déi lëtzebuerger „Identitéiten“ gestallt. Ech hu kritiséiert, dat an engem Film a lëtzebuerger Sprooch den an der Ausstellung gewise gëtt en Ennerscheed gemaach gëtt tëschent de Judden op där enger Säit, an denen „jonke Lëtzebuerger“ op där anerer Säit (wéi am Artikel „Identitéitsverloscht op den Dräi Eechelen“ beschriwwen). Ech hunn insistéiert, dat d’Judden Lëtzebuerger woren, wéi all déi aner och.

D’Ausstellung ass vun der Uni Lëtzebuerg gemaach ginn, ënner der politescher Verantwortung vun der Madame Minister fir Kultur, Octavie Modert.

D’Madame Modert huet op meng Fro geäntwert „D’Wëssenschaft ass onofhängeg“. Onofhängeg  fir antisemitisch Messagen an d’Welt ze setzen? Da wor déi „däitsch“ an déi „aresch“  Wëssenschaft jo dann wahrscheinlech och fräi an onofhängeg … firwat se dann zur Rechenschaft zéien???  Onofhängegket, Madame Modert, ass keen Ersatz fir Verantwortung, mäi Fräihet a Verantwortung gehéieren zësummen.

Mä hei handelt et sech souwisou net em eng autonom Manifestatioun vun der Wëssenschaft, mä em eng Ausstellung an engem staatleche Musée  fir déi  d’Uni den Optrag vum Kulturministère krut. D’Madame Minister Modert hat an der Vergaangenheet däitlech gesot, dat si déi politesch Verantwortung fir déi Ausstellung geng droen.  Lo schéngt si awer Amnesie ze hunn, eng wäit verbreeten Erscheinung an der CSV.

Sou kënnt Dir Iech also net aus der Verantwortung zéien, Madame Modert! Aer Aentwert ass lamentabel.  Kuckt dat endlech eng anstänneg Ausstellung iwwer d’lëtzbuerger Identitéit op d’Dräi Eechelen kënnt!

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Ein Kommentar zu D’Madame Modert verdeedegt den Antisemitismus!

  1. marianne sagt:

    Bonjour,

    D’Madame Modert huet ganz oft Amnesie, sie vergësst sech heinandsdo esouguer selwer.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert