„Een vun ons!“ Eng europäesch Petitioun fir de Schutz vum Liewen!

Wourëm get et bei där europäescher Biirgerinitiativ “1-vun-ons”?

Dë Mënsch ass vun dem Abléck vun der Verschmëlzung vun der Ee- an der Somenzell un e Mënsch. Dat huet den Europäischen Geriichtshaff (EuGH) den 18. Okt. 2011 fir t’éicht um héchste riichterleche Niveau festgehal. Doraus erginn sech wäitreechend Konsequenzen fir dat ganzt europäecht Recht. Zënterhier ass kloer, dat d’EU d’Liewen an d’Dignitéit vun all mënschlechem Embryo vun der Befruchtung un schützen muss. Dëse Schutz ass am Abléck awer nach net garantéiert. E muss lo vun de Bierger duerchgesat ginn. Dofir gouf déi Europäisch Biirgerinitiativ „1-vun-ons“ gegrënnt.

Wat ass dat wichtegst Zil vun der Europäescher Biirgerininitiativ „1-vun-ons“?

Mir wëllen erreechen, dat d’EU sech un hiren eegenen Rechtskierper hällt an mat der Finanzéierung vun allen Aktivitéiten ophällt, déi zum Dout vu mënschlechen Embryoen féieren. Dëst betrëfft verschidden Politikberäicher vun der EU, dorënner d’Fuerschung, d’Entwécklungspolitik an dat ëffentlecht Gesondheetswiesen. Mir fuerderen konkret de Stopp vun EU-Suen fir d’Fuerschung mat embryonale Stammzellen, fir d’Klonen an fir d’Ofdreiwung als Mëttel vun der Bevëlkerungskontroll am der Familljenplangung ënner dem Begrëff vun der „sexueller a reproduktiver Gesondheet“, souwuel am ëffentlichen Gesondheetswiesen wéi och an der Entwécklungshëllef.

Allgemeng Informatiounen gëtt et hei:

https://ec.europa.eu/citizens-initiative/ECI-2012-000005/public/index.do?oct_path=%2Fsignup.do&initiativeLang=fr&oct_system_state=OPERATIONAL&oct_collector_state=true&currentLanguage=fr

Fir ze ënnerschreiwen gëllen dëss Regelen:

Wann een d’Petitioun ënnerstëtze wëll, da muss ee fir d’éischt op d’Land klicken. Wann alles klappt, misst Dir mat dësem Link awer schonn direkt op der Säit „Luxembourg“ ukommen. Duerno musst Dir Aer Donnéeën, dorënner  och den „numéro national d’identification“ uginn. Datt ass de Matricule vun der Sozialversécherung.

Hei ass de Formular fir ze ënnerschreiwen:

https://ec.europa.eu/citizens-initiative/ECI-2012-000005/public/signup.do

Jidderengem den mat mëscht, en häerzleche Merci!

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Europa an d'Welt, Grondsätzleches, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert