Nodeems den Här Juncker net méi Chef vun der Eurogrupp ass, haten e puer Lëtzebuerger gemengt, de Premier géng sech lo vläicht mat de Problemer vum Land beschäftegen. Abee, e gouf dëser Deg op der Wirtschaftsuniversitéit (WU) zu Wien gesinn, an déi éisterräichesch Press („Der Standard“) mellt, dat „Bei der Halbzeit seiner Rede hatte Luxemburgs Premier Jean-Claude Juncker wahrscheinlich auch den allerletzten Zuhörer im Festsaal der WU Wien deprimiert.“. Léif Eisterräicher, dat maache mir schonn 30 Joer mat! Dir kënnt Iech net viirstellen wéi depriméiert mir sinn!
Den Här Juncker hällt also Viirträg zu Wien, eng besonnesch schéin an agreabel Stad a Mëtteleuropa. Do seet en dat, wat en och ëmmer op der däitscher Televisioun set, well eppes Neits fällt dem Här Juncker leider net méi an, net heiheem an net dobaussen. Hien set, mir Europäer missten eis nei kenne léieren. Abee d’Zyprioten, d’Iren, d’Spuenier an d’Portugiesen an virun allem d’Griichen hun den Här Juncker a seng Europäer dach grad eréicht kenne geléiert, oder net? An hien set, dat mir eis sollte gär hunn. Ech sinn iwwerzeegt, dat och den Opruff e groussen Echo fënnt!
Hei ass den Text:
http://derstandard.at/1363705396544/Juncker-Euro-ist-Europas-Trumpf
Den Dag virdrunn, hat den Här Juncker den Här Frieden an där selwechter Zeitung desavouéiert. Dat ass dee gudden, alen CSV-Stil. Sou kenne mir si, sou hu mir si gär! Emmerhin set den Här Juncker selwer, dat wär net besonnesch kollegial.
Fir dem Här Frieden seng Informatioun rapportéiert de Wien-Korrespondent vun „Déi konservativ Säit“ dësen Interview mam Här Juncker iwwer den Zypern-Viirschlag vun den EU-Finanzminister:
„STANDARD: Hätte man sich diese Aufregung nicht mit einem Freibetrag für kleine Anleger erspart?
Juncker: Ich war zum ersten Mal nicht in der Eurogruppe. Und schon … (lange Pause, Anmerkung). Ich hätte mir einen schonenderen Umgang mit den Kleinanlegern gewünscht. Ich bin peinlich berührt, dass ich das so sehen muss, weil ich mir eigentlich vorgenommen hatte, die Ergebnisse der ersten Sitzung, die ich nicht leite, nicht kommentieren zu müssen. Das ist nicht sehr kollegial, aber ich kann auch nicht sagen, dass ich mit der Lösung einverstanden wäre.“
http://derstandard.at/1363239469013/Ich-bin-peinlich-beruehrt