„déi Gréng“ sinn géint d’Fräiheet vun denen Jonken!

 

Dëss Woch haten « déi Gréng »  eng Debatt an der Chamber  iwwer d’Matbestëmmungsrechter vun de Schüler an der Schoul lancéiert.  Als eng Partei, déi ëmmer nes probéiert virun allem jonk Wieler unzezéien, wollten  si den Androck vermëttelen als géngen si besonnesch vill Waert op d’Fräihet an op d’Matbestëmmungsrechter  vun denen Jonke n leeën.

A Wierklechket sinn « déi Gréng » awer absolut keng fräiheetlech Partei !  Wichteg Rechter vum Schüler wëllen si aschränken an do wou ee Jonken am Prinzip misst kënnen fräi a selwerbestëmmt Decisiounen huelen, do komnmen si mat hirer lénker Ideologie a probéieren déi Jonk an hirer Fräihet anzeschränken oder si  an hirem Sënn ze manipuléieren.

« Déi Gréng » sinn fir eng Gesamtschoul a wëllen denen Jonken d’Méiglechket wechhuelen fir e Schoultyp rauszesichen, den hinnen besonnesch gefällt.

« Déi Gréng » sinn fir e  staatlech manipuléierten « Waerteunterrecht » den denen Jonken d’Méiglechkeet fir sech fir e Reliounsunterrecht an der ëffentlecher Schoul ze decidéieren soll wechhuelen.

« Déi Gréng » kritiséieren déi Meedercher déi sech éichter fir en traditionnellen Meederchersberuff decidéieren an déi Jongen déi sech fir en éichter traditionnellen Jongeberuff decidéieren.  Fir « déi Gréng » sinn dat  sougenannten  « Stereotypen » an déi wëllen si  am Kader vun hirer « Gender »-Ideologie zerstéieren.

« Déi Gréng »  wëllen denen Jonken  keng Fräihet ginn, mä si wëllen si an hirem Sënn ëmerzéien.  Matbestëmmung gëtt et bei denen « Gréngen » nëmmen wou et hinnen passt.  Fräihet ass eppes anecht ! Wen Fräihet wëll,  den wielt net « déi Gréng » !

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert