Männer als Affer vun der Gewalt doheem

Zu Lëtzebuerg ass et nach ëmmer sou, dat vill Politiker an och Medien dat Bild verbreeden, als wär d’Gewalt doheem bal ausschliesslech eng Situatioun an där Männer Fraen ugräifen. D’Campagnen vum Fraëministär oder d’Reportagen vun RTL sinn dacks  wonnerbar Besipiller vun männerfeindlechem Sexismus.

Dat d’Realitéit awer vill méi komplex ass, hunn zum Beispill déi lescht Statistiken vun der Police gewisen. Fir dee leschten Referenzzäitraum huet d’Police vun 25% Täterinnen geschwat.  A Wierklechkeet ass wahrscheinlech ee Geschlecht sou agressiv wéi dat aanert, sou weisen et jiddefalls mol d’Statistiken aus den USA an aus Kanada. Hei am Land schummen sech vill Männer awer nach ëmmer fir zouzeginn, dat si vun enger Fra geschloe ginn a ruffen da léiwer keen zu Hëllef.

Männer als Affer hunn et dacks besonnesch schwéier. Déi jonk Polizisten ginn an hirer Ausbildung net oder kaum op déi Méiglechkeet sensibiliséiert. D’Justiz ass bedeitend méi mëll mat Fraen wéi mat Männer an fleegt do hir eege Viiruerteler. D’Kanner hirem Papp unzevertrauen amplaatz der Mamm, souguer wann dat fir d’Kanner besser waer, ass e Reflex den ville Magistraten nach zimmlech friem ze sinn schéngt.  Och Männerhaiser gëtt et hei am Land nach ëmmer keng.

Als e Rot fir Männer déi eventuell Affer vu Gewalt doheem sinn oder et riskéieren ze ginn, ass hei en Text vun der däitscher Associatioun MANNdat. Natierlech kënne vill vun denen Rotschléi och vir Fraen interessant sinn, déi eng ähnlech dramatesch Situatioun erliewen.

http://fkartheiser.lu/wp-content/uploads/2013/03/MANNdat.pdf

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert