Den Här Martin Mosebach an den tridentineschen Ritus

Den Här Martin Mosebach ass ë ganz bekannten, däitsche Schrëftsteller. Hien ass Joergank 1951 an lieft zu Frankfurt. Den Här Mosebach huet eng ganz Rei vun däitschen Literaturpräiser gewonnen, dorënner den Georg-Büchner-Präis, den Heimito-von-Doderer-Präis, de Kleist-Präis, de Kranichsteiner Literaturpräis an dee Grousse Literaturpräis vun der Bayerescher Akademie vun denen Schéine Kënscht. Hien wor och schonn zu Lëtzebuerg fir säi Wierk viirzestellen.

Niewent sengem beandrockendem, literaresche Wierk zeechent hien sech awer nach duerch eng Rei vun aussergewéinlech positiven Qualitéiten aus. Déi éicht ass, hien ass e bekennenden Konservativen an domat e wonnerbart Viirbild fir eis all an besonnesch fir déi Jonk.

An déi zweet ass, hien ass e Verdeedeger vun där aler Mass am tridentinesche Ritus. Fir déi Leit déi den Ennerscheed tëschent där aler an där neier Mass net méi kennen, sief gesot, dat Enn vun de siechzeger Joeren an Ufank vun de 70er Joeren déi al Mass am tridentinesche Ritus duerch eng nei Liturgie ersat gouf. De Paschtouer huet net méi zu Gott hin d’Mass gefeiert, mä mam Gesiicht zu de Leit hinn. De Charakter vun der Mass, als Novollzuch vum Affer Christi um Kräiz, gouf lues a lues méi zu enger gemeinsamer Erënnerungsfeier un d’Abendmahl.

Den Här Mosebach, huet zwee wonnerbar Bicher geschriwwen, déi sech vill mat liturgeschen Froen beschäftegen:

Martin Mosebach, Häresie der Formlosigkeit, Die römische Liturgie und ihr Feind, Carl Hanser Verlag, 2007, ISBN 978-3-446-20869-8, 249 Seiten.

Martin Mosebach, Der Ultramontane, Alle Wege führen nach Rom,  2012, ISBN 978-3-86744-215-2, 160 Seiten.

Seng Léift zu där aler Mass kënnt och an dësem Interview zum Ausdrock:

 

 

Zu Lëtzebuerg gëtt d’Mass am ale Ritus eemol an der Woch Freides mëttes um 17.00 Auer an enger klenger Kappell um Kierchbierg gefeiert.

Hei ass den relevanten Auszuch vun der Spaweckssäit vun der kathoulescher Kierch  www. cathol.lu :

« Messe selon la forme extraordinaire du rite latin (Forme préconciliaire de la messe d’après le missel de 1962)

Une messe selon la forme extraordinaire du rite latin (rite dit tridentin) est célébrée pour l’ensemble du territoire de la Ville de Luxembourg en la chapelle Notre-Dame, Salut des Infirmes, à Luxembourg-Kirchberg (rue des Maraîchers),  tous les dimanches et fêtes de précepte, à 17.00 heures. »

D’Wiel vun der Plaz an d’Wiel vun der Auerzäit léisst dorop schléissen, dat den Aerzbistum  wëll express de Leit et méiglechst schwéier maachen fir an déi al Mass ze goen.  Amplaatz dene Gleewegen den ale Ritus nes méi no ze brengen an ën op ville Plazen am Land zu famiiljefrëndlechen Zäiten ze feieren,  sollen d’Leit dovun ofgehalen ginn fir nes an déi  schéin, traditionnell an feierlech  helleg Mass ze goen.

Fir all déi, déi nach ni an der Kierch waren oder nach ni eng al Mass mat erlieft hunn, ass hei e Film den dee Ritus viirstellt an erklärt. Déi al Mass gëtt regelméisseg vun der Péitrus-Brudderschaft an vun der Pius-Brudderschaft gefeiert. Si ass e wichtegen Del vun der europäescher Kultur.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Bicher, Relioun veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert