Hei am Land gehéiert d’Entwécklungshëllef zu denen hellege Kéih. Bal all Veräin hëlleft iergendwou, d’Scouten, d’Gewerkschaften, an bal jiddereen den eppes op sech hällt. An natierlech d’Regierung déi iwwer 300 Milliounen Euro am Joer fir sou Zwecker ausgëtt.
Eng richteg Diskussioun iwwer dat Thema gëtt et awer hei am Land keng, an et kaum kritesch Stëmmen (ausser vun der ADR). An Afrika ass dat awer ganz aanecht. Do gëtt et ëmmer méi kritesch Intellektueller, déi drop hiweisen, dat d’Entwécklungshëllef eng ganz Rei vu schiedlechen Effekter huet. Déi Länner déi sou Hëllef kréien, kommen net op déi eege Been, d’Korruptioun wiist, demokratesch Prozesser ginn éichter gebremst wéi gefördert an sou ass et och mat der lokaler Produktioun. Wann een dat hei zu Lëtzebuerg set, asse en natierlech e « Populist » um Stammdëschniveau.
De Stammdësch ass awer dann jiddefalls besser informéiert wéi vill aaner Leit, well déi Leit um Stammdësch vläicht och mol afrikanesch Zeitungen kucken oder interessant Bicher liesen.
Wen wëll eng gutt Iwwerleeung zu moralesche Grondastellungen an dem Kontext liesen, den ass heimat gutt beroden :
Pascal BRUCKNER, La Tyrannie de la pénitence, Essai sur le masochisme occidental, Le livre de poche, ISBN 978-2-253-12183-1, 251 pages.
An wien wëll kritesch Iwwerleeungen zum Thema selwer liesen, den kann zum Beispill mol dëss Bicher opschloen :
Rupert Neudeck, Die Kraft Afrikas, Warum der Kontinent noch nicht verloren ist, C.H. Beck, ISBN 978-3-406 59857 9, 255 Seiten,
Volker Seitz, Afrika wird armregiert oder Wie man Afrika wirklich helfen kann, DTV Premium, ISBN 978-3-423-24735-1, 219 Seiten,
Dambisa Moyo, Dead Aid, ISBN 978-3-942989-01-5, 236 Seiten.
De Problem zu Lëtzebuerg ass, dat mir wëll ee riisegen staatlechen a para-staatlechen Secteur hunn, den vun der Entwécklungshëllefindustrie lieft. Alll déi vill ONGen déi vum Staat subventionnéiert ginn, Lux-Development, an sou virun. Dat sinn zwar deier an net produktiv Aarbechtsplazen awer virun allem och politesch Stëmmen fir den, den d’Suën verdeelt, also fir d’CSV.
D’Entwécklungshëllef ass natierlech an dem Sënn e politesch dankbart Geschäft, well een vill schéin Fotoen mat denen Leit kritt, déi grad vun engem Projet profitéieren. Dat ass jo och ze verstoen. Mä iwwer déi makro-oekonomesch an aner Konsequenzen gëtt kaum nogeduecht. Dat ass och net erwënscht, well d’CSV mecht mat der Enwécklungshëllef permanente Wahlkampf op Käschten vum Steierbezueler.
Geschafft gëtt mat der « Moralkeule ». Wen och ëmmer d’Entwécklungshëllef kritiséiert, gëtt an den onmoraleschen Eck gedréckt, déi mam kalen Häerz, déi vun den Ausbeuter, Sklavenhändler, Fraefeinden oder souguer Klimakiller. Eng objektiv Diskussioun ass net méiglech, wat een awer net soll drunn hënneren wéinstens mol en aaneren Standpunkt ze vertrieden.
Fir Lëtzebuerg ass d’Situatioun besonnesch absurd, well mir mol ni eng Kolonie haten – och net de Kongo. Eis trëfft iwwerhaapt keng historesch Schold, an och fir déi Länner rondrëm eis, dréit dat Argument net méi. No 50, 60 oder 70 Joer Onofhängegket missten déi fréier Kolonien jo am Prinzip besser drunn sinn wéi ënner de Kolonialhären – dat ass awer nach laang net iwwerall de Fall.
Lo, wou d’Suën och hei am Land ëmmer méi rar ginn, ass awer ganz secher eng nei Noutwendegkeet entstaanen, fir déi Politik kritesch ze hannerfroen. Lëtzebuerg gëtt am Abléck iwwer 1% vum Bruttonationalakommes fir deen Zweck aus, international politesch versprach huet eist Land 0,7%. Dat ass en Ennerscheed vu knapps 100 Milliounen Euro am Joer.
Meng Positioun ass déi hei :
– Direkt Reduzéierung vun der Entwécklungshëllef vun 1% op 0,7% vum Bruttonationalakommes
– De Recht, also déi 0,7%, mussen « gebonnen » ginn, sou dat eis Economie dovun profitéiert. Dat kënnen och Finanzinstrumenter sinn.
– Mëttelfristeg Zil soll et sinn d’Entwécklungshëllef progressif awer konsequent ganz ofzeschaafen, well si a Wierklechkeet méi schued wéi hëlleft. D’Entwécklungshëllef kann jo schliisslech keen Modell op éiweg sinn. Mir brauchen e realisteschen „Ausstiegsszenario“.
– Parallel dozou, besser Handelsbezéiungen mat dene Länner opbauen.
– Generéis an efficace Katastrophenhëllef wou och ëmmer eppes geschitt. An dem Beräich soll Lëtzebuerg seng Capacitéiten weider ausbauen, fir Mënschen an Nout kënnen ze hëllefen.
Fir déi, déi et eventuell interesséiert, hei ass meng Ried zum Thema aus dem Joer 2012 :
http://visilux.chd.lu/ArchivePage/video/946/sequence/30995.html
In der Entwicklungshilfe führen gute Absichten alleine nicht zu guten Ergebnissen Was glauben wir von Afrika zu wissen? Wer der Entwicklungshilfe kritisch gegenüber steht wird in die Ecke „sozialer Kälte“ gestellt. Aber ich habe nicht den Eindruck, dass die Akteure der Entwicklungshilfe sich je Gedanken machen, ob ihr Produkt bei den Bedürftigen in Afrika auch gut ankommt, gebraucht und verstanden wird. Hilfe darf nicht die Leistungsbereitschaft untergraben. Entwicklungszusammenarbeit befindet sich seit Jahren in einer Sphäre des Wünschbaren und ist nicht Gegenstand einer dringend nötigen öffentlichen Debatte. Irrig ist die Vorstellung, dass Entwicklungshilfe Migrantenströme verringert. Die Entwicklungshilfeindustrie scheint fast immun gegen Rückschläge. Das Geld muss um jeden Preis ausgegeben werden. Aber geschenkte Finanzmittel -wie Budgethilfe- zumal sie auf Dauer und in hohem Umfang ohne echte Wirkungskontrolle fließen, verleiten auch zur Finanzkriminalität. Wichtiger aber ist, dass sie die Leistungs-und Reformbereitschaft mindern oder behindern und es zudem reformwilligen Politikern erschweren, Leistungen zu verlangen und Veränderungen herbeizuführen. Ernst nehmen sollten wir Afrikaner, die überzeugt sind, dass es ohne Entwicklungshilfe weniger Korruption gäbe. Ja wir sollten helfen wenn nötig, d.h. aber nur wenn Eigeninitiativen nachweisbar an ihre Grenzen kommen.Volker Seitz, Botschafter a.D. und Autor „Afrika wird armregiert“