Den Här Henckes…

koum haut, den 30. März 2013, am Mëttesjournal vun RTL zu Wuert, an dem dat de Radio seng deemooleg Erklärung bei Geleeënheet zu sengem Austrëtt aus der Partei ofgespillt huet. Déi Erklärung staamt nach aus dem  Kontext vun der Ofdreiwungsdebatt.

Als Parteipresident an an der Iwwergangsphas no menger Demissioun konnt ech mech zu dem Thema net sou fräi ausdrécken, wéi ech dat haut kann.

Den Här Henckes behaapt, dat Drock ausgeübt gi wär. Als deemoolege President soen ech an aller Däitlechkeet datt ech den Här Henckes ni ënner Drock gesat hunn. Den Här Henckes konnt an der Chamber fir d’Ofdreiwungsgesetz stëmmen an och seng Meenung do ausdrécken. Fir him Riedzäit ze ginn, hunn ech meng eege Ried ofgekierzt.

Op enger „Journée parlementaire“ hat d’Partei schonn virun zwee Joer decidéiert, dat ech sollt d’Positioun vun der Partei an der Chamber vertrieden, obschonns den Här Henckes de Member vun der ADR an der „commission juridique“ vun der Partei wor. D’Ofdreiwungsgesetz gouf an der „Commission juridique“ vun der Chamber viirbereed. D’Positioun vun der Partei gouf deemools, op där „Journée parlementaire“, mat ronn 30 Stëmmen dofir géint eng Géigestëmm, an dat wor dem Här Henckes seng,  decidéiert. Déi Positioun déi vun der Partei decidéiert gouf wor och absolut conforme mat där aus dem Wahlprogramm vun der ADR.

No der Oofstëmmung an der Chamber hat den Här Henckes e Bréif un mech als Parteipresident geschriwwen, an dem hien gesot huet, dat déi Positioun déi ech am Parlament vertrueden hätt, net geng der Positioun vun der Partei entspriechen. Den Bréif hunn ech an déi zoustänneg Gremien vun der Partei mat geholl an hunn a geheimer Ofstëmmung am Nationalcomité doriwwer ofstëmme gelooss. D’Diskussioun wor a mengen An disziplinéiert, héiflech an et ass jiddereeen zu Wuert komm. Als President hunn ech besonnech vill Wäert drop geluegt, dat et net sollt zu Entgleisungen kommen. Déi Duerstellung vun där Diskussioun an de Medien konnt ech iwwerhaapt net novollzéien. Et deet mir Leed, dat se net opgezeechent gouf.

D’Resultat vun der geheimer Ofstëmmung  wor méi wéi däitlech net zum Här Henckes senge Gonschten. Doropshin huet den Här Henckes d’Reunioun an engem opgereegten Gemittszoustand an mat grousser Vitesse verlooss. En ass dono aus der Partei ausgetrueden.

Ech selwer hunn demissionnéiert, fir den Här Colombera nach an der Partei ze halen an doduerch déi materiell Interessen vun eisem Personal, also d’Aarbechtsplazen, kënnen ze schützen. Et ass jo gewosst, dat d’Deputéierten fir d’Personalkäschten vun der Fraktioun opkommen. Meng Motivatioun wor also eenzeg an alléng déi sozial Verantwortung géintiwwer eise Mataarbechter, soss hätt ech mat Sëcherheet dem Ultimatum vum Här Colombera net noginn. Trotz mengem Récktrëtt ass den Här Colombera awer aus der Partei ausgetrueden an huet sech op d’Sich no engem neien politeschen Doheem gemaach. Seng Kontakter mat dene Gréngen an mat de Piraten woren an de Medien nozeliesen.

Am ganzen haten am Verlaf respektiv an der Folleg  vun denen Debatten ronn eng Dosen Leit d’Partei verloos, dovun d’Haltschent aus Protest well ech net méi Parteipresident bliwwe sinn.  Si hunn mir Bréiwer an dem Sënn geschriwwen. Solidaresch ausgetrueden mat den Hären Colombera an Henckes woren also nëmmen véier Leit, dorënner och den Här Gatti.  Bei allen eventuellen Onsecherheeten an der Motivatioun vun de Leit geng ech den absoluten Maximum vun solidareschen Austrëtter mat den Hären Henckes a Colombera op sechs Persounen usetzen. All eenzelnen Austrëtt gouf vun interesséierter Säit publizéiert an an de Medien bal „gefeiert“. Et sollt den Androck vermëttelt ginn, als stéing d’ADR virum Zësummebroch.  Bei ronn 2.100 Memberen wor déi ganz begrenzten Zuel vun Austrëtter awer absolut keen Drama. Schlëmm ass allerdéngs de Verloscht vun zwee Deputéierten, déi awer allen zwee Positiounen vertrueden hunn, déi net mam Wahlprogramm vun der Partei compatibel woren. Schlëmm ass och, dat si hir Mandater behalen hunn, amplaatz si un d’Partei zréck ze ginn. Fir de Norden misst haut den Här Jeff Engelen Deputéierten sinn a fir den Zentrum den Här Roy Reding.

Wat déi Demonstratioun vun „Pro Europa Christiana“ virun der Chamber ugeet, sinn ech onverännert der Meenung, dat d’Reaktioun vum Här Henckes net als besonnesch tolerant kann agestuft ginn. Ech hunn an der Chamber géint eng Liberaliséierung vun der Ofdreiwung gestëmmt an am Numm vun der Partei déi Positioun vertrueden an et ass a mengen An selbstverständlech, dat ech dann – souguer och als Parteipresident – déi Demonstranten kann a soll begréissen, déi déi Positioun vun der ADR prinzipiell ënnerstetzen.

Hei ass den deemolegen Reportage vun RTL. Fir keen Uelech op d’Feier ze schëdden, hat ech net alles gesot wat ech denken.

http://5minutes.rtl.lu/fr/actualite/luxembourg/328391.html/354239.html

D’Ofdreiwungsgéigner hunn friddlech demonstréiert, d’pro-Ofdreiwungslager gouf agressiv an huet Leit déi anerer Meenung woren mat Hakekräizer beleedegt. Iwwer dat Thema „Doudelueden an Intoleranz“ ass och en Artikel op dësem Blog. An de Medien kritiséiert, goufen – sou wäit ech wees – awer alleng d’Ofdreiwungsgéigner.

Ech bedaueren, dat déi Toleranz déi ech géint iwwer dem Här Henckes senger Positioun gewisen hunn, net reziprok war. Den Här Henckes koum parteiintern an alle Gremien zu Wuert an ech affirméieren, dat ech seng Reklamatioun no beschtem Wëssen a Gewëssen fair behandelt hunn. Ech bedaueren, dat den Här Henckes Leit déi géint d’Ofdreiwung waren als geeschteg krank bezeechent huet.  Och dat ass an dem genannten Artikel op  dësem Blog ze fannen. Ech si perséinlech där Meenung, dat e  Member vun der ADR en aneren Emgangstoun mat Leit soll hunn wéi den, den dën Här Henckes gewisen huet.  Eng aaner Meenung hunn ass keng Geeschteskrankheet.

 

 

 

Dieser Beitrag wurde unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert