Nodeems eng Organisatioun vun Nët-Gleewegen en „Huesefest“ op Karfreideg organiséiert huet, wëll och „Déi konservativ Säit“ zur Feststëmmung bäidroen.
Dowéinst:
Wëllkomm op der Spaweckssäit vun dem groussen alternativen Huesefest, powered by « Déi konservativ Säit » ! Den Entrée ass fräi.
An hei eisen alternativen Huesequiz! De Jury besteet aus dem konservativen Fernand Kartheiser. Hei sinn ons Froen:
Hues Du schonn driwwer nogeduecht, dat de Glawen Dir dat éiwegt Liewen erméiglecht an den Atheismus Dech zu engem sënnlosen Dout veruerteelt ?
Hues Du schonn gemierkt, dat d’Kreativitéit an der Sixtinescher Kapell méi grouss ass wéi bei den Graffiti-Schmierereien vun der lénker Subkultur ?
Hues Du schonn gespiert, dat et méi déif an schéin ass eng richteg Hochzäitsmass ze feieren wéi eng an engem wäissen Kleed ze imitéieren ?
Hues Du schonn verstaan wéi ergräifend et ass an enger Kierch d’Präsenz vun engem Gott ze spieren den Dech gär huet och wann s Du en net wëlls?
Hues Du schonn Deng Kanner op hirem Wee an d’Liewen iwwer d’Wichtegkeet vum theologeschen Denken fir déi ganz Philosophie opgeklärt ?
Hues Du schonn decidéiert fir nes an eng Mass ze goen, einfach mol aus Virwëtz ?
Hues Du schonn Dengem Lokalpolitiker gesot, dat s Du keng Maison de la Laïcité brauchs ?
Léif Huesen,
Schreift Aer Aentwerten an Iddien un « Déi konservativ Säit »!
An hei de musikaleschen Programm: