Hëëëëëllleeeef ! D’Uni Lëtzebuerg fuerscht !

Firwat wor ech da nëmmen sou depriméiert wou ech aus dem leschten James Bond Film raus koum ? Richteg, ech hat ënnert mengem lenken Aarm gespiert, dat do KENG Walther PPK 7,65 mm wor! Konnt et ieren sinn, dat ech awer net sollt wéi den James Bond sinn, obschonn ech grad denen Béisen nogelaf wor an si reiheweis erschoss hat? Gott, wat krut ech do Selbstzweifelen! Sollt et mir lo goen, wéi a menger fréiester Kandhet wou ech schonn traumatiséiert gouf doduerch, dat ech hu misse feststellen, dat ech net de Callaghan, den John Drake, den Ivanhoe, de Saint, de Bob Morane, de Commander McLane oder de Captain Kirk wor?  Mol net de Columbo mat sengem Laangoueren-Mupp?

Wat hunn ech e Matleed mat denen Myriaden vu Fraen a Meedercher déi lo och Selbstzweifelen kréien wann si feststellen dat si NET sinn wéi d’Lara Croft! Et ass zwar net méi ganz sou dramatesch wéi fréier, well d’Barbie an d’Lara kruuten allen zwee schonn feministesch Broschtamputatiounen verschriwwen. Wat d’Jalousie net alles kann bewierken! Mä wéi schéin, dat déi zween lo kënnen besser am Gläichgewiicht bleiwen.

Jiddefalls ass dat do en dréngende Problem, den vu kompetenter Säit, also vun der Uni Lëtzebuerg, muss ugepaakt ginn. Am Departement fir héig intellektuell feministesch an Gender-Etüden gëtt sech lo  mat sexualiséierten an ent-sexualiséierten Versiounen vu stereotypéierten an net-stereotypéierten Sexobjekter an Machosubjekter befaasst. Et ass héig Zäit ginn ! Déi dramatesch Wëssenslücken mussen endlech gefëllt ginn! Fir d’ «Feldexperimenter » an « experimentell Ennersichungen » beim Lara mellen ech mech lo schonn fräiwëlleg. Ech bekennen mech nämlech ganz kloer zum Machismus!

Et ass jo wouer, am Ausland gëtt et där Etüden schonn 236.987 no heitegem Stand – pardon, 236.988, grad gouf an Mexiko nes eng publizéiert – mä d’Uni Lëtzebuerg huet do nach net selwer gefuerscht. Dobäi ass dat eng echt Elite-Universitéit ! Kuckt dach mol déi glanzvoll Ausstellung iwwer déi national « Identitéiten » op den Dräi Eechelen – e Prachtstéck! Oder dat hei : den « Gender Mainstreaming Committee » (kee Witz – den gëtt et wierklech!) vun der Uni.lu (kléngt formidabel modern…) mecht nes eng Serie vu Virliesungen iwwer Genderfroen. Thema déi Kéier: « Chancengleichheit durch Entertainment Education ; Ein Beispiel aus den MINT-Fächern : Mathematik, Informatik, Naturwissenschaften, Technik. » Reegt Iech lo roueg op, Dir Dammen, dat klengt nämlech net nëmmen sou als  géngen déi « stereotyp » Gender-Clichéën vun der Uni Lëtzebuerg geflegt, ech sinn iwwerzeegt dat déi och wierklech denken dat d’Fraen e normale Studium an de MINT-Fächer net pakken. Wëll d’Feministinnen froen schonn laang e getrennten Unterrëcht an denen Fächer fir Jongen a Meedercher : Entertainment Science fir d’Meedercher, Hardcore Science fir d’Jongen, awer allenzwee kréien herno natierlech dee selwechten Diplom. Souvill zu den Stereotypen an der Chancegläichheet …

Mat eise Steiersuen vun dem total iwwerflëssegen « Chancegläichheetsministär », ginn lo tonneweis akademesch Loftblosen an Huelphrasen produzéiert. Wat liese mir do ? Déi wëllen « Grundlagenforschung » maachen (déi hunn wierklech keng Schimmt !), an d’Hypothes vun engem Däiwelskrees testen… Kléngt iergendwéi no engem viirchrëchtleche Kultdanz  rondrëm déi zwee Schrott-Héichiewen zu Belval. Dann test Dir mol schéin…an vill Spaass !

Gëtt et da keen, den mir kann séier e Computerspill schreiwen an dem e puer Muskelprotzen a Sexobjekter an d’Uni Lëtzebuerg andréngen an den Gender-Departement an eng ökologesch Brennstoffreserv fir den nächste Wanter  verwandelen ? Ech geng mech extra drunn ginn fir nach eng Bonus-Ronn ze gewannen!

Mä lo mol am Eescht : hu mir et dann wierklech néideg, dat eis Steiergelder zur Fënster rausgehäit ginn fir d’Emerzéihungsfantasien vun den Gender-Fanatiker ze fidderen ? Spiller wëllen si ënnersichen, Liddertexter erfuerschen, no « Alternativen » wëllen si sichen – mä klibbert eis dach ! Wat si wëllen ass zensuréieren, d’Fräiheet aschränken, d’Konscht aspären.

Als e knallhaarden Konservativen sinn ech GEINT all Zensur. Natierlech sinn ech och fir de Schutz vu Mannerjähregen, also e puer kleng Ausnahmen muss et scho ginn, mä den hëllegen, konservativen Grondprinzip, dat éicht Gebot vum Konservativen ass Vive d’Fräiheet !!

An wann e puer Fraleit mengen, si missten e Lidd mam Titel « Scheissmänner » sangen, da sollen si. Si sollen déi Fräiheet hunn a behalen, hire Schrott kafen ech eben net!

De Feminismus ass näicht aanecht wéi eng liberticid, totalitaristesch Ideologie, an e muss  bekämpft ginn. Iwwregens:  net nëmmen d’CSV ënnerstëtzt en, déi Lénk och. Déi hunn lo zu Berlin eng « Occupy Barbie-Dreamhouse » Bewegung gegrënnt fir géint dat « Rollebild » ze protestéieren, dat duerch ë « Barbie-Dreamhouse » geng vermëttelt ginn.

CSV an « déi Lénk »: même combat ! Wéini kënnt endlech eng Anti-Barbie-Campagne zu Lëtzebuerg ? Den Dag ginn ech eng kafen.

http://www.spiegel.de/panorama/gesellschaft/berlin-linke-protestieren-gegen-barbie-dreamhouse-a-891734.html

http://news.rtl.lu/news/national/420873.html

http://www.wort.lu/de/search?query=Lara Croft

http://www.tageblatt.lu/nachrichten/luxemburg/story/20350805

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert