Dee zweeten Harry Potter op lëtzebuergesch!

Fir all Frënn vun der lëtzebuerger Sprooch a virun allem fir all déi kleng a grouss Kanner ënnert hinnen (zu denen zielen ech mech heiansdo och :-)) ) gëtt et elo eng wonnerbar Neiegkeet: den 2. Band vum Harry Potter kënnt nach fir Nikloosdag op lëtzebuergesch raus!

Den éichte Band wor scho ganz gutt op lëtzebuergesch iwwersat ginn a wéi et schéngt ass den zweete Band – wann dat iwwerhaapt méiglech ass – nach besser geroden. Den Titel vun dem Buch – dat elo schonn am Drock ass – weist eng flott Alliteratioun op: aus der „Chamber of Secrets“ gouf dem „Salazar säi Sall“.

Op lëtzebuergesch iwwersat gouf dat Buch vum Florence Berg a vum Guy Berg an et gëtt an der Editioun Kairos publizéiert.

Et wär schéin wann eise Kulturministère esou Iwwersetzungen an d’Lëtzebuergescht och mol géif ënnerstëtzen!

Ech wënschen dem „Harry Potter an dem Salazar säi Sall“ e Riesenerfolleg!

P.S.: Aus Deontologiegrënn well ech gläich soen, datt ech selbstverständlech kee kommerziellen Interessi a kee Bénéfice un dem Buch hunn!

http://www.kairos.lu/content/harrypotter.html

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Gambia an déi national Feierdeeg

Nodeems Gambia lo schonn fir d’Organisatioun vu eng ganzer Rei vu Feierdeeg a Commémoratiounen verantwortlech war kann een éichte Bilan zéien. Wéi geet dëss Koalitioun mat eisem nationale Brauchtum, mat eisen Traditiounen an eiser Geschicht ëm?

Et kann eng ganz Rei vun beonrouegenden Evolutiounen feststellen: de Wonsch Staat a Kierch vuneneen ze trennen geschitt op eng brutal a respektlos Manéier, déi héig Funktioun vum Groussherzog gëtt vu Gambia fir hir politesch Ziler mëssbraucht an de militanten Anti-Amerikanismus vun enger Rei vu Regierungsmemberen iwwerdréit sech ongeschminckt op eng Rei vu wichtegen Commémoratiounsfeieren.

Et sief och drunn erënnert, datt déi lénk Regierung keng 200.000 Euro hat fir eng Ausstellung iwwer den Eichte Weltkrich ze organiséieren, dofir awer 5 Milliounen an e sënnlose Klimafonds zu New York abezillt. Déi lëtzebuerger Geschicht ass Gambia kee Frang wäert, dofir gëtt awer vun eise Suen déi waarm Loft vun där grénger Ideologie deier bezuelt. 

 

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Presskonferenz zum Thema Schoul an Integratioun

Vun der adr-Spaweckssite adr.lu:

Pressekonferenz: Schoul an Integratioun (VIDEO)

Vun der Zweesproochegkeet an de Crèchen bis zur Integratiounsaufgab vun Schoulen huet de Fernand Kartheiser, e Meindeg, den 13. Oktober, en Iwwerbléck ginn iwwert der ADR hir „däitlech aner Virstellungen“ vun der Erzéiungs- an Educatiounspolitik.

D’ADR ass der Meenung, déi zweesproocheg Crèchen (Franséisch a Lëtzebuergesch) eng Diskriminatioun duerstellt géintiwwer Kanner mat engem anere sproochlechem Hannergrond. Fir d’ADR gëllt: an de Créchen soll Lëtzebuergesch geschwat ginn!

E weidert d’Thema war d’“Education aux valeurs“: d’ADR steet kloer zum fraïe Choix, fir e Wäerteunterrecht oder e Reliounsunterrecht. De Fernand Kartheiser steet och ganz kritesch zu den Usätz vun der Regierung zur „Fréisexaliséierung“ vun de Kanner, dëst zum Beispill iwwert de Froebou vum Script dee schonns Kanner vun 10 Joer ënnerbreet ginn ass.

Zum Schluss ass den ADR-Deputéierten nach op d’Sproochesituatioun an der Grondschoul an am Secondaire agaangen, an huet dës Pisten opgezielt:
– d’Classes d’accueil nees aféieren, fir datt Kanner déi an d’Land kommen fit gemaach ginn, wat d’Spoochen ubelaangt, fir mam normale Schoulsystem matzemaachen;
– méi eng systematesch Zësummenaarbecht mat Schoulen am Ausland fir Jugendlecher déi an d’Land kommen;
– Lëtzebuergesch Sektioun an der Europaschoul;
– extra Klasse fir d’Kanner vun Expats oder Asylantekanner, déi net dauerhaft zu Lëtzebuerg bleiwwen;
– deenen Elteren, déi hir Kanner wëllen hei am Land aschoulen, am Virfeld déi néideg Informatiounen ze ginn iwwert déi speziell Sproochesituation an de lëtzebuerger Schoulen.

Fir de Fernand Kartheiser an d’ADR ass et kloer: d’lëtzebuerger Sprooch ass keng „Hürde“ an schonns guer kéng Exklusiounssprooch, mä dee Moyen deen am meeschten zur Integratioun bäidréit.“

Hei ass en Zësummeschnëtt vun der Presskonferenz:

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Här Asselborn, d’Staatsbeamte si fräi!

Den Här Asselborn huet Problemer mat der Fräiheet vun de Staatsbeamten. Hie behaapt, an engem Artikel den hien rezent publizéiert huet, datt Leit déi vum Staat  bezuelt ginn seng Gambia-Politik  net däerfte kritiséieren.

Dobäi kënnt nach, datt hien d’Géigner vum Auslännerwahlrecht an d’Géigend vum Rassismus an der Xenophobie réckelt. Och dat weist, datt den Här Asselborn vun enger Diskussioun op méi engem héige Niveau net vill ze hale schéngt,

A schliislech refuséiert den Här Asselborn och nach, datt mir verfollegt Chrëschten  aus Syrien amplaatz Moslem ophuelen. Et schéngt es, wéi wann d’LSAP wéilt bewosst méiglechst vill Muslimen op Lëtzebuerg bréngen. Firwat d’LSAP léiwer Moslem wéi Chrëschte wël, misst si eis mol erklären.

Veröffentlicht unter Allgemein | 1 Kommentar

Den Islam zu Lëtzebuerg

Eis Gesellschaft ass ëmmer méi mat dem Phänomen vun engem militanten Islamismus konfrontéiert. Am Noen Osten gerode mir duerch d’Hamas, d’IS an aner terroristesch Bewegungen ëmmer méi an eng Situatioun wou déi westlech Demokratien (ausser eisem Här Asselborn, natierlech) musse kloer Positioun bezéien.

Mä och intern stellt den Islam eis virun Erausfuerderungen: Schoulorganisatioun, Toleranz, Burqa, Scharia si well och Themata hei zu Lëtzebuerg.

No dem Här Assselborn sengem Interview op RTL vum 7. Oktober 2014, wou hien eis alt nees e wonnerschéint Bild vum Islam virgemolt huet, hunn ech dëse klenge Film opgeholl.

Ech mengen dat et hei zu Lëtzebuerg muss kloer Regelen fir d’Zësummeliewen mat der islamescher Communautéit musse ginn.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Der CSV hir nei Fettsteier

Eng Question parlementaire vum Här Marcel Oberweis (CSV) huet mech dëser Deeg nees opgereegt. An dëser Fro ( vum 26. September 2014) freet oder suggeréiert souguer den Här Oberweis (mat Autorisatioun vun der CSV, ass mol unzehuelen ), datt d’Regierung sollt no finneschem Virbild eng „Kamellesteier“ aféieren – eng Zort Fettsteier. Sou eng Steier gouf et och schonn an Dänemark a gouf do – well se ineffizient wor – nees ofgeschaaft.  

Schlëmm ass, datt d’CSV nach ëmmer probéiert de Bierger ze dirängelen. Domat ass si alt nees net vun de Gambia-Parteien ze ënnerscheeden, déi jo grad nees mat hirer Quoten-Initiativ  gewisen hunn, datt si vu Fräiheet an Demokratie net vill halen.

A grad nodem ech dëss diktatoresch Fro vum Här Oberweis gelies hat, ass mir en alen Zeitungsartikel vun enger Feministin an d’Hand gefall, déi mat grondfalschen, pseudo-juristeschen Argumenter probéiert all Kritik um Homo-Bestietnis ze verbidden.     

Dono wor ech sou rosen, datt ech dëse klenge Film opgeholl hunn. Ech hunn e „Konservativ a fräi“ genannt, well datt e wonnerschéi Liewensgefill vermëttelt. Mir brauche nämlech kee Staat den eis seet, wat mir däerfen iessen a wat net, a scho guer keng keng totalitär Ideologien wéi de Feminismus, déi de Rechtsstaat pervertéieren.  

Méi wéi je, musse mir an dësem Staat engagéiert fir eis Fräiheet antrieden!   

 

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Schluss mat dem Här Asselborn senger pro-Hamas Politik!

Haut de Moien huet den Här Aulner vum 100,7 en Interview zum Thema Anti-Terrorismusbekämpfung ,at mir gemaach. Bei där Geleeënheet hunn ech besonesch och kritiséiert, datt den Här Asselborn sech ëmmer eng Bedeelegung vun enger terroristescher Organisatioun, der Hamas, un enger palästinensescher Regierung wënscht.

Och hunn ech däitlech drunn erënnert, datt eist Land e Geheimdéngscht brauch fir géint déi terroristesch Menace kënnen efficace virzegoen. Déi Zäiten wou d’Gambia-Parteien hir populistesch anti-SREL an anti-USA Rhetorik konnten an d’Welt setzen, sinn un der Realitéit vum Krich am Noen Osten gescheitert.

Haut muss eis Gambia-Regierungsparteien sech international zu enger Politik verflichten, déi se nach virun engem Joer ëffentlech verdaamt hunn.

 

http://www.100komma7.lu/emissions/2014/09/30/kartheiser-adr-aussepolitik-vu-regierung-extrem-naiv/

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

E perséinleche Bilan iwwer eis Schoulpolitik

No 5 Joer an der Schoulkommissioun vun der Chamber wollt ech hei mol meng perséinlech Andréck iwwer den aktuellen Zoustand vun eisem Schoulsystème zësummefaassen. Dëss Kommentaren si natierlech réng perséinlech Meenungen a net onbedéngt déi vu menger Partei.

Wou ech dee Film opgeholl hunn, sinn awer bal 20 Minutten dobäi eraus komm, dowéinst hunn ech e missen an dräi Deeler opdeelen. Wann een ufänkt iwwer d’Schoul ze schwätzen, ass et nun eemol schwéier fir sech bei all dem Misär kuerz ze faassen.



Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Déi nei Police-Spëtzt

Virun e puer Deeg huet den Här Etienne Schneider der Chamber seng Decisiounen iwwer d’Neibesetzung vun der Police-Directioun bekannt ginn. Dozou hätt ech e puer Kommentaren, déi ech och nees op engem klenge Video festgehalen hunn. D’Erfahrung ass och beim Filme vill wäert, déi technesch Qualitéit ass elo scho vill besser, an den Oscar réckelt definitiv méi no! E risege Merci u meng Hëllef!

Och am Dossier „nei Police-Spëtzt“ huet d’CSV d’Gambia-Regierung nees ënnerstëtzt – wéinstens am Ufank. Hire Porte-Parole sot souguer d’CSV hätt et d’nämlecht wéi den Här Schneider gemaach.  Ech kann einfach net verstoen, datt d’CSV nach ëmmer net probéiert sech eng eegen Identitéit ze ginn an an der Oppositioun en eegent Profil ze kréien. Alleng op d’Unzéiungskraaft vun hire Politiker kann si sech net méi verloossen. A firwat soll een eng CSV wielen, déi bei all Geleeënheet seet, si geng (bal) dat selwecht maache wéi Gambia?

Hei si meng Kommentaren zum Thema nei Police-Directioun. Ech wënsche vill Spaass beim Kucken!

 

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Politesch Rentrée

Nodem d’Politik laang zimlech roueg war, ass et elo nees un der Zäit d’Debatten e bësselchen ze beliewen. Déi nei Regierung weist ëmmer méi vun hirer lénker Identitéit. Ech wonnere mech allerdéngs dacks iwwer déi Hellewull vun  iwwerraschte Kommentaren déi ech an dem Kontext ze héiere kréien – vill Leit schénge sech virun  de Wahlen wierklech net vill mat de Wahlprogrammen an den Entwécklungen an der lëtzebuerger politescher Landschaft beschäftegt ze hunn. Dat ass schued – mä elo leider net méi ze änneren. Ech hoffen, datt sech dat bei dene nächste Wahlen ännert.  

Interessant ass och, datt d’CSV zwar vill Froe stellt awer an der Substanz – also do wou et drop ukënnt – bal d’selwecht wéi d’Gambia-Koalitioun denkt. An denen éichte Méint huet si net manner 71 vu 74 Gesetzer mat gestëmmt – och där déi si net selwer mat virbereed hat.  An och elo – ob Fraequoten, Reform vun der Policespëtzt oder zweesproocheg Erzéiung, d’CSV ass bal ëmmer – bis op filigran Nuancen – mat Gambia austauschbar. D’ADR ass dat awer natierlech net. Si ass déi eenzeg konservativ Oppositioun hei am Land.

Mä konservativ hin oder hir – et muss een a gewësser Hinsiicht mat der Zäit goen. Haut presentéieren ech dowéinst e neit Produkt ganz frësch aus Hollywood. Ech gi gär zou, datt déi nei Serie nach ka verbessert ginn – an dat gëtt se och nach! En Oskar gëtt et nach net…. awer wat zielt ass den decidéierte Widderstand géint Gambia. An dee kënnt bei mir vu ganzem Häerz! 

http://www.facebook.com/l.php?u=http%3A%2F%2Fyoutu.be%2FpggAjMdyABM&h=dAQFr-UPt

 

 

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar