No engem interessanten Wahlowend wéilt ech dann och mäi « Pefferkär » zu de Wahlanalyse bäidroen. Dat wichtegst vir : e ganz häerzleche Merci un jiddereen den menger Partei an och mir perséinlech säi Vertraue geschenkt huet!
Datt mir Lëtzebuerger hu misse bis 11 Auer op d’Resultat waarden ass méi wéi lächerlech. Do huet eis Gambia-Koalitioun sech nees virun dene federalen Dreem vun der EU-Kommissioun an de Stëps gehäit. Wat eng aarmséileg Regierung hu mir dach!
Mam Wahlresultat vun der ADR sinn ech absolut zëfridden. Si gouf scho nees als déi fënneftstäerkst Partei am Land confirméiert a 7,53% si national wéi international gesinn e méi wéi éierbart Resultat. Dësst Resultat weist och, datt d’ADR sech nëmmen ënnerhalleft Joer nom Départ vun zwee Deputélierten komplett erholl huet. D’ADR ass zënterhir programmatesch gëeent a personell vill besser opgestallt. Dat si gutt Ausgangspositiounen fir d’Zukunft.
Bei dëse Wahlen ass villes geschitt : d’Kommunisten sinn als politesch Kraaft praktesch ganz verschwonnen : mat nëmme 1,49% leie si souguer nach hannert dem Här Colombera sénger integraler Cannabis-Sekt. Ob d’KPL bei dene nächste Wahlen nach eemol untrëtt ass alles anecht wéi sëcher. Déi kommunistesch Stëmme sinn e klengen zousätzleche Réservoir fir déi Lénk déi zësumme mat dene kommunistesche Stëmmen 7,25% erreecht hätt an domat bal sou staark wéi d’ADR gi wären.
D’Piraten sinn net vill méi wéi e Walveräin fir den Här Clement. International wäert déi Bewegung an dene nächste Joere souwisou progressiv verschwannen. Hir internetspezifesch Programmatik gëtt vun denen anere Parteien absorbéiert. Déi puer Leit déi bei hinnen en elektoral Gewiicht hunn ginn vun anere Parteien am lénke Spektrum opgeholl. Och wann d’Piratepartei lo als declaréiert Partei fir de Jonktem en temporären elektoralen Erfolleg konnten hunn, sou huet si awer strukturell zwee Nodeeler. Den éichten ass, datt si keng laangfristeg Perspektiven fir hir ambitiéis Politiker bréngt, déi sech also mussen eng aner politesch Heemecht sichen. An den zweeten ass, datt och jonk Leit bekanntlech mat der Zäit méi al ginn. Bei dene nächste Walen sinn d’Piraten – sollten si dann nach do sinn – nees fënnef Joer méi al wéi hiren Elektorat.
Reng politesch-programmatesch gëtt et am Prinzip zu Lëtzebuerg nëmme sechs Parteien mat enger dauerhafter Existenzberechtegung:
CSV : chrëschtlech-sozial, LSAP : Sozialistesch, DP : Liberal, Gréng : ecologesch, Lénk : kommunistesch, ADR : konservativ, patriotesch.
D’Piraten, d’Cannabis-Sekt an d’Kommunisten (au sens strict ) sinn ideologesch irrelevant, wann och net stëmmeméisseg.
Déi negativ Säit ass dat gutt Wahlresultat vun der CSV. Negativ dowéinst, well et déi néideg selbstkritesch Analys vun der CSV behënnert. D’CSV wäert sech lo an hirer Ausriichtung net a Fro stellen wat hir an och dem Land schued. Si huet elektoral lo nach eemol vum Effet Juncker profitéiert, och natierlech vun der Gambia-Koalitioun mä de grondleeënde Problem vun der CSV bleift datt si hirer politeschem Optrag als chrëschtlech Partei iwwerhaapt net méi nokënnt.
Jiddefalls huet sech am Land vill bewegt, och wann déi sechs Gesiichter zu Stroosbuerg leider déi selwecht bleiwen, mat der Ausnahm vun dem altersbedéngte Wiessel bei der LSAP natierlech.
Europäesch gesinn gëtt et zwar wahrscheinlech nach eng federal Majoritéit am Parlament awer wuel kaum am Conseil. De François Hollande, den David Cameron an anerer mussen elo vill méi op hir national Interessien uechten. Den europäesche Federalismus ass also mol gebremst ginn, och wann ech mir perséinlech eng aner Manéier gewënscht hätt, fir dat Zil ze erreechen.
Wéi staark dem Här Juncker seng Akzeptanz an der EVP ass, muss een och nach gesinn. Op déi ungaresch Stëmmen kann hien jo wuel kaum zielen… Vläicht gëtt hien elo awer de Nofolger vum Här van Rompuy, den Här Schultz behällt d’Parlament an e Kompromësskandidat kritt d’Kommissioun. Qui vivra, verra !