Auslännerwalrecht: d’Gambisten putschen géint d’lëtzebuerger Vollék!

Wéi op dësem Blog schonn den 22. März ugekënnegt, wëll Gambia alles maachen, fir den Auslänner d’Walrecht ze ginn ouni op de Wee vum Referendum ze goen. Souvill zu dem lénke Gesabbels iwwer „d’Demokratie stärken“, wéi et am Regierungsprogramm stoung! Den huet genee 5 Méint gehal, an da nach… Wat wierklech vu Gambia  ze halen ass, huet ee jo och scho gesinn, wou et viru Kuerzem em eng Neibesetzung vum Staatsrot goung an déi Gréng sech em 180 Grad (!)  gedréint hunn.

Dee selwechte Verroot um Wieler widderhëllt sech lo beim Auslännerwalrecht.

Hei ass – dank dem 100,7 – e flott Dokument iwwer dem Här Bettel seng Glaafwierdegkeet:

http://www.100komma7.lu/emissions/2014/04/17/kee-referendum-iwwert-dauslannerwahlrecht/

Ech ginn dovun aus, datt d’CSV an där do Fro ëmfällt a bei iergend engem faule Kompromëss mat mecht, wéi z. B. „selwecht politesche Rechter fir all EU-Bierger“. Da kéinten – an enger éichter Phas – d’Chinesen, d’Guatemalteken an d’Algerier mol nach net mat hei decidéieren. Wen eng patriotesch a wäertorientéiert  Politik wëll, kann an dësem Land definitiv nëmmen d’ADR wielen!

Veröffentlicht unter Allgemein | 4 Kommentare

Déi gréng Pädophil an d’Eierlechkeet vum Tageblatt

D’Tageblatt huet jo an denen leschte Joeren mat groussem Asaz all Geleeënheet genotzt fir géint déi kathoulesch Kierch wéinst dem sexuelle Mëssbrauch ze hetzen den et do leider gouf. Hei e Beispill vun engem vu ganz villen Artikelen zu dem Thema:

http://www.tageblatt.lu/nachrichten/meinung/story/21254893

Fir datt mir eis gutt verstinn: ech deelen d’Suerg ëm dee sexuelle Mëssbrauch an der Kierch den ech och selbstverständlech veruerteelen – wéi all sexuelle Mëssbrauch. Ech denken awer, datt d’Kierch am Groussen a Ganzen ganz gutt a konsequent reagéiert huet.

Ganz aanecht ass dat awer bei dene Gréngen. Och bei hinnen gouf et jo ganz vill Fäll vu Pädophilie déi grouss Deeler vun hirer Partei och nach joerelaang politesch gefördert hunn. Mä aanecht wéi d’Kierch klären déi Gréng net vill op a si gi grad ëmmer nëmmen souvill zou wéi schonn bekannt ginn ass.

Mee vum tageblatt hätt ech mir erwaart, a sief et nëmmen aus Grënn vun der Glaafwierdegkeet, datt et de sexuelle Mëssbrauch ëmmer op déi nämlecht Manéier behandelt – ob dee lo an der kathoulescher Kierch geschitt ass oder bei dene Gréngen.

Mat grousser Verwonnerung hunn ech dowéinst de 7. Abrël 2014 en Artikel mam Titel „Daniel Cohn-Bendit zieht weiter“ am tageblatt gelies. Den Artikel wor eng eenzeg Lueflitanei op dee grénge Fraktiounschef am Europaparlament a mat kengem eenzege Wuert gouf den Här Cohn-Bendit wéinst senger Pädophilie kritiséiert.

Et geet an dem Artikel ëm eng gréng Party fir den Här Cohn-Bendit. Ob den Här Turmes och do wor, steet leider net am Artikel. D’tageblatt wor jiddefalls begeeschtert.

Vun där zweetgréisster Dageszeitung hei am Land kéint een sech méi Eierlechkeet erwaarden. Wéinst der Koalitiounslogik schéngt och dee leschte Recht u politescher Moral missen eliminéiert ze ginn. Soss hätt d’tageblatt sech jo zum Beispill kënne froen, ob den Här Turmes oder déi lëtzebuergesch Gréng sech jemools vum Här Cohn-Bendit distanzéiert hunn. Net, datt ech wéisst….

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Iwwer Kriminalitéit a Migranten

An der Spawecksversioun vun der FAZ stoung de 6. Abrël en Artikel iwwer e Lieserbréif un d‘ „Deutsche Polizei – Zeitschrift der Gewerkschaft der Polizei“ vum November 2013 .  Dee Lieserbréif hunn ech gläich mat hei am Link publizéiert – en ass op de Säiten 2 (ënnen) an 3 vun där Zeitung.

http://www.faz.net/aktuell/politik/inland/null-respekt-polizistin-klagt-ueber-straffaellige-einwanderer-12882648.html

http://www.gdp.de/id/dp201311/$file/DP_2013_11.pdf

Eng däitsch Polizistin mat griichescher Ofstamung hat de Courage fir verschidde Mëssstänn an Däitschland mat Numm ze nennen, speziell  där, déi mam Behuelen vu Migranten am Zësummenhank stinn. Besonnesch an Zäiten vun der politesch korekter Ligekultur ass et wichteg a richteg op d’Problemer kloer an däitlech opmierksam ze maachen. De Courage vun där Polizistin verdéngt Unerkennung.

Hei am Land gëtt et och grouss Problemer mat der Auslännerkriminalitéit – just et gëtt net doriwwer geschwaat. Et gëtt dacks net gesot wéi eng Nationalitéit d’Täter hunn, wéi se beschriwwe goufen oder wéi eng Sprooch se geschwat hunn – et soll jo net bekannt ginn, datt e groussen Deel vun der Kriminalitéit op de Konto vun Auslänner geet. Dobäi ass et jo net ëmstridden, datt mir ganz vill fein an éierlech Auslänner bei eis wunnen hunn – awer ebe leider net nëmmen där! An doriwwer muss och kënne geschwat ginn.  Ass et dann net wichteg, datt mir mussen d’Problemer kloer identifizéieren fir déi richteg Moossnamen kënnen ze huelen? An der Sowjetunioun gouf séngerzäit och net iwwer d’Kriminalitéit bericht – et konnt ebe net sinn, wat net huet däerfe sinn!

D’Tatsaache si jiddefalls kloer – sou wéi se aus den offiziellen Polizeistatistiken ervir ginn. Musse mir lo dowéinst d’Statistike friséieren – wat ech der Gambia-Regirung absolut zoutrauen- oder kënne mir  am Interessi vun der ëffentlecher Sëcherheet  d’Problemer beim Numm nennen an adäquat Mossnamen treffen?

D’ASTI probéiert jo schonn als Rassismus ofzestempelen, wann enn de Problem vun där iwwerproportional héiger Auslännerkriminalitéit hei am Land och nëmmen uschwätzt. Als „rietsradikal“ oder „Rassist“ gëllt den, den einfach d’Wouerecht seet…  Wéi soll een a sou engem Klima Politik maachen, d’Leit schützen oder géint verschidde Formen vu Kriminalitéit duerchgräifen?

Well jo ëmmer nees behaapt gëtt, d’Politiker génge net  Positioun bezéien, wëll ech soen wou ech an dëser Debatt stinn. Abee, déi éierlech Leit solle geschützt ginn,  an net déi kriminell. An dowéinst stellen ech mech kloer hannert eis Police. Et däerf keng Rebellioun toleréiert ginn. Déi Kriminell sollen nees Respekt virun der Police hunn. D’Police muss déi néideg Moyenën hunn fir duerchzegräifen, och géintiwwer grousse Mëschegruppen.  An dem Sënn hat ech jo och schonn eng Interpellatioun an der Chamber gemaach.

Et däerfe keng Parallelgesellschaften an et däerf keng Paralleljustiz hei am Land ginn. Wee wëll no der Scharia liewen soll an en islamescht Land goen – hei geet dat net!

A wen sech hei net well integréieren SOLL goen a wen hei am Land kriminell Akte mecht an net Lëtzebuerger ass MUSS goen. Et ass net ieren eng duebel Stroof wann een niewent enger Prisongsstrof  och nach aus dem Land verwise gëtt. De Prisong gëtt et fir d’Verbriechen – an d’Ausweisung gëtt et wéinst der Verletzung vun eiser Gaaschtfrëndschaft. Genee sou mann wéi all aner Vollék brauche mir eis gefalen ze loossen, datt Leit hei an d’Land kommen fir kriminell Akten ze begoen.

Et soll endlech Schluss sinn mat där „politescher Korrektheet“! Mir sollen d’Problemer endlech nees mam Numm nennen a mir solle  Moossnamen huelen fir Recht a Gesetz nees duerchzesetzen – an zwar eist Gesetz a net iergend en anert. Et ka sinn, datt déi politesch Lénk lo soen, dat wär „Populismus“- en anert „Argument“ fannen  si jo scho laang net méi- abee nä, et ass verantwortungsvoll Politik am Déngscht vun  allen éierlechen a friddleche  Leit hei am Land – de Lëtzebuerger wéi den Auslänner.

Veröffentlicht unter Allgemein | 15 Kommentare

Petitioun géint den Tram

Op der Spaweckssäit vun der Chamber kënnen interesséiert Leit eng Petitioun géint den Tram ënnerschreiwen. Hei ass de Link:

http://www.chd.lu/wps/portal/public/!ut/p/b1/jcvLDoIwEIXhR5rpQKewHJSWhmDAqhE2hAUxJFw2xucXH8Do2Z3k_6CDltHETLGO4A7dOrymx_CctnWYP7_jntDebpacZI41igtcmtqjE7MH7R4or6XwSAVaZvR1cUy5jKPSqf88JUk4O6nyNL1m6PGgQt5khJ7-8_hlgr98GFc4FdsyQrunptcXvkopRrmzIZTEUCXUKBc0XKDNYelma5Nj8wbLanBu/dl4/d5/L2dBISEvZ0FBIS9nQSEh/pw/Z7_5T6UAKA71GR720A872MA2Q1GS5/ren/p=petition_id=38/p=ePetition=PetitionDetail/-/#Z7_5T6UAKA71GR720A872MA2Q1GS5

 

Veröffentlicht unter Allgemein | 3 Kommentare

Marche „Fir de Choix“ – 26. Abrëll 2014 vu 14.45 bis 16.00 Auer

Léif alleguer,

kommt w.e.g. zu sou vill wéi méiglech de Samsdech, 26. Abrëll 2014 um 14.45 an de Rousegärtchen fir eng Demonstratioun zugonschte vum Reliounsunterrecht an der Morale laïque an de Schoulen!

Wiert Iech géint d’Ofschafen vun der Méiglechkeet fir ze wielen!

http://www.pourlechoix.lu/

Ech si jiddefalls och do.

Mat beschte Gréiss,

Fernand Kartheiser

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Firwat kee federalt Europa – en Artikel vum Här Prof. Roland Kirsch

Mat frëndlecher Erlaabnis vum Här Professer Roland Kirsch publizéieren ech hei säi rezenten Artikel zum Thema Europapolitik, dee besonnesch an dësen Zäite vum Wahlkampf fir dat Europäescht Parlament (an NET fir d’Kommissioun!) liesenswäert ass.

„Firwat kee federalt Europa

Vu ville Säite gëtt de Ruff no engem federalen Europa nom Virbild vun den USA ëmmer méi kräfteg. Eis EU-Kommissärin huet sech dat als ee vun hiren Haaptziler an hier Agenda geschriwwen. D`Fro déi all eeschte Politiker stellen muss ass déi, op esou en Europa iwwerhaapt erstriewenswäert ass. E Bléck zeréck op déi rezent Geschicht vun Europa kann do vu grousser Hëllef sinn.

1952 ass ënnert dem Impuls vum Robert Schumann an dem Jean Monnet d`Montanunioun gegrënnt ginn. Wéi den Trauma vum 2. Weltkrich iwwerwonne wor hunn déi zwee grouss Staatsmänner mat hirer Initiativ den Handel tëschent 6 Länner rëm ugekuerbelt a gläichzäiteg d`Hand zur Verbridderung gereecht. Zu deem Zäitpunkt goufen ët an Europa 34 souverän Staten tëschent dem Atlantik an dem Ural. Déi groussaarteg Iddi vun enger Wiertschaftsunioun huet sech weider entwéckelt an ass iwwer d`EWG an d`EG, d`Europäesch Gemeinschaft iwwer gaang. Zu deene 6 Grënnerstate sinn anerer derbäi komm, d`Wierkungsfeld vun der EG huet sech erweidert an huet munch positiven Afloss bruecht, woubäi een och muss feststellen, datt nett alles grued gelaf ass, wéi z.B. dat iwwerdriwwent Amëschen vun der Gemeinschaft an d`Landwirtschaft.

Et duerf een allerdéngs nët iwwersinn, datt parallel zu der Bestriewung, Staten zu enger Gemeinschaft zesummen ze feieren, op ville Plazen an Europa Mënschegruppen hier Autonomie ugestrieft hunn. Et waren dat ëmmer Gruppe vu Mënschen, déi duerch eng gemeinsam Kultur, eng gemeinsam Sprooch an eng gemeinsam Geschicht sech zoueneen gehéireg gespuert hunn. Malta huet seng Onofhängkeet vu Groussbritannien 1964 krut. De Fall vum Kommunismus a mat him den Zerfall vun Sowjetunioun woren dunn dee groussen “Déclic”. A kierzester Zäit sinn d`baltesch Staten Estland, Lettland a Litauen, donieft dann och Wäissrussland, d`Ukrain a Moldawien entstan, respektiv nei entstan. Kuerz duerno ass Jugoslawien zerfall an huet an engem Prozess, deen nach unhält, Slowenien, Kroatien, Bosnien, Serbien (resp. Rescht-Jugoslawien), de Montenegro, Mazedonien an de Kosovo op den europäesche Plang bruecht. Wat nët zesummen eru gewuess wor, konnt och net zesummen halen. Dat léiere mer och un der Geschicht vun der Tschechoslowakei, wou haut zwee eegestänneg Staten, Tschechien an d`Slowakei niewenteneen existéieren.

Dës Entwécklung ass beileiwe nach nët eriwwer. D`Baskeland a Nordirland stinn ëmmer erëm an de Schlagzeilen wann d`Separatisten aktiv ginn. A Schottland fënnt am September an a Katalonien am November jeeweils e Referendum statt fir iwwert d`Oftrennung vun deene jeeweilege Gebidder vun de Stammstaten Groussbritannien a Spunien ofzestëmmen. A Venetien ass elo grad iwwer Internet eng inoffiziell Ofstëmmung gelaf fir sech vun Italien ofzesplécken a Sizilien plangt am Hierscht e Marsch fir d`Onofhängegkeet. Triest, dat 1954 zu Italien geschloe ginn ass, strieft och erëm d`Eegestännegkeet un. An ët ass sécher keng bëlleg Spekulatioun, wann een sech d`Fro stellt, wéini Südtirol, Sardinien an d`Lombardei, respektiv Wales oder och Korsika nët méi wëllen eng Regioun, mee e Stat sinn.

A grad elo mengen eis héich EU-Politiker festzestellen, datt dee richtege Moment komm ass fir all déi Staten zu enger Federatioun zesummen ze féieren. An aller Objektivitéit muss ee feststellen, datt eng Volleksgemeinschaft, déi géint de Wëlle vun de Leit entstan ass, op kuerz oder laang erëm auserneen dreift, well d`Zesummeliewen an engem gemeinsame Land nët ouni Reiwereie vollzu ka ginn. Jiddereen vun eis lieft mat senge Noperen a senger Strooss am Fridden, esou laang jiddereen säi Gaart, seng Terrasse a säi Grilleck huet. Wa mer d`Maueren an d`Hecken tëschent de Gäert ewech huelen an alles vergemeinsamen, dann huet de Fridde geschwënn ausgedingt.

Duerfir wieren d`Politiker gutt beroden (géife beweisen, datt een och aus der Geschicht ka léieren), wa se de Gedanke vum Federalstat ganz schnell géinge fale loossen an dofir géinge suergen, datt jiddereen am gudden Afersteestemech mat senge Nopere liewe kann. Datt do nach genuch Aarbecht ass gesi mer ouni eis unzestrengen, wa mer bis bei eis Belsch Nopere kucken gin.“

Veröffentlicht unter Allgemein | 1 Kommentar

Petitioun: „Schutz fir d’Kand“: wann-ech-gelift aschreiwen an ënnerstëtzen!

http://schutzfirdkand.lu/index.php?lang=lu

 

mat engem Artikel vu wort.lu, den dëss Initiativ presentéiert:

http://www.wort.lu/de/view/initiative-schutz-fir-d-kand-argumentiert-gegen-homo-ehe-5343fc77e4b0c117a0b362a6

Veröffentlicht unter Allgemein | 1 Kommentar

Muss een d’Kanner virun der Schoul schützen?

Wat mat eise Kanner an de Schoule geschitt gëtt ëmmer méi schlëmm. Nët nëmmen, datt de Niveau kontinuéierlech an zënter Joeren d’Baach rofgeet, mä lo ginn si och nach vun denen lénke Kreeser fréisexualiséiert an gender-indoktrinéiert.

Gottseidank gëtt et och scho Géigebewegungen an Europa, an demno wat d’Gambisten hei zu Lëtzebuerg plangen, musse wuel och hei am Land Géigemoossnamen envisagéiert ginn. D’Sträiche vum Reliounsunterrecht ass nëmmen en éichte Schrëtt. Wann d’Kanner, déi Jonk an hir Elteren bis keng Méiglechkeeten „fir e Choix“ méi hunn, dann huet de Staat dofir all Méiglechkeeten seng „Wäerter“ a virun allem Pseudo-Wäerter ze vermëttelen, zum Beispill d’Gender-Theorie.

A Frankräich hu mir an denen leschte Méint gesinn, datt sech e Mouvement gegrënnt huet den aus Protest virun der Indoktinatioun vun de Kanner mat der Gender-Theorie an der Mëssuechtung vun de Rechter vun den Elteren bei der Sexualerzéiung vun hire Kanner  zu enger „Journée de retrait de l’école“ oprifft.

http://www.jre2014.fr/

An Däitschland gëtt et och lo sou eng Bewegung

http://www.besorgte-eltern.net/

Hire Flyer schwätzt eng däitlech Sprooch:

http://www.besorgte-eltern.net/pdf/Besorgte-Eltern_Bundesweit_01.pdf

Ech freeë mech natierlech iwwer sou Mouvementer déi weisen, datt ët nach – a Gottseidank ëmmer méi – Leit mat Courage ginn déi sech géint déi lenk Meenungsdiktatur wieren. Och hei am Land kann et sinn, datt, wann et sou virugeet, mir geschwënn an eng Situatioun kommen, wou mir ons Kanner net méi kënnen enger ëffentlecher Schoul uvertrauen.

Heiansdo gëtt vun dene lénke Parteien ganz plomp an oppen operéiert wann et drëm geet d’Kanner ze endoctrinéieren, heiansdo och méi subtil.

Als Beispill wéi  op méi eng subtil Manéier probéiert gëtt fir scho ganz kléng Kanner mat der Genderideologie ze indoctrinéieren an d’Roll an d’Referenz vun den Elteren an der Erzéiung ze verdrängen,  ass hei e klengt Beispill vun enger franséicher Ausstellung. Fir t’éicht, weisen ech hei déi „offiziell“ Präsentatioun, an dono déi kommentéiert Version vu Vigigender – enger Associatioun déi sech géint déi Gender-Ideologie wiert.

Hei ass déi „offiziell“ Versioun:

An hei ass déi kommentéiert Versioun vun dësem Film:

Déi lénk politesch Parteien hunn e kloert Zil: d’Decompositioun vun der Famill als Grondsteen vun der Gesellschaft, d’Kollektiviéierung vun der Kannererzéiung an d’Endoctrinatioun vun de Kanner fir si zu atomiséierten an austauschbaren Elementer an enger grousser Mass ze maachen . Alles wat en Individuum ausmecht, bis hin zu der sexueller Identitéit, soll verwëscht ginn. Bildung ass komplett onerwënscht, economesch ausnotzbar „Kompetenzen“ sollen an d’Plaatz gesat ginn.

Dorop gëtt et nëmmen eng Aentwert: konservativ ginn!

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Eng Fro déi denen Hären Bettel an di Bartolomeo net gefällt

Aus aktuellem Ulass an aus Grënn vun Transparenz publizéieren ech hei den Text vun enger QP zum Thema Sexualerzéiung an de Schoulen, déi dem Här Chamberpresident net gefall huet. Hien hat mech extra gefrot ob ech déi wéilt sou formuléiert loossen, wat ech selbstverständlech wollt.  

http://www.chd.lu/wps/portal/public/!ut/p/b1/04_SjzQ0NDI0NDE0MbXUj9CPykssy0xPLMnMz0vMAfGjzOJdjFzCgjxNjAzczQNNDIy8XL3MQ4P9jC3cjYEKIoEKjCwsgoPcHX1dLS1DnQw8DZwNg10DnYwMPI2I02-AAzgaENLv55Gfm6qfG5XjZuGoqAgAETFZfw!!/dl4/d5/L0lDU0lKSWdrbUEhIS9JRFJBQUlpQ2dBek15cXchLzRKQ2lEb01OdEJqdEJIZmxDRUEhL1o3X0QyRFZSSTQyMEdWTTEwMkJJM1FKUDkzOEUxLzA!/?PC_Z7_D2DVRI420GVM102BI3QJP938E1019404_action=doQuestpaDetails&id=12258&filter_action=doQuestpaDetails&PC_Z7_D2DVRI420GVM102BI3QJP938E1019404_displayLink=true&PC_Z7_D2DVRI420GVM102BI3QJP938E1019404_numPage=1&PC_Z7_D2DVRI420GVM102BI3QJP938E1019404_positionInHistory=&PC_Z7_D2DVRI420GVM102BI3QJP938E1019404_display=7&PC_Z7_D2DVRI420GVM102BI3QJP938E1019404_EtatQuestion=D%C3%A9pos%C3%A9e&PC_Z7_D2DVRI420GVM102BI3QJP938E1019404_AuteurQuestion=ALL&PC_Z7_D2DVRI420GVM102BI3QJP938E1019404_DestinataireQuestion=ALL&PC_Z7_D2DVRI420GVM102BI3QJP938E1019404_TypesDeTri=DateDepot&PC_Z7_D2DVRI420GVM102BI3QJP938E1019404_SortOrder=DESC&PC_Z7_D2DVRI420GVM102BI3QJP938E1019404_numPageTop=1&PC_Z7_D2DVRI420GVM102BI3QJP938E1019404_numPageBottom=1

An der Chamber huet och den Här Staatsminister Bettel mech ugegraff well ech d’Homosexualitéit an där Fro als „Phänomen“ bezeechent hunn. „Phänomen“ heescht „Erscheinungsform“, an dësem Fall vun der Sexualitéit, an ass keng Wäertung. Och d’Heterosexualitéit ass am wëssenschaftleche Sënn e Phänomen. Hei eng kleng Bildungsnohëllef fir eis Gambisten:

http://de.wikipedia.org/wiki/Ph%C3%A4nomen

Souguer an där ëmgangssproochlecher Bedeitungsvariant vun „Ausnahmeerscheinung“ wär et nach ëmmer richteg, d’Homosexualitéit als Phänomen ze bezeechnen, well geschat ongeféier 2% vun de Leit homosexuell sinn, also éichter d’Ausnam wéi d’Regel duerstellen. Och déi ëmgangssproochlech Wuertinterpretatioun léisst per se nach keng Wäertung vun där Form vu Sexualitéit zou.

Am Ausland goufen och scho Kanner aktiv dozou encouragéiert fir homosexuell Praktiken auszeprobéieren. Dat ass awer eppes ganz aanecht wéi d’Homosexualitéit vu Kanner oder Jonken ze akzeptéieren oder ze toleréieren. Mat Recht hunn Elteren géint sou Tentative protestéiert. Meng parlamentaresch Fro zilt dorop of fir ze wëssen, ob sou eppes och soll zu Lëtzebuerg gemaach ginn. Amplaatz d’Fro ze bekämpfen, soll d’Regierung se korrekt, komplett éierlech an héiflech beäntwerten! Dat ass hir Aufgab an hir Flicht. Och a virun allem dem Här Bettel seng.

Et ass dat selbstverständlecht Recht vun engem Deputéierten dorop opzepassen, wat hei am Land an der ëffentlecher Schoul an der Sexualerzéiung soll geschéien a wat d’Rechter vun den Eltere sinn! 

 Hei sinn e puer Beispiller vun aktuellen Diskussiounen rondrëm dat Thema aus dem Ausland:

http://www.heute.de/nach-hitzlspergers-coming-out-kirchen-in-baden-wuerttemberg-gegen-homosexualitaet-als-thema-im-unterricht-31440122.html

http://www.welt.de/politik/deutschland/article124308090/192-000-Stimmen-gegen-neuen-Sexualkunde-Unterricht.html

http://www.welt.de/politik/deutschland/article115526137/So-schoen-ist-dass-es-schoener-nicht-werden-kann.html

http://www.politnetz.ch/artikel/10951-sexualunterricht-im-kindergarten

http://www.tagesanzeiger.ch/zuerich/region/Sexualunterricht-im-Kindergarten-Massieren-ist-hilfreich/story/19560447

http://www.nzz.ch/aktuell/schweiz/initiative-zu-sexualkundeunterricht-eingereicht-1.18206679

http://terragermania.com/2013/08/20/abgewiesener-rekurs-gegen-sexualkunde-im-kindergarten/

http://www.dijg.de/homosexualitaet/jugendliche/adolezenz-geschlechtliche-identitaet/

 

Veröffentlicht unter Allgemein | 1 Kommentar

Firwat ee KEEN „europäesche Spëtzekandidat“ wiele soll!

Juncker (EVP), Schulz (Sozialisten), Verhofstadt (Liberal),Tsipras (Lénk), Keller (Gréng), Sunde (Piraten), sou heeschen déi sechs Spëtzekandidaten fir d’Europawahlen 2014. Déi europäesch Konservativ, zu denen hei zu Lëtzebuerg just d’ADR gehéiert, hu bewosst KEE Spëtzekandidat ernannt. Firwat?

Déi Iddi vun de Spëtzekandidaten geet op eng „Recommandatioun“ vun der Europäescher Kommissioun vum 12. März 2013 zréck. Mat dem Argument, Europa wëlle méi demokratesch ze maachen, sollten déi europäesch Parteien hir Kandidaten fir d’Presidentschaft vun der EU-Kommissioun nominéieren. Zil vun där Initiativ ass d’Kommissioun ëmmer méi staark géintiwwer de Regierungen vun de Memberstaaten ze maachen fir si als eng Zort vun europäescher Regierung ze profiléieren – wat si awer net ass! D’Iddi vun de Spëtzekandidaten ass also eng direkt Emsetzung vun der Iddi vun engem federalen Europa – zentralistesch vu Bréissel aus regéiert mat ëmmer méi schwaache Memberstaaten.  Dat ass awer just déi Iddi, déi d’ADR absolut net wëll! Mir wëllen en Europa vun de Natiounen a net eent vun enger Bréisseler Kolonialmuecht! Aus dem Grond huet d’ADR – sou wéi déi aner konservativ Parteien – och keen europäesche Spëtzekandidat gewollt. D’ADR vergësst nämlech net datt si ëmmer do ass fir sech konsequent an an éichter Linn fir d’Interessien vun de Lëtzebuerger an dem Lëtzebuerger Land anzesetzen! Och si wëll en Europa, awer eent an dem och onst Land sech nach rëmfënnt!

Et gëtt an Europa kee Staatsvollék an et gëtt keng europäesch Natioun. D’Kommissioun ass ëmmer nëmmen eng Verwaltung am Déngscht vun de Memberstaaten, där hire Chef vun de Staats- a Regierungscheffen ernannt gëtt. Sou steet et am Traité mat där klorer Intentioun fir de Chef vun der Kommissioun ënnert den europäesche Rot ze setzen an  net gläichberechtegt niewent hien. A sou gesäit et och d’ADR.

Dovun ofgesinn ass NET EEN vun den europäesche „Spëtzekandidaten“ e Kandidat zu Lëtzebuerg, mol net den Här Juncker. D’ADR presentéiert dogéint NEMME Leit déi sech och hei am Land dem Wieler stellen – dat ass hiert Versteesdemech vun Demokratie: wierklech Kandidaten op richtege Lëschten a keng europäesch Spëtzephantomen déi mol kee Mandat vum lëtzebuerger Wieler froen.

Hei ass e klenge Film vun denen europäesche Konservativen, den déi Argumentatioun vun denen europäesche Konservativen géint Spëtzekandidaten nach eemol gutt illustréiert:

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar