Dem „Charel“ säi Wahlprogramm: d’DP am Kloertext

Et lount sech dach ëmmer de Parteien hire Wahlprogramm ze liesen. Der DP hire Programm schéngt zwar just aus „dem Charel“ a senger Foto ze bestoen, mä och den Här Goerens vertrëtt net nëmme sech selwer mä e Programm. An den ass fir onst Land alles anecht wéi ongeféierlech. 

Den DP-Wahlprogramm ass zwar u sech grujeleg eidel wann et em Inhalter geet. E besteet haaptsächlech aus Constaten an Huelfloskelen. Am groussen a ganzen schwëmmt d’DP brav, einfach an ouni Profil mat um Wee vum Federalismus.  (http://www.dp.lu/)

Trotzdem sinn och an dem Programm e puer besonnech liesenswäert Passagen ze fannen. Hei ass e klenge Poptpourri:

Fir d’DP mussen d’Memberstaaten Kompetenzen am Sozialberäich un d’EU ofginn. Fir d’ADR brauch ee keng weider Kompetenzoftriedungen fir Mindeststandarden am Sozialberäich ze erreechen. Sozialkompetenzen un d’EU oftrieden ka souguer ganz geféierlech ginn, zum Beispill fir eise Pensiounssystem.

  DP: „Sozialpolitische Maßnahmen werden fast ausschließlich auf nationalstaatlicher Ebene geregelt. Wenn wir den Begriff des europäischen Sozialmodells ernst nehmen wollen, muss die Europäische Union in Zukunft Impulse geben, um diesem Anspruch gerecht zu werden. Dazu müssen die Nationalstaaten jedoch bereit sein, Kompetenzen in diesem Bereich an die Europäische Union abzugeben, um gemeinsame Mindeststandards auszuarbeiten.“

D’DP ass géint all Aféierung vu Grenzkontrollen. D’ADR ass dogéint och fir oppe Grenzen, gläichzäiteg awer och fir begrenzt a cibléiert Grenzkontrollen wa néideg, zum Beispill fir Asylmëssbrauch a grenziwwerschreidend Kriminalitéit ze bekämpfen. D’ADR ass fir oppe Grenzen awer nëmme fir déi éierlech Leit!  

DP: „Die DP lehnt eine Einschränkung dieses europäischen Grundrechts strikt ab. Im Juni 2013 hat das EU-Parlament beschlossen, dass EU-Mitgliedstaaten unter bestimmten Umständen wieder Kontrollen an den innereuropäischen Grenzen durchführen können. Die DP hat diesem Beschluss nicht zugestimmt, da wir der Ansicht sind, dass Grenzkontrollen im Schengen-Raum nur dann wiedereingeführt werden dürfen, wenn aus gesamteuropäischer Sicht ausreichende Gründe hierfür vorliegen.“

 D’DP hätt gär EU-Kompetenzen fir de Schutz vu „Minoritéiten“. Wat dat fir eis Land géng heeschen, soll d’DP eis w.e.g. dach mol erklären! D’ADR hällt sech dogéint un den „Droit international public“, dee sech op de Schutz vun de Rechter vu PERSOUNE bezitt déi zu Minoritéite gehéieren, repektiv op d’Rechter vu „nationale Minoritéite“, där et awer zu Lëtzebuerg keng gëtt.

DP:“Beim Schutz von Minderheiten dürfen nach Ansicht der DP keine Kompromisse eingegangen werden. In diesem Sinne treten wir dafür ein, dass innerhalb der EU-Kommission verbindliche Verantwortlichkeiten für die Angelegenheiten von Minderheiten geschaffen werden, die dafür Sorge tragen, dass die Rechte von Minderheiten in den einzelnen Mitgliedstaaten gewahrt und durchgesetzt werden.“

D’DP trëtt fir eng deelweis Europäiséierung vun de Scholden vun de Memberstaaten an. Dat ass awer explizit géint déi europäesch Traitéën! D’ADR ass kosequenterweis dogéint a schwätzt sech strikt géint eng Scholdenunioun aus! D’ADR besteet drop, datt all Land muss seng eege Scholde bezuelen.  D’Prtopositiounen vun der DP géngen op dat Allermannst bedeiten, datt d’Zënslaascht fir Lëtzebuerg staark geng klammen.  

DP: „Die DP setzt sich für die Schaffung eines Schuldentilgungsfonds ein. In diesem Fonds werden die Schulden, die 60 Prozent des Bruttoinlandproduktes überschreiten, zusammengeführt. Parallel dazu wird die Aufnahme von neuen Schulden begrenzt. Für die Tilgung ihrer Schulden bleiben die jeweiligen Länder selber verantwortlich. Sie verpflichten sich außerdem dazu, ihre Altschulden innerhalb eines gewissen Zeitrahmens abzutragen. Um eine Senkung der Zinslast, vor allem für die betroffenen Krisenstaaten zu erreichen, haften alle Länder, deren Schulden im Fonds zusammengeführt werden, gemeinsam.“

D’DP trëtt fir eng méi staark Verdeelung vun de Flüchtlingen an Europa an. Wat si genee domat mengt, muss jiddefalls erkläert ginn. D’ADR steet jiddefalls zum Dublin III-Ofkommes a schwätzt sech géint all Asyltourismus aus.  

DP: „Die DP setzt sich dafür ein, dass die Mitgliedstaaten ihre jeweiligen Flüchtlingspolitiken überdenken. In einer zweiten Etappe soll dann das sogenannte Dublin III-Abkommen überarbeitet werden. Die ungleichmäßige Belastung einzelner Mitgliedstaaten kann nicht länger hingenommen werden. Die Aufnahme von Flüchtlingen muss besser geregelt werden (z.B. anhand der Bevölkerungsgröße eines Landes) und ein finanzieller Ausgleich für aufnehmende Mitgliedstaaten eingeführt werden.“

D’DP ass fir eng „europäesch Wirtschaftsregierung“ fir d’Eurozon, also fir eng weider Entmuechtung vun de Memberstaaten. Lëtzebuerg kéint also praktesch keng eege Wirtschaftspolitik méi maachen, an d’EU-Kommissioun wär an dem Beräich just géintiwwer dem Europäesche Parlament verantwortlech. D’ADR ass do dogéint a verlaangt, datt d’Memberstaaten hir Kompetenzen an dem Beräich behalen.  Dat verhënnert jo net eng fräiwëlleg Koordinéierung do wou se néideg a sënnvoll ass.

DP: „Als weitere Maßnahme spricht sich die DP für die Einführung einer gemeinsamen Wirtschaftsregierung für die Eurozone aus, die sich dem Europäischen Parlament gegenüber verantworten muss. Da ein solcher Schritt kurzfristig nicht in die Tat umzusetzen ist, könnten während einer Übergangsphase die für Wirtschaft und Finanzen zuständigen Kommissare die Aufgaben einer Wirtschaftsregierung übernehmen.In einem weiteren Schritt müssen die Mitgliedsstaaten sich darauf einigen, welche haushalts- und wirtschaftspolitische Angelegenheiten europäisch entschieden werden sollen.“ 

 

An enger Kris vun Oeko-Fanatismus, wëll d’DP lo en internationale Griichtshaff fir Emwelt- a Gesondheetsverbriechen ariichten. Vläicht fir Leit déi géint déi méi wéi zweifelhafte Klimahysterie sinn  (CO2-Ausstouss, etc…) zu Prisongsstroofen ze veruerteelen? Oder Leit déi fëmmen? Vläicht kéint een der DP roden, mol mat denen zwee Féiss um Buedem ze bleiwen!

DP: „Um ein Zeichen in Sachen Umweltschutz zu setzen, spricht sich die DP für die Schaffung eines Europäischen Strafgerichts bzw. eines Internationalen Strafgerichtshofs für Umwelt- und Gesundheitsfragen aus. Das Europäische Umweltstrafgericht sollte an den Europäischen Gerichtshof angegliedert werden, während die Kompetenzen des bereits existierenden Internationalen Strafgerichtshofs auf Umwelt- und Gesundheitsfragen ausgeweitet würden. Dem Schutz der Umwelt und der Lebewesen würde dadurch ein verfassungsähnlicher Charakter zukommen und es stünde endlich ein dringend notwendiges juristisches Instrument zur Verfügung, mit dem Umweltsünden abschreckend, verhältnismäßig und effektiv geahndet werden könnten.“

An dat Ganzt wëll d’DP dann an enger Konferenz duerchsetzen, déi net vun de Regierungen  geleet gëtt (also keng „Conférence inter-gouvernementale“ wéi se awer fir d’Negociatioun vun engem internationalen Traité onverzichtbar ass!), mä haaptsächlech vum Europäesche Parlament (wou awer nëmme 6 Lëtzebuerger sëtzen!!). An da soll iwwer d’Resultat europawäit ofgestëmmt ginn, dat heescht och wann eng Majoritéit vun de Lëtzebuerger géint den Traité wär, da geng en awer a Kraaft trieden. An dat vun enger Partei, déi sech „demokratesch“ nennt! Wéi e Vollék wëll si dann eigentlech vertrieden? Dat lëtzebuergescht jo offensichtlech net!    

DP: „Die DP tritt für die Einberufung eines demokratisch legitimierten Konvents ein. Dieser Konvent sollte vom Europäischen Parlament, unter Einbeziehung der Sozialpartner, der Zivilgesellschaft sowie der Vertreter der nationalen Parlamente, geleitet werden. Das grundsätzliche Ziel des Konvents soll in einer Überarbeitung der Europäischen Verträge und einer Vereinfachung und Demokratisierung ihrer Verfahren bestehen.Um diesen Text zu legitimieren sollte eine Mehrheit der europäischen Bürger diesen Vertrag gutheißen. Die gleiche Frage sollte demnach allen EU-Bürgern gestellt werden, die sich in einem EU-weiten Wahlgang an ein und demselben Tag darüber äußern sollen.“

Fazit: besser net de Charel a seng DP wielen, wann een nach zu Lëtzebuerg steet!

 

Veröffentlicht unter Allgemein | 2 Kommentare

D’Fräiheet vun der Ried gëtt ënnerdréckt

Ech wor richteg geschockt wou ech an der englescher Press iwwer dem Här Paul Weston seng Verhaftung gelies hunn. Den Här Weston huet zwar eng – a mengen An vollkommen onnéideg Provokatioun – gemaach, mee och dat gehéiert zum Mënscherecht an zum verfassungsméissege Grondsaz vun der fräier Ried.

Den Här Weston hat ëffentlech en islamkritesche Passage aus engem Buch vum Winston Churchill virgelies a gouf dowéinst verhaft.

Mir geroden ëmmer méi an e Staat an dem all kritesch Bemierkung verbueden a verfollegt gëtt – zëmools wann et em kulturell, reliéis, national oder ethesch Froe geet. Wéi gesot, ech si vum Här Weston senger Actioun net iwwerzeegt – mä seng Fräiheet vun der fräier Ried ass awer och meng a jidderéngem seng!

http://www.dailymail.co.uk/news/article-2614834/Arrested-quoting-Winston-Churchill-European-election-candidate-accused-religious-racial-harassment-repeats-wartime-prime-ministers-words-Islam-campaign-speech.html

http://www.bbc.com/news/uk-england-hampshire-27186573

Virun allem d’EU wëll déi Gesetzer géint déi fräi Ried nach verschäerfen. Mir mussen déi diktatoresch Tendenze stoppen – esou séier wéi méiglech!

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Wéi eecht ass dem Här Hoffmann seng Kandidatur bei den Europawalen?

Et hat mech éierlech gesot iwwerrascht wou ech gesinn hunn, datt den Här André Hoffmann nach eemol seng Kandidatur bei den Europawahlen gestallt huet. Ech hat hien an Erënnerung als en Här den sech aus Altersgrënn aus der Politik zréck gezunn hat. 

An der Chamber sot hien a sénger Abschiedsried „et wär un der Zäit fir opzehalen, fir méi jonke leit Plaatz ze maachen a fir sech selwer och Zäit ze huelen fir aner Beschäftegungen an eng aner Liewensgestaltung“ (um Video vun 1h 42 min un). 

http://visilux.chd.lu/ArchivePage/video/805/sequence/28271.html

Den Här Hoffmann ass den eenzegen Politiker vun Déi Lénk den bis elo iwwer séng Partei eraus Unerkennung fonnt huet – och bei mir. Him traut een zou méi wäit ze denken an och an enger Diskussioun méi fundéiert Standpunkter ze vertrieden wéi déi gewéinlech, ofgedroschen, kommunistesch Huelphrasen vu senge Parteikomeroden.   

An dem Sënn begréissen ech säi Comeback – just ech gleewe net drunn. Ech hunn de Verdacht als géng den Här Hoffmann just nëmme mat goen fir Stëmmen ze fänken.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Kënnen d’Auslänner bei de Referendumen mat ofstëmmen?

Am Regierungsrot vun dem leschte Freideg gouf ënner anerem eng Ofännerung vun engem groussherzogleche Regelement iwwer d’Referendumen festgehal:

http://www.gouvernement.lu/3673077/25-conseil

Le Conseil a adopté le projet de règlement grand-ducal portant modification du règlement grand-ducal du 18 octobre 1989 organisant les modalités du référendum prévu par l’article 35 de la loi communale modifiée du 13 décembre 1988. L’objectif du projet est de mettre le texte actuel du règlement grand-ducal du 18 octobre 1989 en accord avec la loi électorale communale. En effet, cette dernière a déjà ouvert le droit de vote aux élections communales aux ressortissants d’un autre État membre de l’UE ou à tout autre ressortissant étranger à condition d’être domicilié au Grand-Duché et d’y avoir résidé pendant cinq années au moins (moyennant une autorisation de séjour, des papiers de légitimation ou d’un visa). De l’autre côté, le texte actuel du règlement grand-ducal du 18 octobre 1989 sur les référendums communaux fait toujours référence aux „Luxembourgeois qui possèdent la qualité d’électeurs.“

Wann een dat liest, dann denkt een a priori dat geng sech op déi kommunal Referendume bezéien. De „L’essentiel“ op der Säit 3 schreift awer haut, domat kéinten d’Auslänner bei denen Referendumen matstëmmen, déi de Leit „2016“ solle gestallt ginn. Wann dat sollt stëmmen, wéilt Gambia also d’Auslänner mat iwwer Sujeten ofstëmme loossen, déi déi lëtzebuergesch Constitutioun betreffen! Dee Punkt muss onbedéngt kloer gestallt ginn.

Veröffentlicht unter Allgemein | 1 Kommentar

Der LSAP hire Wahlprogramm géint d’Finanzplaz

Den „SPE-Manifest – Für ein neues Europa“, den den 1. März 2014 zu Roum ugeholl gouf, bënnt och déi lëtzebuergesch LSAP am Europawahlkampf.

http://d3n8a8pro7vhmx.cloudfront.net/partyofeuropeansocialists/pages/1/attachments/original/1397230936/110001306_PES_Manifesto_DE_150dpi.pdf?1397230936

Dowéinst ass et interessant doran ze lisen, wat d’Sozialisten op europäeschem Niveau wëllen duerchdrécken, z.B. eng Finanztransaktiounssteier déi NET muss weltwäit ageféiert ginn. Och gëtt et eng verklausuléiert Formuléierung aus där een och ouni grouss Fantasie eng Aféierung vun enger Scholdenunioun a Form vun Eurobonds kann eraus liesen. Och eng weider Harmoniséierung vun der Budget- a Steierpolitik gëtt uegestrieft.

Hei sinn e puer Extraiten:

Es hat sich gezeigt, wie wichtig es ist, dass im Euroraum Verantwortung und Rechte gemeinsam übernommen werden. Wir werden Defizite auf nachhaltige und gerechte Art und Weise abbauen und die Staatsschulden in Europa mit neuen Instrumenten bewältigen. Wir möchten eine echte Koordinierung der Wirtschafts- und Fiskalpolitik im Euroraum einführen.“ 

 Wir werden die Boni von Bankern nach oben begrenzen und die Einführung der Finanztransaktionssteuer beschleunigen, die wir schon seit Jahren als gerechten Beitrag des Finanzsektors zur Gesellschaft einfordern.“

Unsere Hauptziele sind die Halbierung der Steuerhinterziehung bis 2020 und die Bekämpfung von Steueroasen. Darüber hinaus werden wir Steuervorschriften voranbringen, welche die Transparenz fördern und Steuerflucht verhindern“.

Et däerf ee gespaant sinn, wéi d’LSAP sech déi konkret Emsetzung vun denen Ziler an hir Auswierkungen op déi lëtzebuergesch Economie viirstellt.

Den CDU-Generalsekretär Peter Tauber seet den 28. Abrëll am Wort iwwer den EVP-„Spëtzekandidat“ : „Damit unterscheidet er sich signifikant von den Sozialisten und Sozialdemokraten, die Eurobonds als sofortiges Mittel zur Beilegung der Krise auf ihre Fahnen geschrieben haben.“  

D’LSAP, déi och hei am Parlament ëmmer fir Eurobonds agetruden ass schëllegt ons e puer Erklärungen.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Déi nei Kriminalstatistik fir d’ASTI

Wëll d’ASTI jo sou gär vu Rassismus achwätzt, wann een déi Tatsaach vun där héiger Auslännerkriminalitéit  uschwätzt, publizéieren ech  op dëser Plaz déi neitste Kriminalitéitsstatistik vun der Police.

http://www.police.public.lu/actualites/statistique/rapport_stat_2013/rapport-statistique-2013.pdf

Op der Säit 16 vun dem Dokument steet déi betreffend Statistik iwwer d’Täter:

Infactions contre les biens: Lëtzebuerger: 32,1% Auslänner 63,6% Nët uginn: 4,3%

Infractions contre les personnes: L 42,8%, A 56,4% N.u. 0,9%

Veröffentlicht unter Allgemein | 1 Kommentar

Muss een d’Geschäftsleit virun der Chambre de Commerce retten?

D’Chambre de Commerce huet an der Lescht villes erzielt wat fir eng Vertriedung vun der Geschäftswelt méi wéi aussergewéinlech schéngt: si huet Schoulreformen ënnerstëtzt déi de Bildungsniveau vun eise jonke Leit erof drécken, si huet sech géint d’Mammerent ausgeschwat a si wor eng dreiwend Kraaft bei der Revendicatioun fir d’Aféierung vun engem Auslännerwahlrecht.

Dat ass net nëmmen an der breeder Effentlechkeet net ëmmer gutt ukomm, mee och vill Geschäftsleit froen sech ob déi Organisatioun hir Interessien a Meenungeen eigentlech nach vertrëtt? Vill Leit am private Secteur si Patrioten déi keen Auslännerwahlrecht wëllen, vill vun hinnen si familljenorientéiert an hätte gär eng Unerkennung fir d’Aarbecht vun hire Mammen a Fraen an déi allermeescht vun hinnen wären och frou wann hir Kanner an der Schoul nach eppes anecht ausser kompenséieren génge léieren.

Lo muss een awer wëssen, datt och si gezwonge sinn an der Chambre de Commerce Member ze sinn an ze cotiséieren, well sou wëll et d‘Gesetz vum 4. Abrëll 1924 iwwer d’Beruffskummeren. Déi obligatorech Cotisatiounen sinn dem Gefill vu ville Geschäftsleit no och zimlech héig.

Zwou Froe mussen also erlaabt sinn:

–          Passt sou eng korporatistesch Zwangsmemberschaft nach an eis modern Gesellschaft?

–          Ass et moralech vertrietbar, datt vill kléng Geschäftsleit gezwongen sinn ze erdroen, datt hir Beruffsorganisatioun onpatriotesch a familljefeindlech politesch Fuerderungen vum lénke Bord vertrëtt?

Hiren Direkter gouf zwar mat engem Ministerposte belount, mee dovunn hunn déi normal lëtzebuerger Geschäftsleit jo absolut näicht.

Prinzipiell ass d‘Zwangsmemberschaft an Associatiounen iwwregens net nëme politesch mee och juristesch zweifelhaft, wéi besonnesch d’Diskussiounen ëm d’Reform vun der Juegd et gewisen haten.

Et wär also secher richteg eemol doriwwer nozedenken, ob d’Chambre de Commerce net eng nei gesetzlech Basis kréie misst, ouni all Zwangsmemberschaft. Da wär och méi kloer, wem seng Interessien si eigentlech nach vertrëtt. All déi aner Leit déi anecht denken a nach fir eist Land an eis Familljen wëllen astoen, kéinten dann hiren eegene Beruffsverband grënnen. Dat selwecht gëllt natierlech prinzipiell och fir all déi aner Beruffskummeren, mee keng vun hinnen wor awer a leschter Zäit sou militant géint eist Land opgetrueden wéi d’Chambre de Commerce.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Bei den Europawahlen konservativ wielen!

Déi britesch Konservativ – der ADR hir wichtegst Partner an der Allianz vun den Europäesche Konservervativen (AECR)  – hunn e  klore Plang fir Europa:  si wëlle méi Kompetenzen fir d’Memberstaaten a manner Kompetenzen fir Bréissel – och z.B. am Beräich vun der Justiz. Dëss Grondastellung entsprecht och der Astellung vun der ADR: manner Kompetenzen fir Europa an dofir nees méi Lëtzebuerg.

Den David Cameron versprëcht de Briten e Referendum iwwer d’EU-Memberschaft vu sengem Land – an anecht wéi déi lëtzebuerger Gambisten halen déi Konservativ hir Verspriechen och.  Hei ënnerscheeden sech awer d’Positiounen vun der ADR vun denen vun hire britesche Partner, well Lëtzebuerg ouni Bannemaart a Währungsunioun economesch net iwwerliewe kann. Dowéinst steet d’ADR zu enger lëtzebuerger Memberschaft an enger Europäescher Unioun – awer an enger Unioun vun de Memberstaaten a net an enger vun engem federalen, zentralisteschen Système.

Veröffentlicht unter Allgemein | Hinterlasse einen Kommentar

Auslännerwahlrecht: d’CSV steet op där falscher Säit!

D’CSV-Fraktioun huet haut dozou bäigedroen, datt d‘Gambisten hir intern Problemer a Streidereien konnte provisoresch ëmschëffen. Dat ass schued, wëll d’CSV  däerft jo eigentlech net d’Roll vun där fënnefter Koalitiounspartei spillen, mä si soll endlech an d’Roll  vun enger Oppositiounspartei era wuessen.  Ech schreiwen déi „fënneft“ Koalitiounspartei, well déi Lénk jo, wann et drop ukënnt, och schon trei a stramm op der Säit vun de Gambiste stinn. D’Koalitioun huet eigentlech 34 Stëmmen an der Chamber, an net nëmmen 32.

Wat mech awer nach méi stéiert ass d‘Argumentatioun vun der CSV géint de Referendum. Ass si sech bewosst, datt hir pseudo-staatsmännesch Rhetorik iwwer de „sozialen Zësummenhalt“ a géint „potentiell gesellschaftsspaltend Elementer bei engem Referendum“ näicht aanecht ass wéi Arroganz a Paternalismus géintiwwer dem Souverän, dem lëtzebuerger Vollék?

Mat hirer Attitüd schaaft d‘CSV d’Demokratie de facto of a plädéiert fir e Parteiestaat. Sinn d’Leit an hiren An ze domm fir eng Meenung iwwer wichteg gesellschaftspolitesch Froen ze hunn oder vläicht net zeideg genuch fir ze decidéieren?  Sinn d’Wieler der CSV just gutt genuch fir hirer Leit an d’Chamber ze wielen, wou si et awer zu 23 bis elo leider nach net fäerdeg bruecht hunn fir sech vun de Gambisten kloer ze ënnerscheeden?

D’CSV-de facto-Ennerstëtzung fir d’Koalitioun brengt mech nach och op eng aner Fro: sinn d’Parteien an der Chamber a ville Froen iwwerhaapt nach repräsentativ fir dat Vollék , dat si solle vertrieden? Ech mengen dat all Dag manner! Ech sinn iwwerzeegt, datt vill Leit géint d’Auslännerwalrecht oder och géint d’Homo-Bestietnis sinn, mä datt déi meeschte Parteien – ausser der ADR – all déi Froen wëlle laanscht d’Vollék a souguer géint d’Vollék duerchsetzen. D‘CSV mëcht dat scho joerelaang sou an der Europapolitik. D’Resultat ass, datt d’Leit hiert Vertrauen an d’Politik ëmmer méi verléieren.

D’CSV huet ëmmer nees vu partizipativer Demokratie geschwat mee haut huet si op e Neits gewisen, datt si a Wierklechkeet keng wëll! All etheschen oder besonnesch wichtegen Dossier ass potentiell „gesellschaftsspaltend“: dat gëllt net nëmmen fir d’Auslännerwalrecht, mä och zum Beispill fir d’Ofdreiwung, d’Euthanasie, a sou virun. Souguer Dossieren wéi d’Atomenergie, den obligatoresche Militärdengscht oder den Index si potentiell „gesellschaftsspaltend“. Mee  kann de Fait , datt et nun eemol  grondveschidde Meenungen an der Gesellschaft ginn, jemools en Argument sinn fir eng Diskussioun wëllen ze erstécken? Mat dem do Argument gëtt et, wann iwwerhaapt, nëmme nach e Referendum doriwwer ob am Stater Park sollen Tulpen oder Rouse geplanzt ginn. Natierlech och nëmmen, wann d’CSV an d’Gambisten  de Leit sou wichteg Decisiounen iwwerhaapt nach zoutrauen

Mat wéi engem Recht wëllt d‘CSV lo, nodem d’Leit e Referendum am Regierungsprogramm versprach kruuten, nach doriwwer an der Institutiounskommissioun mat de Gambiste verhandelen? Eng Verhandlung iwwer e Wee laanscht e Referendum, e Kouhandel iwwer eng Entmündegung vum Bierger ?

D’CSV proposéiert der Koalitioun zwee Weeër fir e Kompromëss géint e Referendum: d’Bradéieren vun der lëtzebuerger Nationalitéit an déi selwecht politesch Rechter fir all EU-Bierger. Dat éicht ass verantwortungslos wëll domadder d’Integratioun nach weider geschwächt gëtt an dat zweet geet nëmmen an engem Federalstaat. An de facto si mir ganz wäit vu sou engem wech. Europa kritt a Wierklechkeet ëmmer méi Rësser an et wär gutt, well verantwortungsvoll, wa mir am Interessi vum Land eng Europapolitik mat méi Realismus génge maachen.

Veröffentlicht unter Allgemein | 4 Kommentare

D’Mënscherechtsorganisatiounen zu Lëtzebuerg

Haut de Moien hunn ech de Rapport vum « Centre pour l’égalité de traitement » (CET) fir 2013 gelies a  kann alt nees net ophalen mat mech wonneren. Schonn e puer mol hunn ech op dësem Blog verschidde vun eise Mënscherechtsorganisatiounen kritiséiert, eisen Ombudsman, d’Madame Err, den ORK, den CET an, wéi ech mengen, all Kéiers mat gudde Grënn.

Vläicht sollt ech fir unzefänken e puer méi allgemeng Kommentare maachen. Den éichten ass, datt ech den Androck hunn, datt mir däitlech zëvill Institutiounen an dem Mënscherechtsberäich hunn: e Ministère pour l’égalité des chances, en OLAI, en ORK, en Ombudman, eng CCDH, e CET a Gott wees wen oder wat nach, dat ass därs Gudden ë bëssche vill. Mir sollten dat Ganzt mol „streamlinen“, zësummefaassen, retionaliséieren an enger eenzeger KONSULTATIVER Struktur.

Déi Struktur soll qualifizéiert, ponderéiert, couragéiert an intelligent Mataarbechter hunn Mäin Androck ass awer, wann ech déi verschidde Rapporte liesen oder verschiddenen vun dene Leit nolauschteren, datt mir en dramateschen Qualitéitsdefizit an eise Mënscherechtsstrukturen hunn. Mir hunn zwar méi wéi genuch Ideologen, Feministinnen, naïv Guttmënschen, a Leit vu lénks bis extrem lénks mä wou sinn hautzudaags nach déi grouss Philosophen a Rechtswëssenschaftler? Wou ass eis Intelligentsia? Wou sinn haut déi Leit déi eis Mënscherechtskultur geformt hunn an si och nach géint dee lénken Totalitarismus wéilte verdeedegen??

Leider ass et denen lénke Kreeser gelongen, déi verschidde Gremien bal ganz mat hire Leit ze besetzen. Mënscherechtspolitik gëtt haut mëssbraucht fir déi lénk politesch Agenda ze promouvéieren. Déi national Ethik-Kommissioun ass vläicht nach eng lescht Ausnam an dem Sënn, datt si – wahrscheinlech och wéinst hirer net-politescher Zësummesetzung –nach dacks richteg intelligent a sachorientéiert Qualitéitsaarbecht leescht. Dowéinst huet d’Lëtzebuerger Land dë leschte Freideg déi Kommissioun jo och massiv kritiséiert: „Offenbar haben jene Stimmen Recht,die bemängeln, die Kommission sei vor allem ein U-Boot konservativer Kräfte“. Wat net fest a lénker Hand ass ass eben net méi erwënscht.

Eiser Gesellschaft feelt den Zivilcourage. Wen haut Fräiheet wëll, muss sech dacks och géint eis sougenannte „Mënscherechtsorganisatiounen“ wieren, déi selwer ëmmer méi liberticide optrieden. Amplaatz Mënscherechter ze verdeedegen, ginn si selwer ëmmer méi zur Gefor. Amplaatz, datt mir hir Rapporten einfach akzeptéieren sollte mir si léiwer mol kritesch hannerfroen.  Si mir eis bewosst datt eis Mënscherechtsorganisatiounen ëmmer méi zur Gedankepolizei ginn? Den CET, dem säi Rapport grad viru mir läit, fuerdert zum Beispill  e „pouvoir d’intervention“, e „pouvoir contraignant“ an e « pouvoir d’enquête“. E wëll am Stroofgesetzbuch eng Dispositioun iwwer eng « tentative de discrimination ». An e fantaséiert vun enger Lockerung vum secret médical a vum secret professionnel zu senge Gonschten. Eierlech gesot, ech halen dee Gremium fir geféierlech, massiv desorientéiert an eigentlech och fir iwwerflësseg. Eng Fusioun mat anere Mënscherechtsgruppen an eng nei, präzis a méi limitativ Definitioun vum Mandat wär hei méi wéi sënnvoll.

Dacks komme sou Strukturen an hir oppressiv Basis-Legislatiounen vun europäeschen Direktiven. Ech verstoppe net, datt ech déi geng „samt und sonders“ kënnegen. Fir mech sinn d‘Fräiheet vun der Meenung an déi vun der Ried méi héig Wäerter wéi e Schutz virun enger subjektiver, dacks nëmme verbaler an och vläicht nëmmen imaginärer „Discriminatioun“. D’Ausernaanersetzung mat anere Meenungen, och denen onbequemen oder vläicht net opportunen, gehéiert awer an déi politesch Sphär a net virun obskur Gremien. Op dem CET a seng Aktivitéiten kommen ech secher nach eemol am Détail zréck. Jiddefalls geet dee Gremium  dacks wäit iwwer dat raus wat eng verantwortungsvoll an iwwerluegten Exekutioun vu sengem Mandat nach geng justifiéieren.

Veröffentlicht unter Allgemein | 3 Kommentare